1792
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1787 | 1788 | 1789 | 1790 | 1791 | 1792 | 1793 | 1794 | 1795 | 1796 | 1797
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1792.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Evenementer
- Januar: Frankräich: De Jean-Nicolas Pache grënnt d'Société patriotique du Luxembourg, Membere sinn ënner anerem de Gaspard Monge, de Jean-Baptiste Marie Meusnier de la Place, de Jean Henri Hassenfratz an den Alexandre-Théophile Vandermonde.
- 7. Februar: Allianz tëscht Éisträich a Preisen.
- 19. Mäerz: Frankräich: De Charles François Dumouriez gëtt Ausseminister.
- 23. Mäerz: Frankräich: D'Ministere vun de Feuillants ginn duerch Ministere vun de Girondins ersat.
- 20. Abrëll: Frankräich erkläert Éisträich de Krich. Et kënnt zum Éischte Koalitiounskrich tëscht Éisträich mat Preise géint Frankräich.
- 13. Juni: Frankräich: De Kinnek Louis XVI. geheit d'Ministere vun de Girondins nees eraus.
- 15. Juni: Frankräich: Demissioun vum Ausseminister Charles François Dumouriez.
- 20. Juni: Frankräich: D'Vollek belagert d'Tuilerien, a fuerdert dass d'Ministeren nees zeréckkommen. Mee de Kinnek Louis XVI. gëtt net no.
- 11. Juli: Preisen trëtt an de Krich an.
- 10. August: Frankräich: Commune de Paris: Stuerm vun de Sansculottes ënnert dem Danton a Marat op d'Tuilerien; eng nei Nationalversammlung gëtt gewielt: d'Convention nationale.
- 13. August: Frankräich: D'kinneklech Famill ass am Temple agespaart.
- 19. August: Frankräich: Verrod vum La Fayette.
- 2. - 5. September: Frankräich: Septembermassakeren.
- 9. September: Frankräich: Massaker zu Versailles vun de Prisonnéier vun Orléans.
- 20. September: Koalitiounskricher: Schluecht vu Valmy: éischt entscheedend Victoire vun der Revolutiounsarméi.
- 21. September: Frankräich: Zesummentrëtt vun der Convention nationale: d'Monarchie gëtt oofgeschaf.
- 22. September: Frankräich: D'Republik gëtt ausgeruff.
- 6. November: Koalitiounskricher: Schluecht vu Jemappes.
- 27. November: Frankräich: Annexioun vun der Savoie.
- 11. Dezember: Frankräich: Ufank vum Prozess géint de Louis XVI.
[Änneren] Konscht & Kultur
- 25. Abrëll: De Rouget de l'Isle schreift e Lidd wat spéider zu der Marseillaise sollt ginn.
[Änneren] Wëssenschaft & Technik
[Änneren] Gebuer
- 6. Mäerz: Jean-Jacques Willmar, lëtzebuergesche Politiker.
- 21. Mee: Gaspard-Gustave de Coriolis, franéische Mathematiker an Ingenieur.