Alternativ Demokratesch Reformpartei
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Logo | Parteizentral |
---|---|
Basisdonnéen | |
Grënnungsdatum: | 12. Mee 1987 |
President: | |
Vize-President: | |
Trésorier: | |
Generalsekretär: | |
Websäit: | www.adr.lu |
Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR) ass den Numm vun enger Lëtzebuerger Partei, déi den 12. Mee 1987 als Aktiounskomitee 5/6 Pensioun fir jiddfereen gegrënnt gouf. 1989 gouf den Numm an Aktiounskomitee 5/6 ëmbenannt, dee sengersäits 1993 an Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet ëmgedeeft gouf. Am Mäerz 2006 koum eng weider Ëmbenennung zum Numm, wéi en elo ass.
D'ADR ass erfirgaang aus enger "Single-issue"-Partei, déi mat enger eenzeger Fuerderung - gläichhéich Pensiounen an alle Secteuren - bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 ugetrueden ass a mat 4 Deputéierten an d'Parlament gewielt gouf.
Den 10. Oktober 1993 ass d'ADR a 7 Gemengeréit gewielt ginn. Den 12. Juni 1994, bei de Chamberwalen, gewënnt den ADR 1 Sëtz derbäi, a bei deene vum 13. Juni 1999 nach eng Kéier 2: Et sinn der ewell 7. Bei de Gemengewale vum selwechte Joer kënnt d'ADR op am ganzen 10 Gemengerots-Sëtzer.
Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004 huet d'ADR 2 Sëtzer par rapport zu virdru verluer. Och bei de Gemengerotswale vum 9. Oktober 2005 huet e manner Sëtzer kritt wéi virdrun.