Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Jang de Blannen - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Jang de Blannen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Jang de Blannen
10. August 1296 – 26. August 1346
Bild feelt nach
Grof vu Lëtzebuerg
Amtszäit 1313-1346
Virgänger Heinrich VII.
Nofolger Karl I.
Papp Heinrich VII.
Mamm  ?

De Jang de Blannen oder Jean vu Lëtzebuerg (gebuer den 10. August 1296 um Bock, gestuerwen den 26. August 1346 zu Crécy-en-Ponthieu) war Grof vu Lëtzebuerg a Kinnek vu Béimen. Den 20. Oktober 1340 huet hien zu Lëtzebuerg d'Schueberfouer agefouert, als e grousse Maart, deen aacht Deeg laang gedauert huet.


Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Säi Liewen

[Änneren] Seng Ierfschaft

De Jang war de Jong vum däitsche Keeser Heinrich VII. a war virun allem als Turnéierheld bekannt. Am Joer 1308 kritt de Jang vu sengem Papp d'Grofschaft Lëtzebuerg. Well eng béimesch Adelspartei bäim Heinrich VII. géint den deemolege béimesche Kinnek Heinrich vu Kärnten intervenéiert ass, huet de Jang den 31. August 1310 um Reichstag vu Speyer vu sengem Papp och nach d'Kinnekräich Béimen kritt, an ass den Dag drop am Doum vu Speyer vum Péiter vun Uespelt bestued gi mat der Prinzessin Elisabeth, enger Schwëster vum Wenzel III., deem leschte männleche Nokommen vum ale béimeschen Herrscherhaus vun de Přemysliden. De Jang war do grad véierzéng Joer al an d'Elisabeth hat der knapps uechtzéng.

[Änneren] Béimen

Nach am selwechte Joer mecht sech déi jonk Koppel mat Truppen op de Wee, fir den Heinrich vu Kärnten definitiv aus Béimen ze verjoen. Dat war am Ufank awer guer net esou einfach, well weder d'Eroberung vun der räicher béimescher Stad Kuttenberg (Kutná Hora), nach déi vu Kolín geléngt, zweemol kann den Heinrich vu Kärnten sech nach widdersetzen. Wéi de Jang zu Prag ukoum, wou hien de 7. Februar 1311 duerch den Äerzbëschof vu Mainz, de Péiter vun Uespelt am Hradschin gekréint gouf, hat hien nach glad a guer keng Eroberung opweises. Dat war natierlech net grad dee beschten Optakt fir deen neie Kinnek. A senge Walkapitularien huet de Jang dem béimeschen Adel missen zougestoen, datt Ämter just mat Leit aus Béimen a Mähren besat dierfte ginn. Dëst huet d'Muecht vum béimeschen Adel gestäärkt an och en éischt béimescht Nationalgefill erfierbruecht. Mee fir de Jang huet d'béimesch Kroun och bedeit, datt heen Usprëch op den Troun vu Polen an op dee vun Ungarn hat, grad ewéi déi lescht zwee Přemysliden.

1313 war fir de Jang de Blannen een Onglécksjoer. Säi Papp Heinrich VII. ass mëtten an sengem Feldzuch an Italien, wou hee Restauratiounspolitik bedreiwe wollt, u Malaria gestuerwen. Dräi Joer no der Kannerhochzäit zu Speyer wier et bal eriwwer gewiecht mam Lëtzebuerger Herrscherhaus, well de Jang hat knapps 17 Joer a war Papp vun nëmmen enger Duechter. Hie wollt dunn als Nofolger vu sengem Papp op den däitschen Troun, mee doraus ass och näischt ginn. Déi däitsch Kurfürsten hunn 1314 de Ludwig vu Bayern gewielt.

