Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Kommunismus - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Kommunismus

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Kommunismus ass eng ökonomesch a sozial Theorie vun enger Gesellschaft ouni Klassen, an deer jiddereen dselwecht fir seng Aarbecht entlount gëtt an an deer d'Mënschen hir Talenter zum Wuel vun der Allgemengheet asetze sollen. Et soll also eng sozial Gläichstellung vun alle Mënsche ereescht ginn, andeems jiddereen no senge Moyenen e wirtschaftleche Bäitrag leescht, deen dann ënnert der Bevëlkerung no den eenzelne Besoine verdeelt gëtt. Et ass dëst eng wonnerbar Utopie, mee wéinst der Schwächt vun de Mënschen eng schlecht Politik, déi net an d'Praxis ëmgesat ka ginn. An deem Kontext ass och ze bemierken, datt et an all de sougenannte kommunistesche Staaten wéi z.B. Kuba ni Kommunismus gouf respektiv gëtt, mee just eng extrem Form vu Sozialismus, déi déi éischt Etapp a Richtung Kommunismus duerstellt.

Sozialkritik a kommunistesch Experimenter gouf et schonns an der Antikitéit an am Mëttelalter, mee eréischt d'Opklärung an de revolutionäre Geescht Enn dës 18. an am 19. Joerhonnert hunn eng ganz Rëtsch vu gréissere politeschen Antikapitalismusmouvementer ervirbruecht. Besonnesch ervirzehiewen sinn do dem Karl Marx a Friedrich Engels hiert 1848 zu London verëfffentlecht Kommunistescht Manifest an dem Marx säi Kapital vun 1867. Dës Wierker enthalen eng Etude vun den deemolege Liewensverhältnisser a vum Kapitalismus a schléisse mat der Fuerderung, de Kapitalismus ofzeschafen an duerch nei kommunistesch Liewensverhältnisser ze ersetzen, fir esou alle Klassekämpf en Enn ze setzen.

Op dëser Basis hu sech eng ganz Rei Couranten entwéckelt, dorënner de Marxismus, de Leninismus, de Luxemburgismus, den Titoismus etc. Mat der russescher Oktoberrevolutioun 1917 an der Schafung vun der Sowjetunioun koum et dann och zum éischte kommunistesche Staat, deem China, Nordkorea, Vietnam, Angola a Kuba nokomme sollten.

Spéitsens mat der Opléisung vun der Sowjetunioun 1991 wéinst onauswäichleche wirtschaftleche Problemer huet sech déi praktesch Ëmsetzbarkeet vum Kommunismus awer als Illusioun erwisen.

[Änneren] Kuckt och

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com