Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 29. Oktober ass den 302. Dag (303. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1268: Zu Neapel gëtt den Konradin vu Schwaben, Jong vum Keser Konrad IV., lëschte Vertrieder vun der Stauferdynastie gekäppt.
- 1787: Zu Prag gëtt d'Oper Don Giovanni vum Mozart fir d'alleréischt opgefouert.
- 1888: D'international Suezkanalkonventioun gëtt zu Konstantinopel ënnerschriwwen. De Suez-Kanal gëtt internationalt Gewässer.
- 1918: D'Besatzung vun der Héichséiflott zu Wilhelmshaven refuséiert un enger aussichtsloser Séischluecht deelzehuelen. Dëst ass den Ausléiser vun der November-Revolutioun, déi zum Ausruffe vun der Republik féiert.
- 1956: No der Verstaatlëchung vum Suez-Kanal duerch Ägypten falen israelesch Truppen an d'Sinaï-Hallefinsel an: domadden fänkt de Suez-Krich un.
- 1976: Den SED-Chef Erich Honecker gët Staatsrotviersëtzenden an domatter Staatschef vun der DDR.
- 1992: Den Feltrinelli-Präis geet un den amerikanesche Lyriker John Ashberry.
- 1999: En Zyklon zerstéiert den indesche Bundesstaat Orissa. Mindestens 15.000 Mënschen kommen dobäi ëm d'Liewen.
- 2002: Den Max-Delbrück-Centrum Berlin-Buch deelt mat, datt de Wëssenschaftler Felix Knauf d'Funktiounsweis vun enger Genmutatioun bei enger Fruuchtméck Drosophila melanogaster beschriwwen huet. Dës Mutatioun verlängert d´Liewen vun der betraffener Méck ongeféier ëm dat duebelt op véier Wochen.
- 2003: An der Offallsgrouf beim Elterenhaus vum Martin Luther an der Stad Mansfeld fannen Archeologen e spektakulären Sëlwermënzenschatz mat iwwer 150 Geldstécker.
- 2004: Zu Roum gëtt den Traité iwwert eng Constitutioun fir Europa ënnerschriwwen.
- 1817: Antoine Godart, lëtzebuergesche Pedagog.
- 1897: Joseph Goebbels, däitschen Nationalsozialist, "Reichspropagandaleiter".
- 1923: Carl Djerassi, amerikanesche Biochemiker a Schrëftsteller.
- 1930: Niki de Saint Phalle, franco-amerikanesch Kënschtlerin.
- 1947: Richard Dreyfuss, kanadesche Schauspiller.
- 1954: Matthias Zschokke, schwäizer Schrëftsteller a Filmproduzent.
- 1971: Winona Ryder, amerikanesch Schauspillerin.