Anise Koltz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Anise Koltz, (Meederchesnumm Blanpain) gebuer den 12. Juni 1928 zu Eech ass eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
D'Anise Koltz huet hire Lycée tëscht 1940 an 1947 gemaach.
Si war d'Grënnerin an d'Organisatrice vun de Munnerefer Dichterdeeg, déi vun 1962 bis 1974 wichteg a bedeitend lëtzebuergesch an auslännesch Auteuren zu Munneref zesummebruecht huet.
Tëscht 1972 an 1975 war d'Anise Koltz Bibliothekarin an der Thomas-Mann-Bibliothéik, d'lëtzebuergeesch Filial vum Goethe-Institut.
D'Anise Koltz lieft zu Lëtzebuerg a schreift zënter 1971, no dem Doud vun hirem Mann, deen Dokter am Bad Munneref war, nëmme nach op Franséisch.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Gielercher
Nieft villen aneren Éierungen krut d'Anise Koltz 1996 de Batty-Weber-Präis, den nationale Literaturpräis.
[Änneren] Hirt literarescht Wierk
- Die Blumenwiese und andere Märchen, Nummer 6 an der Serie Die kleine Heimat-Bücherei vum Dréckerei-Verlag P. Linden, Lëtzebuerg, 1953, 32 Säiten.
-
- Die Blumenwiese
- Das Märchen von der Geige
- Die Tauperle
- Die singenden Blumen
- Die Legende vom Herbst
- Der Knabe und die Seifenblasen
- Märchen, Lëtzebuerg, 1957
- Gedichte, Lëtzebuerg, 1959
- Der Wolkenschimmel und andere Erzählungen, Lëtzebuerg, 1960
- Spuren nach innen: 21 Gedichte, Lëtzebuerg, 1960
- D'Krëschtkënnchen kënnt, Lëtzebuerg, 1964
- Steine und Vögel: Gedichte, München/Esslingen, 1964
- Den Tag vergraben, München, 1969
- Fragmente aus Babylon Gedichte, Delp'sche Verlagsbuchhandlung, München, 1973
- De Clown. Lëtzeburger Kannerbuch geschriwwen a gemoolt vum Anise Koltz, Esch-Uelzecht 1975
- Le jour inventé, Paräis. 1975.
- Ailes de couteau: Poèmes inédits, Déifferdeng. 1978.
- Le temps passe: Texte inédit / Avec une eau forte de Léon Zack, Ierpeldeng, 1978.
- La terre monte, Paräis, 1980.
- Sich der Stille hingeben. Französisch und deutsch, Waldbrunn, 1983.
...
- Béni soit le serpent. Gedichter, Collectioun "graPHIti", Oktober 2004, Koeditioun Éditions PHI an Écrits des Forges, Québec.
(...)
[Änneren] Literatur
- Weins, Alain: Kann Poesie die Welt verändern. Die Geschichte der Mondorfer Dichtertage, Éditions Phi & Centre national de littérature, 1998
[Änneren] Kuckt och
- Batty-Weber-Präis
- Munnerefer Dichterdeeg