D'Grafkapell vum Jang de Blannen (Zeechnung (ëm 1835) vum Karl Friedrich Schinkel, Architekt vun der Kapell)
Vergréisseren
D'Grafkapell vum Jang de Blannen (Zeechnung (ëm 1835) vum Karl Friedrich Schinkel, Architekt vun der Kapell)

De béimeschen Héichadel huet schliisslech ëmmer méi Muecht gefuedert. Wéi de Jang op Drock vu senger Fra hinn haart mat der Oppositioun ëmgaang ass (heen huet de Spriecher vum Adel, den Heinrich vu Lipá, an de Prisong gesat), ass et zum Biergerkrich komm, deen de Jang bal de béimeschen Troun kascht hätt. 1317 hat den Héichadel nämlech net nëmme mat stänneschem Krich gedreet, mee och mat der Wiel vun engem Habsburger. Duerch de Fridden vun Domažlice 1318 ass den Biergerkrich endlech op en Enn gaangen: de Jang huet den Héichadel méi staark un der Muecht bedeelegt, de Péiter vun Uespelt zum Generalkapitän iwer Béimen ernannt an d'Land verlooss. Dem Jang säi Bestiednis huet déi ganz Konflikter allerdéngs net iwwerstanen, d'Elisabeth lieft schlussendlech getrennt vun him a komplett eleng, bis zu hirem Doud 1330.

Vun 1318 u war de Jang praktesch guer net méi a Béimen ze gesinn, esou datt seng Muecht do och ni méi richteg zur Entfalung komm ass. Hien huet vill léiwer op der europäescher Bün gespillt, militäresch grad esou wéi diplomatesch, an, an deer Zäit net ze ënnerschätzen, duerch realpolitesch geschéckt arrangéiert Hochzäiten.

[Änneren] Polen

Zënter 1323 hat de Jang de Blanne probéiert, säin Usproch op d'polnesch Kroun duerchzesetzen.

Esou huet heen z.B. an de Konflikt tëschent dem Däitschen Uerden an dem polnesche Kinnek Wladyslaw un der Säit vum Uerden agegraff. An deen Kontext muss och dem Jang säin Kräizzuch a Litauen gestallt ginn. De Jang hat der Kierch effektiv e Kräizzuch versprach. Allerdéngs weder an d'Hellegt Land nach a Spuenien mee a Litauen sollt dësen hie féieren, zesumme mam Däitschen Orden. Ee Kräizzuch hat schonn e besonnesche Wäert an deer Zäit. Dëse war en Zuch géint d'Heeden, wou sech all Natiounen getraff hunn - ausser de Polen, déi, wéi gesot, dem Däitschen Orden géigeniwwer feindlech agestallt waren. Dat koum dem Jang natierlech ganz geleeën. Hien huet dem Ritteruerde seng polnesch Kinneksusprech verléint an wollt dofir d'Confirmatioun fir seng Usprëch.

Gewëssen Erfolleger hat de Jang och a Schlesien, wou tëschent 1327 an 1335 e puer Herzeeg dem Jang d'Trei geschwuer hunn.

1335 huet deen neie polneschen Kinnek Kasimir versicht, de Konflikt mam Jang bäizeléen. De Kasimir huet déi béimesch Rechter u Schlesien unerkannt an dem Jang eng schéin Zomm Geld versprach, fir datt deen endlech seng Usprëch un d'polnesch Kroun opgëtt a seng Hëllef fir den Däitschen Uerden aschränkt.

[Änneren] De Jang an d'Fransousen

1327 goung am Westen d'Haus vun de Kapetinger op en Enn, déi stabilst a mächtegst Famill vun där Zäit. De Philipp VI. aus dem Haus Valois koum op den Troun, an dës Entscheedung sollt nach Folgen hunn, si huet nämlech zum Honnertjährege Krich tëscht Frankräich an England gefouert.

De Philipp an de Jang waren zesummen opgewuess, an de Jang huet séier probéiert, de Kontakt ërem opliewen ze loossen. Dofir schéckt hien och e grousse Kontingent vun Truppen fir de Fransousen ze hëllefen.

