Amphiaraos
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Amphiaraos war an der griichescher Iwwerliwwerung en argivesche Séier, Jong vum Oikles a vun der Hypermestra, Mann vum Eriphyle, der Schwëster vum Adrastos, a Papp vum Alkmaion an Amphilochos. En huet den Don vun der Weissagung entweder vum Zeus oder vu sengem Grousspapp Melampus.
[Änneren] Mythos
Den Amphiaraos huet trotz schwéiere Bedenken dach um Zuch vun de Siwe géint Theben deelgeholl, obwuel e virausgesinn huet datt all déi déi Deel geholl hunn, mat Ausnam vum Adrastos géife stierwen. Hie selwer ass zesumme mat Won a Päerd vun enger Spléck am Buedem, déi den Zeus mat engem vu senge Blëtzer opgerappt hat, verschléckt ginn.