Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Siderurgie zu Lëtzebuerg - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Siderurgie zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Am industrielle Beräich, hëlt d'Siderurgie zu Lëtzebuerg weider déi éischt Plaz an, och no der industrieller Reconversioun, déi zënter den 1960er Jore stattfonnt huet.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Historesch Entwécklung

Eisen ass schonn a virindustrieller Zäit (17.-18. Joerhonnert) ofgebaut a verschafft ginn, a klenge Schmelzen uechter d'Land, déi bei Flëss (wéinst der Waasserkraaft) oder bei Bëscher (wou Holzkuel produzéiert gouf). Verschafft gouf Bounäerz, dat doruechter fonnt gouf. Just e grappvoll Leit hunn an deene Schmelze geschafft, dobäi koumen Doléiner a Baueren, déi d'Kuel beschaaft oder transportéiert hunn.

An der Mëtt vum 19. Joerhonnert huet dat sech radikal geännert: Lëtzebuerg war 1842 dem Zollveräin bäigetrueden an hat Zougang zu engem grousse Marché am Osten. 1841/42 gouf et 11 Héichiewen zu Lëtzebuerg déi alleguer mat Holz befeiert goufen an eng Gesamtjoresproduktioun vun 7300 Tonnen (T) erreecht hun. Déi Héichiewe waren a folgenden Dierfer:

Uertschaft Zuel vun den Héichiewen Joresproduktioun
Bäerbuerg 1 700 T
Rolleng 2 900 T
Biissen 2 1400 T
Kolmer-Bierg 1 700 T
Fëschbech 2 1500 T
Grondhaff 1 700 T
Aansebuerg 1 700 T
Dummledeng 1 700 T


E wichtegt Element war och de Bau vun der Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Diddenuewen, mat Uschloss doriwwer eraus un déi europäesch Industrie-Basengen. D'Konsequenz war, datt et rentabel gouf, fir Kock erbäizeschafen. Kock huet e Brennwert, dee 5 Mol méi héich ass ewéi dee vun der Holzkuel.

Alles dëst huet mat sech bruecht, datt d'Schmelzhäre sech ëmmer méi fir d'Minette intresséiert hunn. Tëschent 1854 an 1869 goufen et, virun allem vu belschen a preisesche Firmen, 64 Demandë fir eng Konzessioun ze kréien, Minette ofzebauen. Ongeféier 2/3 vun der ofgebauter Minette goufen dann och an d'preisescht Rheinland an an d'Belsch exportéiert.

D'Lëtzebuerger Chamber huet 1870 e Gesetz gestëmmt, dat de Staat zum Besëtzer vun alle Minette-Virkommen vun enger bestëmmter Déift ënnert dem Buedem u gemaach huet. 1880 koum e Gesetz derbäi, dat nei Konzessioune fir Minette ofzebauen un d'Conditioun gebonnen huet, datt dës zu Lëtzebuerg selwer huet misse verschafft ginn.

Dëst huet et bestëmmte Lëtzebuerger Famillen erméiglecht, eng Schlësselroll bei de Schmelzen ze spillen.

D'Bridder Charles, Norbert an Auguste Metz hunn 1838, mat Hëllef vun enger belscher Investissements-Holding, d'Société Metz et Cie. gegrënnt. Si hunn d'Schmëdd vu Bäerbuerg gelount an 1845 eng Schmelz zu Eech gebaut. 1847 hu si d'Parte vun hiren Investisseuren ofkaaft, an hir Gesellschaft als Familljebetrib virugefouert.

1865 hu se zu Dummeldeng eng modern Schmelz, mat véier Héichiewe gebaut, déi Koks a Minette verschafft huet. 1870 huet den Norbert Metz seng Gesellschaft mat der SA des Mines du Luxembourg et des Forges de Saarbruck associéiert, déi vum Victor Tesch geleet gouf. 1871 krute se d'Autorisatioun, fir zu Esch-Uelzecht eng Schmelz opzeriichten: d'Metzer Schmelz (dat spéider an Arbed-Schëffleng ëmbenannt gouf). Dës Schmelz huet am Ufank Goss produzéiert, deen zu Burbach verschafft gouf. Zur selwechter Zäit gouf zu Esch d'Brasseurs Schmelz (spéider Arbed Terres Rouges) gegrënnt vun de Bridder Dominique, Alexis a Pierre Brasseur. D'Joer drop hunn d'Stengeforter Schmelzbesëtzer Charles a Jules Collart mat aneren Actionnairen eng Schmelz zu Rodange opgeriicht. D'nämlecht Joer goufen zu Rëmeleng Héichiewe vun der SA Gonner, Munier et Helson gebaut.

