Carlo Borromeo
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Hl. Karolus Borromeus Carlo Borromeo 2. Oktober 1538 – 3. November 1584 |
||||||||
Detailer | ||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
De Carlo Borromeo (* 2. Oktober 1538 bei Arona, † 3. November 1584 zu Mailand) war e Kardinol an Hellege vun der kathoulescher Kierch. E staamt aus dem italieneschen Adelsgeschlecht vu de Borromeo. Nom Hellegen Ambrosius war hien deen zweete grousse Bëschof vu Mailand an eng bedeitend Persoun vun der Géigereformatioun am 16. Joerhonnert.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Säi Liewen
En ass als Jong vum Ghiberto Borromeo, Grof vun Arona, an der Margarita Medici am Schlass vun Arono um Lago Maggiore op d'Welt komm. D'Borromäer waren Offizéier, Banquieren a Politiker an haten sech och an den italieneschen Héichadel abestued. De Carlo Borromeo ass vun der Famill zum Kleriker bestëmmt ginn. Scho mat 12 Joer ass hien als Abt an der Benediktinerabtei zu Arona agesat ginn. D'Famill Borromeo hat en Usproch op déi Positioun, dee och mat engem gudden Akommes verbonne war. Mat 14 Joer huet de Carlo säi Jura-Studium zu Pavia ugefaang, datt e 1559 mat héigen Auszeechnungen ofgeschloss huet.
Dem Carlo säi Monni, den Giovanni Angelo Medici, ass 1559 Poopst ginn. Als Pius IV. huet en säi Neveu op Roum geholl. Mat 21 Joer ass de Carlo Borromeo Geheimsekretaire ginn, duerno Kardinol-Diakon. Am Konzil vun Trient, dat 1561 erem op gemaach gouf, spillt en eng wichteg Roll, en huet och wiesentlech zum Ofschloss vum Konzil bäigedroen.
Nom Doud vu sengem Brudder Federico huet de Carlo sech entschloss Priester ze ginn, an en ass 1563 geweit ginn. Wéineg spéider huet en d'Wei zum Beschof erhalen an ass zum Kardinol an Erzbëschof vu Mailand ernannt ginn, konnt déi Plaz awer eréischt 1565 untrieden. D'Erzbistum huet als erofkomm gegollt an ass vum Carlo Borromeo erem zu engem Diözees déi sech konnt virweise gemaach ginn
De Kardinol war e bescheidene Mann, dee Guddes gedon an asketesch gelieft huet. En hat eng grouss Léift fir Kultur an ass vill duerch säi Bistum gereest. Onermiddlech war hien och a senger Aarbecht an am Gebiet. Seng Bréifer fëllen honnert Bänn an der Ambrosianescher Bibliothéik.Hien huet sech zu engem grousse Reformer vun der kathoulescher Kierch entwéckelt, och andeems en all Bezéiungen a familiär Bindungen genotzt huet fir sech duerchzesetzen. Besonnesch huet en sech fir Disziplin bannent der Kierch an déi reliéis Ënnerweisung vu Kanner agesat.
De Carlo Borromeo huet d'Géigereformatioun, och ënnerstëtzt vun der weltlecher Muecht, an de Kampf géint de Protestantismus gefouert. En huet sech virun allem fir eng moralesch Erneierung vun der réimesch-kathoulescher Kierch agesat. 1579 huet en zu deem Zweck d'Collegium Helveticum gegrënnt. Ënnert dem Borromeo als Inquisitor sin d'Protestanten bis an den Engadin verfollegt ginn.
Fir Priesteren a Laien ze schoulen huet de Carlo Borromeo eng Rei Seminairen an aner Ariichtunge gegrënnt. Seng asketesch Strengt, déi en och vum Uerdensklerus verlaangt huet, an d'Opléise vum Humilitatenuerden hunn ee Mönch dozou bruecht op en ze schéissen.
An de Jore vun der Pescht (1576-78) huet en sech fir eng ëmfangräich Fleeg vun de Kranken agesat, wat e sëlleche Mënschen d'Liewe gerett huet, him awer gesondheetlesch geschuet huet. 1578 huet de Carlo Borromeo dunn den Uerde vun den Oblate vum hellegen Ambrosius gegrënnt, deen aus dëser Aarbecht entstan ass. Schonn zu senge Liefzäiten ass e vun sengen Unhänger glorifizéiert ginn. Wéi keen aneren huet hien den Ideal vum chrëschtleche Kierchefürst verkierpert.
De Carlo Borromeo ass am Alter vu 46 Joer u Féiwer, dat säi geschwächte Kierper nët méi iwwerwanne konnt, gestuerwen. Seng lescht Wierder solle gewiescht sinn: "Här, ech kommen". Säi Verméige soll en den Aarme vermaach hunn. Eng riseg Mënschemeng huet hien zu senger läschter Rou am Mailänner Doum begleed. 1602 ass e séileg a 1610 vum Poopst Paul V. helleg gesprach ginn.
[Änneren] Denkmäler
- Op Initiativ vu sengem Koséng Federico Borromeo ass 1624 a senger Gebuertsstad Arona eng 23m héich Kofferstatu opgeriicht ginn. Bis zum Bau vun der New Yorker Fräiheetsstatu war et déi héchst Statu déi ee begoe konnt.
- Zu Venedeg hat den Andrea del Verrocchio zu Éiere vum Carlo Borromeo e 4m héicht Reiderstandbild geschaf.
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Vatikanarchiv Bréif vum Hl. Carlo Borromeo un d'Legate vum Konzil vun Trient
- Confrèrie vum Hl. Carlo Borromeo