Sekten
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Begrëff Sekten bezeechent gängegerweis reliéis Gruppéierungen, déi sech vun enger etabléierter Relioun ofgespléckt huet. Ze notéieren ass, datt de Begrëff u sech net onbedengt negativ, mee neutral ass (Etymologie: Den Terminus kënnt vum Laténgesche sequor - "nogoen"). Haut huet de Begrëff awer meeschtens eng negativ Konnotatioun, well an deene meeschte vun dëse reliéise Gruppéierunge Saache passéieren, déi net mat den elementare Mënscherechter vereenbar sinn. Et gëllt also ze ënnerscheeden tëschent enger Sekt am reliéis-theologesche Sënn an enger Sekt am soziologesch-ethesche Sënn. Och d'Chrëschtentum ass am reliéis-theologesche Sënn ursprénglech eng jiddesch Sekt. Sekte si manner wéinst dem Contenu vun hirer Léier problematesch, mee wéinst dem Konfliktpotential, dat si an hirem Entourage kreéieren.
Vun enger Sekt (am ethesche Sënn) kann ee schwätzen, wann e puer vu folgende Charakteristiken zoutreffen:
- Erwaardung, datt d'Welt geschwënn ënnergeet
- Staark Orientéierung un enger Führergestalt
- Bedéngungslose Gehorsam
- d'Bezuelen vun enger Zort vun Cotisatioun, dacks héije Beträg
- Trennung vun der Gesellschaft an déi Gutt (déi zur Sekt gehéieren) an déi Béis (déi net zur Sekt gehéieren)
Och wann d'Ofgrenzung schwiereg bleift, kann den Ënnerscheed tëschent enger Sekt an der Kierch, zum Beispill, am Ëmgank mat Regelbréch leien. Op béide Säite gëtt et Regelen. Hält ee sech als Member vun der Kierch net drun, muss een dat mat sengem Gewëssen ausmaachen. An enger Sekt allerdéngs huet een dacks mat eeschthafte Konsequenzen ze rechnen. Ënnert Sekten versteet een dofir am Allgeméngen e Group mat engem Guru (Chef) oder engem Haaptgrupp (Comité) déi aner Memberen ënnerdrécken an ënnert Angscht setzen, schaffen dinn, also méi oder wéineger Lëschtungsdrock ausüben, heiansdo esouguer zwangsprostituéieren. Wann e Member austriede well muss en alt domatt rechnen ëmbruecht ze ginn. Sekte fannen Zoulaf well vill Leit sech zu kénger etabléierter Relioun méi bekenne wëllen oder sech vun dësen enttäuscht fillen, an dann bei esou Organisatiounen Alternative sichen. Dacks hunn esou Institutiounen et op gutt situéiert Memberen ofgesinn, wou Ierwschaften ufaale kënnen. Et ass fir Elteren ziemlech schwéier hirt Kand oder e Familljemitglied dat an esou Fäng gerode ass ërem lasszëäisen. Hei gëtt mat all méigleche psychologeschen Methode geschafft psychesch Ofhängegkeet op Joeren opzebauen an haaptsächlech sämtlech Bindungen un d'Famill ze kappen.
Ze notéiere bleift, datt nei reliéis Gruppen oder Ofspaltunge vu gestanene Relioune iwwert d'ganzt Mënschheetsgeschicht entstane sinn - vill sinn der schonns erëm ënnergaangen, heiansdo esouguer duerch e Kollektivsuizid, eng ganz Rei iwwerliewen an Nischen, an e puer hun sech als nei Relioun etabléiert.