An den 1880er Jore koum et zu enger weiderer wichteger Ännerung: d'Metzen hunn d'Lizenz fir dee vum Sidney Thomas a Percy Gilchrist 1879 entwéckelte Procédé kaaft, deen et erméiglecht, aus Goss Stol ze maachen. Si hunn dëst neit Verfahren fir d'éischt zu Eech ugewannt, mee geschwënn dono eng nei Schmelz zu Diddeleng baue gelooss, déi ausschléisslech nom neie Procédé produzéiert. Fir dës Schmelz ze bedreiwen hu se sech mam Victor Tesch an dem Grof de Bertier, deem e groussen Deel vun den Terrainen zu Diddeleng gehéiert haten, zesummegedoen, an d'SA des Hauts fournaux et Forges de Dudelange gegrënnt.

Vun 1880 u bis zum Éischte Weltkrich stung d'Lëtzebuerger Stolindustrie ganz an der Ofhängegkeet vun Däitschland (wouzou zënter 1871 och e groussen Deel vu Loutrénge gehéiert huet): Bis zu 70% vun der Produktioun gouf dohinner verkaaft, 90% vum Koks gouf aus der Ruhr importéiert. D'Maschinnen an d'Technik koumen aus Däitschland, sou wéi och d'Fachpersonal fir drop ze schaffen an d'Ingenieuren. D'Decisiounszentrum war an der Ruhr, Lëtzebuerg war just eng Zort Peripherie, wou Réimaterial oder hallef fäerdeg Produkter gemaach goufen, fir an der Ruhr veraarbecht ze ginn.

Ëm d'Joerhonnertwenn koum et zu Lëtzebuerg zu enger méi staarker vertikaler Integratioun. Den Ofbau vun der Minette, d'Gewënnung vum Eisen, d'Reduktioun zu Stol an d'Verschaffen (d.h. d'Walzen) dovunner goufen direkt niewenteneen organiséiert. Och d'Entreprisen hu sech zu ëmmer méi grousse Konzerner zesummegeschloss:

  • 1911 hunn d'Famille Metz an Tesch hir Entreprisen zur Arbed, der SA des Aciéries Réunies de Burbach-Eich-Dudelange, zesummegeschloss.
  • D'Gelsenkirchener Berkwergs-AG, nom Krupp deen zweetgréissten däitsche Schwéierindustrie-Konzern, huet d'Brasseurs-Schmelz (se gouf a Rothe Erde ëmbenannt) an hir Minièren opkaf an zousätzlech zu Esch-Belval tëscht 1909 an 1913 d'Adolf-Emil-Hütte gegrënnt.
  • D'Deutsch-Luxemburgische Bergwerks- und Hütten AG huet d'Déifferdenger SA des Hauts Fournaux de Differdange opkaf a moderniséiert, déi 1896 vum Paul Wurth an dem Baron Alexandre de Gerlache gegrënnt gi war. Dat selwecht huet si mat der Rëmelenger Schmelz gemaach.
  • D'belsch SA d'Ougrée-Marihaye huet 1905 d'Rodanger Schmelz iwwerholl an do derbäi e Stol- an e Walzwierk gebaut.
  • De Kabelproduzent Felten & Guilleaume, eng Duechtergesellschaft vun der däitscher AEG, huet 1912 d'Stengeforter Schmelz iwwerholl.

D'Produtiounszuele verdäitlechen am beschten, wat fir eng Entwécklung d'Stolindustrie zu Lëtzebuerg bannent just 35 Joer gemaach huet: De Volume vun der ofgebauter Minette huet sech vu 700.000 Tonnen am Joer 1868 op 7 Milliounen Tonnen 1913 verzingfacht; dee vum produzéierte Goss gung am selweschten Zäitraum vun 100.000 Tonnen op 2,5 Milliounen Tonnen erop, an dee vum Stol, deen eréischt 1886 ugefaang huet, huet 1913 1,5 Milliounen Tonnen erreecht. D'Zuel vun den Héichiewe gung vu 14 am Joer 1871 op 47 am Joer 1913 an d'Lut.

Just virum Éischte Weltkrich war Lëtzebuerg de weltwäit sechstgréisste Produzent vu Goss an aachtgréisste vu Stol.

[Änneren] Tëschekrichszäit

 Plakat, mat deem franséischsproocheg Aarbechter op Lëtzebuerg gelackelt goufen (1923/24)
Vergréisseren
Plakat, mat deem franséischsproocheg Aarbechter op Lëtzebuerg gelackelt goufen (1923/24)

An der Zäit vum Éischte Weltkrich ass d'Industrieproduktioun zu Lëtzebuerg, ënnert däitscher Okkupatioun, virugelaf. Déi grouss Zäsur koum dono: Als Folleg vun der däitscher Néierlag huet Lëtzebuerg 1919 misse seng Memberschaft am Zollveräin opkënnegen, an huet, no zéien Negotiatiounen, an der Belsch, mat deer et 1921 d'Union Economique Belgo-Luxembourgeoise gegrënnt huet, en neie Wirtschafts- an Handelspartner fonnt.

