Beryllium
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eegeschaften | |||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Beryllium (Symbol Be) ass e chemescht Element mat der Uerdnungszuel 4 am Periodesystem vun den Elementer.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Eegeschaften
D'relativ Atommass vu Beryllium ass 9,012182. D'Elektronestruktur as 1s22s2, wat also bedeit datt Beryllium 2 Elektronen an der baussechter Schuel huet. D'Dicht bedréit 1.85 g/cm3 an de Radius vum Ion 0,31 Å. De Schmëlzpunkt läit bei 1283 Grad Celius an de Kachpunkt bei 1500 Grad Celius (bei 5mm Hg Drock). Beryllium kristalliséiert ënnert der Form Hexagonal Kompakt. D'Perimeter vun der Maille sinn:
- a = 2.286 Å
- c = 3.583 Å
- c/a = 1.568
Beryllium ass relativ oxidationbestänneg obschonns d'Formatioun een Delta H vu -143.1 Kcal/mol huet. Dat bedeit also datt d'Formatioun vum Oxid net ënner thermodynamescher Kontroll steet mee ënner Kinetescher. Eng Erkläerung ass datt de Volume vum neie Molekul BeO ( an och BeO2 ) vill méi grouss ass wei de Volume vu Be an dat doduerch ee Film op der Uewerfläch gebild gëtt deen de Rescht vum Beryllium schützt.
Ee vun den Haaptënnerscheeder mat den anere Äerdmetaller gëtt aus der Ioniséierungsenergie, och Ioniséirungspotential genannnt, däitlech:
Element | Éischt Ionisatioun | Zweet Ionisatioun |
---|---|---|
Be | 9,32 eV | 18,21 eV |
Mg | 7,644 eV | 15,03 eV |
Ca | 6,111 eV | 11,87 eV |
Zn | 9,311 eV | 17,89 eV |
Et gesäit een also datt de Beryllium eng relativ héich éischt an zweet Ionisatiounsenergie brauch. Et gesäit een och eng gewëssen Ähnlechkeet mam Zénk. Willemit (Zn2SiO4) ass ganz ähnlech matt Phenacite (Be2SiO4).
Dës Ähnlechkeet mam Zénk läit un der Elektonekonfiguratioun ([Ar]3s23p63d10).
Beryllium ass den Ion 2+ deen am meeschte Waassermolekule nieft sech sammele ka wat op seng héich Charge par rapport mam Radius vum Ion zeréckzeféieren ass. (cf. Acta Physicochim URSS, 8, 1938, p385).
[Änneren] Geschicht
Déi éischt Kenntnisser vum Element sin 2000 viru Christus ze fanne duerch Edelsteng Beryl, Emerod an Aquamarin. Mee eréischt am Joer 1798 huet den Nicolas Louis Vauquelin Beryl als Oxid isoléiert. Hien huet dobäi Folgendes festgestallt: den Oxid ass net vill aneschers wéi Aluminiumoxid, huet e séisse Goût, ass an Ammoniumkarbonat léisslech a beschleunegt sech net mat Kaliumoxalat oder Tartrat. 1828 gouf den heitegen offiziellen Numm Beryllium international unerkannt.
Ref: Vauauelin, L. N., Ann. Chim. Phys., 26 (1798) 155
[Änneren] Roll a Verwendung
[Änneren] Berylliumproduktioun
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Beryllium – Biller, Videoen oder Audiodateien |