Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Esch-Uelzecht - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Esch-Uelzecht
Wope vun Esch-UelzechtLogo vun Esch
An anere Sproochen fr.: Esch-sur-Alzette
de: Esch-an-der-Alzette
Gemeng Esch-Uelzecht
Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP)
Kanton Esch-Uelzecht
Awunner 28.377 (2003)
Fläch 14,35 ha
Uertschaften - Gemengen - Stied

Esch-Uelzecht ass mat iwwer 28.000 Awunner, dovun 49,81 % Lëtzebuerger, déi zweetgréisst Stad vu Lëtzebuerg.

"An dénge Gaasse wunnt de Fläiss,

den aus den Uewe, gliddeg wäiss,
e Feierbiirche sprangen deet,
dee blenkegt Gold duurch d'Lännche spreet."

Laang en einfacht Bauerendierfchen, um Floss Uelzecht geleeën, huet Esch mat der Entdeckung vun der Minette (ëm 1870), an der domatt verbonnener Entwécklung vun de Minièren, der Eisen- a Stolindustrie, bannent e puer Joerzéngte seng Populatioun verzéngfacht. D'Strukturkris an deem Sekteur, déi Mëtt der 1970er Joeren ausgebrach ass, huet et mat sech bruecht, datt no a no all Minièren an e groussen Deel vun de Schmelzen zougemaach hunn.

Déi doduerch entstanen Industriebroochen (oder -frichen) sinn am Gaang, nei bebaut ze ginn. Nei administrativ, kulturell (Concerts-Hal, Kinoen) an edukativ (Lycéeën, Universitéit) Gebaier, mee och Wunnéngen, sinn do am Gaang z'entstoen.


[Änneren] D'Geschicht vun Esch-Uelzecht

Vue op Esch
Vergréisseren
Vue op Esch

Den 12. Abrëll 1128 ass Esch fir d'éischte Kéier, ënnert dem Numm "Asch", an enger Bulle vum Poopst Honorius II. ernimmt ginn. De Jang de Blannen huet hir de 16. Mee 1328 den Titel "Fräi Stad" iwwerdroen.

Am Laf vun de Joerhonnerte gouf Esch ëmmer nees vu friemen Truppen iwwerfall, an dacks staark zerstéiert. 1677, op Uerder vum Louis XIV., hunn d'Stadmauere misse geschleeft ginn. Am Juli 1830 huet Esch dann och nach säin Titel Stad verluer. Mee net laang duerno, den 12. Oktober 1841, gouf se duerch e groussherzoglecht Decret zum Chef-lieu vum Kanton Esch ernannt.

An der zweeter Halschecht vum 19. Joerhonnert ass et mat der industrieller Entwécklung ëmmer méi schëtzeg virugaang. Fir d'éischt am Tagebau, dono och a Galeriën, gouf d'Minette ofgebaut, an an de Schmelzen, déi wéi Champignonën aus dem Buedem geschoss koumen, verschafft. Mat den esou geschafenen neien Aarbechtsplazen ass och d'Populatioun vun Esch rasant an d'Luucht gaang. D'Aarbechter koumen am Ufank aus anere Géigende vum Land, virun allem dem Éislek, mee scho fréi hu missen Aarbechtskräfte vu soss hier erbäigeruff ginn, aus de Nopeschlänner, mee och aus Polen an Italien. Esch huet sech dann och iwwer säin historesche Stadkär (den heidege Quartier Al Esch) eraus ausgebreet: Ronderëm d'Schmelzen (Metze Schmelz, Brasseur Schmelz) sinn nei Stroossen a Wunnéngen entstanen (Quartierë Grenz an Neiduerf 1872, Hiel 1894-1904).

Plang vun de Südgemengen
Vergréisseren
Plang vun de Südgemengen

[Änneren] 20. Joerhonnert

Den 29. Mee 1906, huet de Grand-Duc Guillaume fir d'zweete Kéier Esch-Uelzecht zur Stad ernannt (Gesetz vum 29. Mee 1906). Esch hat do 13.000 Awunner.

Eng nei Schmelz gëtt am Nord-Westen opgeriicht: d'Adolf-Emil-Schmelz op Belval. Dofir hu missen 91 Hektar Bësch (Clair-Chêne) ëmgehae ginn. Nei Aarbechterwunninge gi ronderëm gebaut: am Quartier Uecht an d'Cité Welter.

Vun 1910 u gouf de Quartier Brill urbaniséiert. Vill Immigranten aus Italien hunn do hiert Doheem fonnt. D'Uelzecht gouf iwwerdeckelt, an d'Uelzechtstrooss mat hiren Niewestroosse gouf zum neie Mëttelpunkt vun der Stad.

Am Éischte Weltkrich war zu Esch d'Generalquartéier vum däitschen Ierfprënz Wilhelm vun Hohenzollern, a gouf souzesoen an e Krichslazarett transforméiert. D'Schmelzen hunn déi Zäit net oder net vill produzéiert. Vill auslännesch Aarbechter sinn nees hannescht geplënnert, vu wou se hier koumen.

[Änneren] Tëschekrichszäit

1920 koum duerch dat nei agefouert allgemengt Walrecht fir d'éischt eng sozialistesch Majoritéit an d'Gemeng, mam Victor Wilhelm als Buergermeeschter. Weidere Wunnraum gëtt geschafen duerch d'Gemeng, mee och d'ARBED an d'Société Métallurgique des Terres Rouges, deenen d'Schmelze gehéieren: laanscht d'Éilerenger Strooss, am Quartier Uecht an am Quartier Brouch. Tëschent 1926, dem Enn vun der däitscher Wirtschaftskris, an 1929, der Weltwirtschaftskris, erlieft Esch nach eng Kéier ee Bau-boom: am Quartier Dellhéicht gëtt e Spidol gebaut, d'Spidol- an d'Emil-Mayrisch-Strooss entstinn. 1930 zielt Esch 29.745 Awunner.

[Änneren] Däitsch Okkupatioun 1940-1944

Wéi iwwerall zu Lëtzebuerg goufen och zu Esch d'Verwaltungsstrukture vum Nazi-Okkupant agefouert. D'Escher Synagog, wéi och déi an der Stad Lëtzebuerg, gouf zerstéiert. Zwangsaarbechter, déi virun allem aus Russland koumen, hu missen an de Galerië schaffen. Esch gouf den 10. September 1944 vun den Amerikaneschen Truppe befreit.

[Änneren] Nokrichszäit 1945-1975

Nom Krich breet Esch sech weider aus, an de 50er Joeren entsti besonnesch zu Lalleng, am Brouch an zu Raemerech nei Quartieren. An de 60er/70er Joere war et besonnesch Wobrécken, dat bebaut gouf.

Esch-Belval vu Bieles aus gesinn
Vergréisseren
Esch-Belval vu Bieles aus gesinn

[Änneren] Stolkriis 1975-1985

Esch gouf, wéi aner Stied am Minett och, besonnesch haart vun der Stolkris getraff, notamment sinn d'Recetten däitlech zeréckgaangen. Doduerch konnt d'Renovéirung vum ale Stadkär, deen zimlech delabréiert war, eréischt an der Mëtt vun den 80er Joeren an Ugrëff geholl ginn.


Vun de 1960er Joeren un ass d'Populatioun vun Esch no an no zeréckgaang: Vu bal 30.000 am Joer 1960 op 25.000 am Joer 1985. Vill jonk Stéit sinn an d'Schlofstied ronderëm d'Stad geplënnert. Eréischt vun den 90er Joeren un ass dësen Trend gestoppt an esouguer ëmgekéiert ginn; hautesdaags huet Esch erëm bal 30.000 Awunner.

[Änneren] Kuriéises

[Änneren] De Fluchhafen

Deen éischte Fluchhafen am Land war am Quartier Esch-"Lankelz" bei der haiteger rue de l'Aéerodrome. Déi Zäit gouf et ë.a. eng Direktverbindung Esch-London.

[Änneren] D'Parkplaz beim Stadhaus

Den neie Parking an der Firwëtzphas
Vergréisseren
Den neie Parking an der Firwëtzphas
Den neie Parking als Lach
Vergréisseren
Den neie Parking als Lach

Zenter 2004 lafen Aarbechten, op der Plaz virun der Gemeng en ënnerierdesche Parking ze bauen. Dësen gëtt a Form vun enger Spiral ugeluecht, fir d'Plaz optimal auszenotzen. Wéinst dem Grondwaasser, dat hei just e puer Meter ënnert dem Buedem ass - d'Uelzecht leeft just niewent dem Schantgen - huet misse fir d'éischt eng Schapp ronderëm gebaut ginn, ier de Buedem an der Mëtt kunnt erausgeholl ginn.

[Änneren] D'Buergemeeschtere vun Esch-Uelzecht

 Escher Gemengenhaus
Vergréisseren
Escher Gemengenhaus

[Änneren] D'Quartierë vun Esch-Uelzecht

D'Rockhal um Site vun Esch-Belval
Vergréisseren
D'Rockhal um Site vun Esch-Belval
  • Al Esch
  • Belval
  • Brill
  • Bruch
  • Dellhéicht
  • Fettmeth
  • Grenz
  • Hiel
  • Lalleng
  • Lankhelz
  • Neiduerf (Neidierfchen)
  • Park
  • Raemerech
  • Sommet
  • Uecht
  • Wobrécken
  • Zaepert

[Änneren] Schoulgebaier an Esch

[Änneren] Primärschoulen

  • Ale Lycée
  • Brill
  • Bruch
  • Dellhéicht
  • Groussgaass
  • Lalleng

[Änneren] Secondaire

[Änneren] Partnerschafte mat auslännesche Stied

Esch-Strooss zu Léck
Vergréisseren
Esch-Strooss zu Léck
  • Bethnal Green (London) - England
  • Coimbra - Portugal
  • Köln - Däitschland
  • Léck - Belsch
  • Lille - Frankräich
  • Mödling (Wien) - Éisträich
  • Offenbach-am-Main - Däitschland
  • Puteaux - Frankräich
  • Rotterdam - Holland
  • Saint-Gilles (Bréissel) - Belsch
  • Turin - Italien
  • Velletri (Roum) - Italien
  • Zemun (Belgrad) - Serbien

[Änneren] Interkommunal Syndikater

SIGI

[Änneren] Literatur

  • 100 Joer Esch. 1906-2006. Esch-sur-Alzette: Centenaire Esch Invita, 2005.
  • Ville d'Esch-sur-Alzette (éd.): Esch-sur-Alzette, du village à la ville industrielle. Art et révolution industrielle au pays de la Terre Rouge. 13 octobre - 5 novembre 1989, Hôtel de Ville d'Esch-sur-Alzette. Catalogue de l'exposition organisée par la Ville d'Esch-sur-Alzette à l'occasion du 150e anniversaire de l'Indépendance du Grand-Duché de Luxembourg.
  • Flies, Joseph: Das Andere Esch - An der Alzette - Ein Gang durch seine Geschichte. Luxembourg 1979.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

Escher Conservatoire
Vergréisseren
Escher Conservatoire

[Änneren] Um Spaweck


Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com