Brian Johnson
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Brian Johnson (* 5. Oktober 1947 zu Dunston/Newcastle (Groussbritannien)) ass zënter 1980 Sänger vun australescher Hardrock-Band AC/DC.
De Brian hat an de fréie 70er mat der Band Geordie verschidden Optrëtter als Virgrupp vun der Band Fraternity, wou en och de Bon Scott, de Sänger vun AC/DC, kennegeléiert huet. Deen hat spéider dacks vum Jonna, wéi e mat Spëtznumm genannt gouf, geschwat. Nom Doud vum Bon hu sech d'Young Bridder dorunner erënnert, an esou ass de Brian den Nofolleger vum Bon Scott ginn. Zënter dem 3. Abrëll 1980 ass de Brian offizielle Sänger vun AC/DC. Den éichte Live-Optrëtt hat en den 29. Juni 1980 zu Namouer an der Belsch.
De Brian ass passionéirte Golfspiller a Biker. A senger Fräizäit dreift e sech gären a Jazz- a Beatclibb ërem an en ass e Fan vum Eric Burdon (The Animals). Ausserdeem lauschtert hien och Ray Charles, Ike & Tina Turner a Joe Cocker.
[Änneren] Fréier Bands
- 1972 bis 1975 USA (spéider ëmbenannt an Geordie)
- 1979 bis 1980 Geordie (nei forméiert)
- zënter 1980 AC/DC
[Änneren] Discographie Solo
- 1982 Strange Man