Canon EOS Digital-Fotoapparaten
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den EOS-System vu Canon ass eng Famill vu Spigelreflex-Fotoapparaten a Wiesselobjektiven, déi dobäi passen. (EOS = Electro-Optical System)
Am Joer 1995 gouf déi éischt digital Canon EOS virgestallt.
Fir digital Spigelreflex-Fotoapparate mat méi klenge Bildsensoren, am Verglach mam Klengbildformat huet Canon speziell Objektiver produzéiert.
Well bei deene méi bëllegen digitalen EOS Modellen d' CCD-Chip-Fläch däitlech méi kleng ass wéi d'Negativ vun enger Klengbildformat-Foto (24x36 mm), kënnt et zu engem sougenannte Verlängerungsfaktor (Crop-Faktor): Bei deene selwechten opteschen Eegenschafte vum Objektiv kënnt et zu engem méi klengen Bildausschnett wéi bei engem analogen Apparat mat Klengbildfilm, deen deem vun engem mam Crop-Faktor multiplizéierten Brennwäit entsprécht.
Esou huet zum Beispill d' EOS 300D an deem säi Nofolger EOS 350D e Verlängerungsfaktor vun 1,6. Doduerch huet e 50mm-Objektiv un enger EOS 350D deeselwechte Bildauschnett wéi en 80mm-Objektiv un enger Klengbild-Spigelreflex.
[Änneren] Modeller
- Canon EOS DCS3 - 1,3 Megapixel - Juli 1995
- Canon EOS DCS1 - 6,0 Megapixel - Dezember 1995
- Canon EOS D2000 - 2,0 Megapixel - Juni 1998
- Canon EOS D6000 - 6,0 Megapixel - Dezember 1998
- Canon EOS D30 - 3,0 Megapixel - August 2000
- Canon EOS 1D - 4,0 Megapixel - Februar 2002
- Canon EOS D60 - 6,3 Megapixel - Mäerz 2002
- Canon EOS 1Ds - 11,1 Megapixel - November 2002
- Canon EOS 10D - 6,3 Megapixel - Mäerz 2003
- Canon EOS 300D - 6,3 Megapixel - September 2003
- Canon EOS 1D Mark II - 8,2 Megapixel - Abrëll 2004
- Canon EOS 20D - 8,2 Megapixel - September 2004
- Canon EOS 1Ds Mark II - 16,7 Megapixel - November 2004
- Canon EOS 350D - 8,0 Megapixel - Mäerz 2005
- Canon EOS 5D - 12,7 Megapixel - September 2005
- Canon EOS 20Da - 8,2 Megapixel - September 2005 - speziell ausstafféiert mat Filtere fir Astrofotografie
- Canon EOS 1D Mark IIN - 8,2 Megapixel - Oktober 2005
- Canon EOS 400D - 10,1 Megapixel - September 2006
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Canon EOS 300D – Biller, Videoen oder Audiodateien |