Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Protein - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Protein

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Image:Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Protein (Eewäiss) ass e Polymer vun Aminosaieren (tëscht 100 an e puer Dausend) déi matt enger Peptidbindung verbonne sinn, dowéinst kann een och Polypeptide soen. (Bei manner ewéi 100 Aminosaieren schwätzt een normalerweis vun engem Peptid).

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Struktur

[Änneren] Primärstruktur

D'Primärstruktur vun engem Protein ass d'Reiefolleg vun den Aminosaieren, esou wéi se vun dem RNS virgeschriwwen ass.

[Änneren] Sekundärstruktur

D'Sekundärstruktur entsprecht der Positioun am Raum vun de Aminosaieren, d'Aminosaiereketten bleiwt nämlech net linear mä faalt sech esou datt d'Energie bannent dem Molekül méiglechst kleng ass. Dobäi si verschidde Strukturen besonnesch heefeg unzetreffen:

  • α-Helix: ass eng rietsdréiend Spiral matt engem Duerchmiesser vun 120 nm.
  • β-Blaat: d'Aminosaieren sinn am Zickzack organiséiert.

D'Sekundärstrukturen gi stabiliséiert duerch Waasserstoffbrécken tëscht de Waasserstoff- a Sauerstoffatomen vum Proteinskelett (also net de Säiteketten vun den Aminosaieren)

[Änneren] Tertiärstruktur

D'Tertiärstruktur ass d'Organisatioun vun de verschiddenen Sekundärstrukturelementer ënnert sech. Dës Organisatioun gett bestëmmt duerch net-kovalent Bindungen tëscht den Aminosäieresäiteketten, z.B. London-Dispersiouns-Kräfte, Salzbrécken, Disulfidbrécken (déi sinn allerdengs kovalent). E Protein kann nëmmen aktiv sinn, wann seng Tertiärstruktur korrekt ass.

[Änneren] Quaternärstruktur

Verschidde Proteinne brauche méi Polypeptidkette fir funktionell ze sinn, z.B. Hämoglobin. D'Quaternärstruktur beschreiwt wéi dës verschidde Molekülen mussen am Raum organiséiert si fir ze fonktionnéieren.

[Änneren] Funktiounen

An den Organismen hunn d'Proteine ganz verschidden a villsäiteg Aufgaben, z.B.

  • Struktur vun der Zell
  • Transport vu Substanzen
  • Katalys als Enzymer
  • Ofwier (Antikierper)
  • Aminiosaierereserv

[Änneren] Synthes

Bal all d'Proteine ginn duerch Ribosomen zesummengesat déi eng RNS liesen. (kuck Molekularbiologie an Translatioun). E puer (kleng) Proteine kënnen duerch Enzymer zesummegesat ginn, an deem Fall kënnen och speziell Aminosaieren agebaut ginn, déi net am genetesche Code firgesi sinn.

[Änneren] Proteinen als Nährstoff

Proteinen erfëllen an alle Beräicher vum Kierper wichteg Eegeschaften vun verschiddenen Aarten. Si sinn de Grondbausteen vun allem Liewen. Si bilden nieft de Gluciden an de Lipiden den Haaptbestanddeel vun der mënschlerer Ernährung. De Kierper besteet aus 15 bis 20 % aus Proteinen, mä e brauch awer dauernd d'Opnahm vun hinnen, well en se net selwer hirstelle kann.

Déi Proteinen déi mam Iessen opgeholl ginn an eng aner Aminosaierkombinatioun hunn, wéi déi Proteinen dei am mënschleche Kierper sinn, ginn am Darm duerch Enzymer an hier Bestanddeeler zerluegt. Da gi si dem nei zesummegesat datt si dem Kierper sengen Ufuerderungen entspriechen.

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com