Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Koreakrich - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Koreakrich

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Image:Qsicon_Achtung.png Opgepasst : De Contenu vun dësem Artikel ass problematesch an ensprécht net dem Prinzip vun der Neutralitéit vun der Wikipedia. Fir datt en opgrond vu Polemik net eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.


De Koreakrich ass de 25. Juni 1950 ausgebrach, tëscht op deer enger Säit de kommunisteschen Truppe vun Nordkorea, déi vu China an der UdSSR ënnerstëtzt goufen, an op deer anerer Säit den Truppe vu Südkorea, déi vun der UNO (virun allem den USA, mee awer och Lëtzebuerg) ënnerstëtzt goufen.16 Natiounen sinn 1950 no Korea gescheckt gin an nach 5 Natiounen als Service Sanitaire. Spéitstens mam Agräife vun den USA war kloer, datt et sech ëm e sougenannte Stellevertriederkrich géif handelen. Déi zwou géigneresch Forcen hunn eent op d'anert de géignereschen Territoire eruewert, mee schlussendlech lung d'Front nees onverännert op der Ausgankspositioun. De Waffestëllstandsofkomme vum 27. Juli 1953 huet d'Deelung dunn endgülteg zementéiert.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Témoignage vun engem Lëtzebuerger Zäitzeien

"Ech sinn e Lëtzebuerger Veteran deen 1952-53 am Koreakrich war. R.H."

[Änneren] Wéi et dozou koum

De Koreakrich, oh neen, esou ass en net genannt ginn, et war Police action oder Théatre d'operations, oder Korea Conflict oder Observer mission oder Peace keeper mission awer net Krich.

1949 waren 10.000 U.S.Marines Observers a Südkorea fir opzepassen.

De kale Krich mat Russland mat der Mauer duerch Berlin a sou weider war ganz deier fir d'NATO-Länner. Alles goung mam Fliger transportéiert.

US-Amerika a Westeuropa huet Russland gefaart. Däitschland war keng Défense méi.

China wollt Korea erëmhuelen. Japan hat et fir Joren, an dunn hunn d'USA et erëm besat. Kuckt emol op der Weltkaart. Wladiwostok (Russland) läit op der Grenz vun Nordkorea bei der Mandschurei.

1950 huet Nordkorea du Südkorea ugegraff, mat chineseschen Zaldoten a russesche MIG Fliger a russeschem Armement.

D'US-Amerikaner sinn direct agesprongen, mee si bis op de Süde vu Korea zeréckgeschloe ginn, bis vru Fusan (oder Busan oder Pusan; F B P huet déiselwecht Prononciatioun am Koreaneschen).

[Änneren] De vergiessene Krich

Elo kënnt et vir datt et kee Krich war.

Den US-amerikanesche President Harry Truman hat Angscht fir de Krich ze erklären! Dat wär en drëtte Weltkrich ginn. Nordkorea > China > Russland a wie weess nach wéi eng Natioun? Irak >Iran >Uzbekistan >Afghanistan > Polen etc.? Do sinn d'USA higaangen an hunn hir Verbündeten invitéiert fir hire Krich matzemaachen. Dee Moment war de "Krich" fir d'Opinion publique net méi géint d'USA geriicht mee géint d'ganz Welt. Esou wéi et elo 2000 am Afghanistan an am Irak ugefaangen huet, just do wollt kee vun Europa matmaachen ausser Groussbritannien. E puer Natione si matgaange wéinst dem US-amerikanesche Boykott an erëm eraus.

Wat war dann elo entstanen?

22 Natioune sinn elo do dru bedeelegt: 16 Nations combattantes, 5 Aide médicale a Südkorea selwer.

An der Weltpress huet et elo net méi geheescht "d'Amerikaner hunn de Südkoreaner gehollef de Kommunismus ze verdreiwen", mee "United Nations against the Communism".

1. England

2. Frankräich

3. Holland

4. Belsch

5. Lëtzebuerg

6. Australien

7. Neiséiland

8. Kanada

9. Südafrika

10. Thailand

11. Philippinen

12. Tierkei

13. Kolumbien

14. Äthiopien

15. Griicheland

16. USA (ganz hannen op der Lëscht)


Spidolshëllef:

Dänemark Indien Italien Norwegen Schweden


[Änneren] Déi batter Zäit duerno

Elo kommen déi schéi Säite vum Théatre des operations en Corée. Well d'USA de Krich net erkläert hat waren och all Natioune matschëlleg.

An du war et jo och kee Krich. Dofir waren et och keng Krichsprisonnéier ginn. D'Genfer Konventioun huet net méi gezielt. Déi war geschriwwe fir de Fall datt et e Krich wier.

D'US-amerikanesch a Lëtzebuerger Zaldote sinn als 2. Klass Mënsche behandelt ginn. D'Leit hu gesot hal dech net mat deem op, dat ass e Koreaner. Se krute vum Public verzielt datt se mol net am Krich waren. Se waren ausgeschloss vun de Veterane-Gruppen. Ech konnt emol net Member gi bei der Royal Canadian Legion am Kanada. Korea, dat war kee Krich, krut ech gesot.

Dunn op eemol hunn d'Amerikaner de Korea-Konflikt 1950-1953 als Korea-Krich unerkannt. Dunn huet op eemol alles sech geännert. Ech sinn dunn als Veteran ugekuckt ginn. Ech sinn elo Sergeant-d'Armes, Parade Marshall, Parade organiser zu Laval, Supply Officer an esougour Webmaster ginn an hunn eng Websäit gemaach (www.legionchomedey251.citymax.com/).

34 Joer hu mer musse waarde bis se eis dach eng Croix de guerre hu misse ginn. De Sergeant-Major Raymond Beringer vun der Armei zu Dikrech hat a Korea vun der 3. Divisioun eng "Silver Cross Medal" kritt, an ewéi all Pabéiere vu Korea si seng net méi ze fannen. De Raymond huet misse waarde bis zwee Joer ier e gestuerwen ass fir seng Medailen ze kreien, an du krut en nëmmen eng "Bronze Medal". Excuse: d'Pabeiere waren net ze fannen.

Awer de Schued war gemaach.
Robert M.G.Hartmann

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com