Bréissel (Haaptstadregioun)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||
Basisdaten | ||
---|---|---|
Haaptstad: | Bréissel | |
Surface: | 161 km² | |
Awunner: | 992.000 (2003) | |
Bevëlkerungsdensitéit: | 6.147 Awunner/km² | |
Website: | www.bruxelles.irisnet.be | |
Kaart | ||
D'Haaptstadregioun Bréissel (fr.: Région de Bruxelles-Capitale, nl.: Brussels Hoofdstedelijk Gewest) ass eng vun den dräi Regiounen vun der Belsch. Si gouf 1989 gegrënnt an ëmfaasst 19 selbstänneg Gemengen, déi awer sou unenee gebaut sinn, datt ee kaum um Stadbild mierkt, dass ee vun deer enger an di aner kënnt. D'Stad Bréissel, ass eng, wann och di gréisst, vun dësen 19 Gemengen.
Well an der Belsch alles, wat mat Kultur, Sprooch oder Educatioun ze dinn huet, net ënnert d'Kompetenz vun de Regiounen, mee vun de Communautéitë fält, sinn deer zwou fir dës 19 Gemengen zoustänneg: d'Franséischsproocheg Communautéit Wallounië-Bréissel (Communauté française Wallonie-Bruxelles) an d'Flämesch Communautéit (Vlaamse Gemeenschap) . Ongeféier 80 % vu den Awunner zielen sech zur franséischsproocheger, 20% zur flämeschsproocheger Communautéit. D'Haaptstadregioun ass dann och offiziell zweesproocheg, dofir mussen all offiziell Schreiwes, bis hin zu de Stroosseschëlter, an deenen zwou Sprooche sinn, a vun de Schoule bis zu de Kulturariichtungen (Theater, asw.) gëtt et alles duebel an deer enger oder aner Sprooch.
Een Awunner op 4 (28,4 %) ass kee Belsch. Vun den ongeféier 280.000 Auslänner, déi an der Regioun Bréissel liewen, sinn der eng 134.000 aus engem vun de 25 EU-Memberstaaten. Déi aner komme virun allem aus dem Maghreb, der Tierkei an Zentralafrika.
[Änneren] Gemengen
D'Haaptstadregioun Bréissel sëtzt sech aus 19 selbstännege Gemengen zesummen:
- Anderlecht (1)
- Auderghem - Oudergem (9)
- Berchem-Sainte-Agathe - Sint-Agatha-Berchem (11)
- Bréissel (Bruxelles - Brussel) (2)
- Etterbeek (4)
- Evere (5)
- Forest - Vorst (18)
- Ganshoren (6)
- Ixelles - Elsene (3)
- Jette (7)
- Koekelberg (8)
- Molenbeek-Saint-Jean - Sint-Jans-Molenbeek (13)
- Saint-Gilles - Sint-Gillis (12)
- Saint-Josse-Ten-Noode - Sint-Joost-ten-Node (14)
- Schaerbeek - Schaarbeek (10)
- Woluwé-Saint-Lambert - Sint-Lambrechts-Woluwe (15)
- Woluwé-Saint-Pierre - Sint-Pieters-Woluwe (16)
- Uccle - Ukkel (17)
- Watermael-Boitsfort - Watermaal-Bosvoorde (19)
[Änneren] Um Spaweck
Communautéiten Däitschsproocheg Communautéit · Flämesch Communautéit · Franséisch Communautéit
Regiounen Flämesch Regioun: Antwerpen · Flämesche Brabant · Limburg · Ostflandern · Westflandern
Wallounesch Regioun : Hainaut · Léck · Lëtzebuerg · Namouer · Wallounesche Brabant
Regioun Bréissel-Haaptstad