Äschermëttwoch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Liturgescht Joer |
---|
|
Äschermëttwoch heescht de Mëttwoch no Fuessonndeg, et ass den Ufank vun der Faaschtenzäit, déi 46 Deeg méi spéit mat Ouschtersonndeg ophält (well op de Sonndeger an der Faaschtenzäit net gefaascht gëtt an et deer 6 sinn, ergëtt dat eng Faaschtenzäit vu 40 Deeg).
Op Äschermëttwoch gëtt an der kathoulescher Kierch dat sougenannt Äschekräiz ausgedeelt, dobäi gëtt de Gleewegen Äschen op de Kapp gestreet bzw. hinne mat Äschen e Kräiz op d'Stier gezeechent - als Zeeche vun Ëmkéier a Bouss. Äsche sinn a ville Kulturen en Zeeche vu Rengegung (cf. d'Produktioun vu Seef mat Äschen) a Bouss, esou och an der Bibel. Bei dësem Ritual huet d'Konzept vun der Metanoia (gr μετάνοια - Sënnesemkéier) eng zentral Bedeitung, well de Mënsch sech senger Vergänglechkeet a senger Ofhängegkeet vu Gott soll nei bewosst ginn, dëst als Virbereedung op Ouschteren.