Bouzonville
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Bouzonville ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng a Loutrengen am Departement Moselle, eng 20 km westlech vum däitsche Saarlouis.
Den Uert läit um Uwänner vun der Nied am sougenannte Pays de Nied, der Landschaft vum ënneschten Nieddall.
Ronn 4.220 Awunner liewen op enger Fläch vu 1.540 ha, wat enger Bevëlkerungsdicht vun 274,0/km² entsprécht.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
Am Joer 1030 huet de Grof Adalbert vum Elsass e Benediktinerklouschter zu Bouzonville gegrënnt an do d'Reliquie vun enger Spläiter vum Hellege Kräiz ënnerbruecht. De Poopst Leon IX. ass doropshi Bouzonville am éischte Joer vu sengem Pontifikat (1049) besiche komm. 1340 gouf d'Kierch vum Hellege Kräiz an engem vun de sëllege klenge Feudalkricher zerstéiert, mee nach virum Enn vum 14. Joerhonnert war se nees nei opgebaut. D'Reliquie vum Hellege Kräiz ass manner gutt dervukomm, well och wa se d'Zerstéirung vun der Klouschterkierch iwwerlieft hat, sou ass se dach no der Opléisung vum Klouschter an der Franséischer Revolutioun verbrannt ginn. Déi al Klouschterkierch gouf ënnert dem Empire als einfach Poarkierch renovéiert.
An der méi rezenter Geschicht ass ervirzehiewen, datt d'Gemeng Brettnach 1974 mat Bouzonville fusiounnéiert hat, obwuel déi zwou Gemengen iwwerhaapt net unenee gegrenzt hunn. Et huet dann och net laang gedauert a Brettnach huet sech schonn 1982 nees vun deer Unioun geléist.