[Änneren] De Jang an de Ludwig

1330 si sech de Jang de Blannen an de Keeser Ludwig fir d'éischt perséinlech begéint. De Ludwig war mëttlerweil exkommunizéiert an hat dowéinst d'Iddi vun engem Feldzuch a Richtung Roum. De Jang, am Géigesaz zum Ludwig, war an de leschte Joeren zu grousse Lännereie komm, an huet sech ëmmer tëscht Keeser a Poopst zeréckgehaalen. Hie wor quasi den Arbiter a Friddensriichter vun Europa ginn. Hien ass am Ludwig senger Plaz an Däitschland bliwwe bis dësen, ouni Erfolleg, aus Italien zeréckkoum. An der Tëschenzäit hat de Jang sech en neit Ziel an de Kapp gesat: Ueweritalien.

[Änneren] Italien

Dëse Plang wor allerdéngs wéineg zolitt, am Géigesaz zum Kontrakt deen hien zu dësem Zweck mam Ludwig oofgeschloss hat. Hie wollt de béimesche Kinneksjong Johann Heinrich mat der Ierwin vu Kärnten, der Margaretha, bestueden. Dës Hochzäit huet allerdéngs ni stattfonnt.

De Jang huet sech also op de Wee vun Innsbruck op Trient gemaach, ëmmer ënnert den Aa vum mësstrauesche Keeser. Als Grond fir seng Rees hat hien ugin, d'Graw vu sengen Elteren ze besichen. Mee kuerz drop koume Leit vu Brescia bei hien, an hunn hien ëm Hëllef gefrot, fir si vrum Mastino della Scala vu Verona ze beschützen. Et ass wuel d'Ironie vun der Geschicht datt grad dës Staadt, déi sech sengem Papp op Doud an der Däiwel widdersaat huet, lo dem Jong d'Diren grouss opmécht. Den Della Scala gouf geschloen a bannend dräi Méint hu sech all wichteg Stied vun der Lombardei ënnert dem Jang seng Schutzherrschaft gestallt. Dësen neigewonnenen Territoire huet elo natierlech misse géint d'Fransousen, de Robert d'Anjou an de Poopst verdeedegt ginn.

[Änneren] Säin Nofolger, de Karl

Op Ouschteren 1331 stung dem Jang säi Jong an Nofolger Karl u senger Säit. Elo wor d'Lëtzebuerger Politik ëm e wichtegt Element méi räich. Dësen huet séier geléiert, säi Papp ze verbesseren, a selbststänneg ze handelen. Ouni sech mat sengem Papp ofzeschwätzen huet hien, mat nëmme siwwenzéng Joer, eegemächteg de Krich géint Florenz befeelegt. Och hie gouf vu sengem Papp no politeschem Interessi bestuet, nämlech mat der Schwëster vum franséiche Kinnek. De Jang selwer bestuet sech dräi Joer méi spéit och mat enger Franséisin, mam Béatrice vu Bourbon.

[Änneren] Enn vu sengem Liewen

De Ludwig, vum Jang getäuscht, huet mëttlerweil net nëmmen Drohungen ausgeschwaat, mee se och wouer gemaach. Dës Feldzich hunn allerdéngs nëmmen zu enger Festegung vun der franséisch-lëtzebuergescher Koalitioun gefouert. Am Géigesaz dozou konnt d'Muecht zu Florenz net laang gehale ginn. No de Succès'e koumen an Italien d'Néierlagen. De Versuch Limburg zeréck ze eroberen, dat d'Famill 1288 verluer hat, wor e weideren Echec. Duerch dem Ludwig seng Politik huet de Jang och Kärnten verluer.

1337 ass hee bei engem Turnéier op engem A blann ginn. Dëst wor eng Ierfkrankheet, mat deer seng Famill scho laang geplot war. Am September 1340 verfügt de Jang a sengem Testament, datt seng Iwerreschter an der Zisterzienserabtei Clairefontaine solle bäigesat ginn. Am selwechte Joer reest heen op Montpellier, well heen do wéinst sengen Ae medezinesch Hëllef wollt kréien (mëttlerweil huet hee mat deem zweeten A och net méi gutt gesinn). No enger mësslongener medizinnescher Behandlung duerch de Guy de Chauliac verléiert de Jang och dat zweet A definitiv, wat him de Numm de Blannen abruecht huet.