De Broch mat Däitschland huet fir d'Lëtzebuerger Sidérurgie net nëmme mat sech bruecht, datt se sech wirtschaftlech huet missen nei orientéieren, mee och nei huet misse strukturéieren: Den Défi bestong doranner, 1. de vir- an nogelagerte Maart ofzesécheren (d'Matière-premièren - Minette a Kock - op deer enger Säit, d'Produktioun vu fäerdege Produiten - vum Nol bis zum Grey-Träger - op deer anerer) an 2. d'Plaz vun den däitsche Firmen z'iwwerhuelen, déi sech zeréck hu missten zéien.

1919 sinn déi däitsch Firmen zu Lëtzebuerg verkaaft ginn:

  • E franséisch-belsch-lëtzebuerger Konsortium, d'Société Métallurgique des Terres Rouges, mat Schneider-Creusot, der Arbed an der Banque de Bruxelles als Haaptactionnairen, huet d'Sitë vun der Gelsenkirchener Bergwerks-AG (ë.a. d'Schmelzen Rothe Erde an Adolf-Emil-Hütte zu Esch) ofkaaft;
  • D'Arbed, zesumme mat der Terres Rouges, huet 1920 Kuelegrouwen an der Géigend vu Köln, an der Belsch an an Holland iwwerholl. Se huet och weider Konzessiounen an Terrainen a Loutrénge kaaft. An der nogelagerter Produktioun huet se d'Kölner Felten & Guilleaume (1919) an d'Clouterie et Tréfilerie de Flandres (1921) iwwerholl.
  • E franséisch-belsche Konsortium, d'Hadir (Hauts-Fourneaux et Aciéries de Differdange-St.-Ingbert-Rumelange), gouf ënnert der Leedung vun der Société Générale de Belgique an der Société Lorraine des Aciers de Rombas gegrënnt an huet d'Sitë vun der Deutsch-Luxemburgische Bergwerks- und Hütten-AG iwwerholl, zu deenen d'Schmelze vun Déifferdeng a vu Rëmeleng, an d'Grouwe vun Ëtteng gehéiert hunn.
  • D'Stengeforter Schmelz goung vu Felten & Guilleaume un Athus-Grivégnée. Dës hunn och Participatiounen a verschidde Kuelen- an Äerzgrouwe geholl.
  • Schneider huet iwwert eng Duechterfirma déi däitsch Parten vun Ougrée-Marihaye iwwerholl, deer d'Rodanger Schmelz gehéiert huet.

Eng Konsequenz vum Zësummebroch vum däitschen Ofsazmaart war, datt d'Lëtzebuerger Schmelzhäre séier hu missen Handelscomptoirë grënnen, fir hir Produkter weltwäit kënnen ofzesetzen. 1920 huet d'Arbed d'Columeta (Comptoir Luxembourgeois de Métallurgie, spéider an Trade Arbed ëmbenannt) an d'Liewe geruff, an d'Hadir ass 1923 der Sogeco (Société Générale pour le Commerce de Produits Industriels) bäigetrueden. D'Columeta hat Filialen an Agencen a Brasilien, Argentinien, Indien a Japan.

D'Lëtzebuerger Siderurgie huet et gepackt, sech bannent kierzester Zäit vun engem Zouliwwerer vun der däitscher Siderurgie zu engem eegestännege Produzent vun deenen diverseste Produkter ze changéieren, déi um Weltmaart kompetitiv waren.

Zesummegefaasst kann ee soen, datt d'Basis vun der Lëtzebuerger Sidérurgie, wéi se bis an d'1970er Jore bestanen huet, um Enn vum Éischte Weltkrich geluecht gouf.

D'Joren dono vun der Tëschekrichszäit waren, am Géigesaz zu de Boom-Joren an der Ufanksperiod, gekennzeechent duerch eng gewësse Stagnatioun, an och déi eng oder aner Kris. 1927 huet d'Rëmelenger Schmelz zougemaach, 1931 déi Stengeforter. Et gouf zwar weiderhin technesch Weiderentwécklungen, dës waren awer net esou revolutionnär wéi z.B. d'Entwécklung vum Thomas-Gilchrist-Procédé.

Bedingt duerch d'Krisen 1920-21 an an den 1930er Jore war d'Produktioun grousse Schwankungen ënnerworf.

[Änneren] Am Zweete Weltkrich

[Änneren] Les Trente Glorieuses

[Änneren] D'Siderurgie an déi Europäesch Verträg

[Änneren] Stolkris an Neiorientéierung

[Änneren] Arcelor a Mittal Steel

[Änneren] Literatur

  • Carlo Hemmer: L'économie du Grand-Duché de Luxembourg - La production secondaire: L'industrie sidérurgique, Editions Joseph Beffort, Luxembourg, 1953
  • René Leboutte, Jean Puissant, Denis Scuto: Un siècle d'histoire industrielle (1873-1973) - Belgique, Luxembourg, Pays-Bas. Industrialisation et Sociétés. Edition SEDES 1998.

[Änneren] Kuckt och

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com