Bonne note
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Bonne note ass an der Schoulpedagogik eng Käertchen, déi als Belounung geduecht ass, an déi de Schüler soll motivéieren méi oder besser ze léieren. Meeschtens mussen d'Kanner eng gewëssen Unzuel vun hinnen hunn, fir dann eng "richteg" Belounung ze kréien.
Bonnes-notën sinn an de lëtzebuergesche Spill- a Primärschoulen bis haut vereenzelt ze fannen. Besonnesch de Reliounsunterrecht huet mat Bonnes-notë geschafft, fir d'Kanner ze belounen.
Hautesdaags gëtt den Ausdrock meeschtens ironesch gebraucht.