Arthur Useldinger
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Arthur Useldinger, gebuer den 8. Juli 1904 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen och do de 15. Mäerz 1978, war e lëtzebuergesche Politiker.
Beruflech war hien Employé op der Arbed, politesch huet hien sech an der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg engagéiert. Hie war Mataarbechter vun der Volksstimme an iwwer 25 Joer laang Deputéierten an der Chamber (1945-1958, 1959-1968 an 1969-1978).
Vum 18. Februar 1946 bis den 11. Mäerz 1949 an dann nees vum 14. Abrëll 1969 bis zu sengem Doud war hie Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht.