Jousefskierch Esch-Uelzecht
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Jousefskierch Esch-Uelzecht | |
![]() |
|
Uertschaft | Esch-Uelzecht |
Par | Esch St. Joseph |
Numm | Hl. Jousef |
Konsekratiounsjoer | 1877 (14. Mee) |
Parverband | Esch-Uelzecht |
Architekt(en) | Charles Arendt |
Reliéis Gebaier |
Déi neogotesch Kierch vun Esch-Uelzecht gouf den 14. Mee 1877 vum Bëschof Nicolas Adames geweit. D'Pläng woren vum Charles Arendt den de vun der Gemeng organiséierte Concours gewonnen hat. 1946 gouef niewt der Entrée eng kleng Gediechnisskapell vir un d'escher Affer vum zweete Weltkeich ze erënneren bäigbaut.
Den Héichaltor hannen am Chouer staamt aus dem Atelier Koch vun Tréier, op him stinn eng Statu vun der Tréischterin am Leed, driwwer den hl. Jousef a riets a lénks dervun d'Apostelen Péitrus a Paulus. De rietse Säitenaltor weist déi hl. Famill, op dem lénkse steet eng Pietà. Déi gemoolte faarweg Fënsteren sinn aus der Franz Mayer'schen Hofkunstanstalt a weisen virun allem Zeenen aus dem Liewe vun der hl. Famill.
Déi figurativ Molereien op de Wänn si vum J. Schneider vu Köln a goufen 1908 fäerdeg. 1960 gouf driwwer ugestrach a bei der leschter Restauréierung déi 2002 ofgeschloss war, goufe se nees fräigeluecht. Si weisen op de Wänn vum Mëttelschëff Medaillonen mat Hëllegen an am Chouer Szenen aus der Bibel déi a Relatioun mat der Eucharistie bruecht ginn.
Déi haiteg Uergel ass vun der Firma Westenfelder vu Lëntgen.
[Änneren] Kuriositéiten
- Un der Fassad vum Säiteschëff a westlecher Richtung steet de Schrëftzuch: EGO SUM RESURRECTIO ET VITA (Ech sinn d'Opersteiung an d'Liewen). Dorënner fënnt een de Lëtzebuerger Léiw an d'Muttergottes mam Jesuskand, béides a Wopeform duergestallt´.
[Änneren] Literatur
- Schnell Kunstführer N°2517: Pfarr- und Dekanatskirche St. Joseph Esch-sur-Alzette