Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 28. November ass den 332. Dag (333. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1632: Jean-Baptiste Lully, italienesche Komponist.
- 1820: Friedrich Engels, däitsche Politiker.
- 1857: Alfons XII., spuenesche Kinnek.
- 1881: Stefan Zweig, éisträichesche Schrëftsteller.
- 1907: Alberto Moravia, italienesche Schrëftsteller.
- 1908: Claude Lévi-Strauss, franséischen Ethnolog.
- 1931: Tomi Ungerer, franséischen Zeechner.
- 1934: Gato Barbieri, Jazzmuseker (Tenorsaxophon) a Filmkomponist.
- 1938: André Haagen, Moler an Architekt.
- 1947: Maria Farantouri, griichesch Sängerin.
- 1950: Josiane Kartheiser, lëtzebuergesch Léierin, Schrëftstellerin a Journalistin.
- 1885: Norbert Metz, lëtzebuergesche Politiker, Entrepreneur an Industrie-Pionéier.
- 1898: Conrad Ferdinand Meyer, schwäizer Dichter.
- 1962: Wilhelmina, hollännesch Kinnigin.
- 1968: Enid Blyton, englesch Schrëftstellerin vu Jugendbicher.
- 1974: Léon Moulin, lëtzebuergeschen Theaterschauspiller
- 1984: John Fisch, lëtzebuergesche Publizist a Journalist
- 1985: Fernand Braudel, franséischen Historiker.
- 2005: Mady Molitor, lëtzebuergesch Biologin.
- 2006: Roger Bertemes, lëtzebuergesche Moler.