Antoine Krier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Antoine Krier ("Kréiesch Tunn"), gebuer den 21. Abrëll 1897 zu Bouneweg, gestuerwen den 22. September 1983 zu Esch-Uelzecht, war e Lëtzebuerger Gewerkschaftler az Politiker.
Hie war ganz aktiv an der Gewerkschaftsbewegung. Vun 1929 bis 1935 war hie President vun der Lëtzebuerger Aarbechterpartei. Am Zweete Weltkrich ass hie virun den däitsche Besatzer fir d'éischt a Frankräich, dunn an d'Schwäiz, fortgelaf.
Vun 1929 bis 1940, an dann nees vun 1949 bis 1951, war hie Schäffen vun der Stad Esch, vun 1951 bis 1965 Buergermeeschter. Hie war och vun 1948 bis 1965, an dann nees vun 1968 bis 1965 Députéierten an der Chamber. Nom stënterlechen Doud vum Nic Biever, 1965, gouf hie Minister fir Aarbecht, Sozialversécherung a Grouwen a Gesondheetsminister an der Regierung Werner-Cravatte (bis 1969).
1970, huet hien d'LSAP verlooss, fir der SDP bäizetrieden. 1974 huet hie sech aus dem aktive politesche Liewen zeréckgezunn.
Den Antoine Krier war de Brudder vum Pierre Krier.