Ee Joer méi spéit hëllt sech den däitsche Keeser Tirol vun de Lëtzebuerger. Seng Muecht a Schlesien konnt de Jang dogéint awer festegen.

Symbol ("badge") vun de Prënze vu Wales
Vergréisseren
Symbol ("badge") vun de Prënze vu Wales

De Jang stierwt den 26. August 1346 an der Schluecht vu Crécy. Heen soll komplett blann an d'Schluecht geridde sinn, zwee Ritter hätten em säi Päerd u Kette geféiert. Der So no ass no sengem Doud e "Schwaarze Ritter" unn heen erugetratt an huet säi Zimier, deen ännert aanerem aus zwee grousse Flileke bestaan huet, opgehuewen. Dee Ritter wier keen anere gewiescht ewéi de Prince of Wales Edward of Woodstock, deen aus Respekt virun dem virbildleche Ritter Jang gesot hätt: "There lies the Prince of Chivalry, but he does not die" ("Do läit de Fürst vun der Ritterlechkeet, mee hee stierft net") an och dem Jang säi Motto "Ich Dien" an Zimier, a Form vun dräi wäisse Strausseplommen, zum Symbol ("badge") vum Prince of Wales gemaach hätt. Der heiteger historescher Opfaassung no koumen déi zwéin sech awer ni méi no wéi op e puer honnert Meter.

De Jang de Blannen ass 1946, kuerz nom Zweete Weltkrich, zu Kastel un der Saar exhuméiert an op Lëtzebuerg an d'Krypta vun der Kathedral bruecht ginn.

[Änneren] D'Chronisten iwwert de Jang de Blannen

De Jean Froissart a senge Chroniques:

    • Li vaillans et gentilz rois de Behagne, qui s'appeloit messires Jehans de Lussembourch, car il fu filz a l'empereour Henri de Lussembourch, entendi par ses gens que li bataille estoit commencie; car quoique il fust la armés et en grant arroy, il ne veoit goutes et estoit aveules...
    • Adonc dist li vaillans rois a ses gens une grant vaillandise : "Signeur, vous estes mi homme et mi ami et mi compagnon. A le journee d'ui, je vous pri et requier tres especialement que vous me menés si avant que je puisse ferir un cop d'espee." Et cil qui dalès lui estoient, et qui se honneur et leur avancement amoient, li accorderent : si ques, pour yous acquitter, et que il ne le perdesissent en le presse, il s'alloierent par les frains de leurs chevaus tous ensamble; et missent le roy leur signeur tout devant, pour mieulz acomplir son desirier. Et ensi s'en alerent il sus leur ennemis...
    • Ne onques nulz ne s'en parti, et furent trouvé a l'endemain, sus le place, autour dou roy leur signeur et leurs chevaus tous alloiiés ensamble.


[Änneren] Famill

De Jang de Blannen ass deen eelste Bouf vum Heinrich VII. a senger Fra, der Margarete vu Brabant.

De Jang de Blanne bestuet 1310 d'Elisabeth (1292-1330), Duechter vum Wenzel II. vu Béimen a Schwëster vum Wenzel III. vu Béimen. Mat hir huet heen e puer Kanner:

De Jang de Blanne bestuet 1334 d'Béatrice vu Bourbon (1318-1383), Duechter vum franséischen Herzog Louis I. vu Bourbon. Mat hir huet heen och e puer Kanner:

  • Wenzel I. (1337-1383), Grof an dunn Herzog vu Lëtzebuerg
  • Bona (?)

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Cazelles, Raymond: Jean l'aveugle : comte de Luxembourg, roi de Bohème, Tardy, Bourges, 1947.
  • Pauly, Michel (Ersg.): Johann der Blinde, Graf von Luxemburg, König von Böhmen, 1296-1346, Section historique de l'Institut Grand Ducal, Lëtzebuerg, 1997.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck


Virgänger:
Heinrich VII.
Grof vu Lëtzebuerg
13131346
Nofolger:
Karl I.
Virgänger:
Heinrich vu Kärnten
Kinnek vu Béimen
13111346


Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com