Joseph Pujol
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Joseph Pujol, gebuer den 1. Juni 1857 zu Marseille a gestuerwen 1945 war ënner dem Numm Le Pétomane e franséische Fuerzkënschtler.
De Pujol, gebuer a sengem Elterenhaus, op Nummer 13 an der rue des Incurables war eent vu fënnef Kanner vum Steemetzer a Sculpteur François Pujol a senger Fra Rose. No senger Schoulzäit ass de jonke Joseph mat 13 Joer an d'Léier bei e Bäcker gaang. Duerno war hie Bäckermeeschter am Quartier Saint Charles an engem vun den Häiser, déi säi Papp selwer gebaut hat.
1883 huet de Pujol sech mat der Elisabeth Olivier, engem Metzleschmeedchen, bestued. Si haten zéng Kanner, vun deenen der véier am Éischte Weltkrich agezu waren. Een dovu gouf gefaangegeholl, zwéin aner koumen als Krëppel erëm.
Schon als Jugendlechen hat hien erausfonnt, datt en eng seele Fähegkeet hat. Duerch eng speziell Otemtechnik konnt hien eng gréisser Quantitéit Loft schlécken, déi him et erlaabt huet, allerhand Melodien ze fuerzen.
No munnechen Optrëtter a Südfrankräich huet e sech beim Patron vum Cabaret Moulin-Rouge virgestallt, deen hien no enger kuerzer Demonstratioun direkt engagéiert huet. En hat seng éischt grouss Optrëtter am Éléphant du Moulin-Rouge, enger Bühn am Gaart hanner dem Gebäi, déi dekoréiert war mat engem Elefant, an déi sech, well se ënner fräiem Himmel war, gutt geeegent huet fir dem Pujol seng Konschtstécker.
Vum Le bon roi Dagobert iwwer Au clair de la lune bis zum Imitéiere vu Musekinstrumenter wéi Kontrabass, Tromm a Gei, dem Pujol säi Repertoire muss impressionant gewiescht sinn, well a senger Glanzzäit 1890 bis 1894 huet en am Owend duebel esouvill verdingt wéi d'Sarah Bernhardt. Déi beléifteste Nummer fir de verwinnte Paräiser Public war de klenge Flütteconcert mat Hëllef vun engem Schlauch.
No e puer Joer Succès op franséischen an auslännesche Bühne wollt de Pujol säin eegenen Här ginn. Hien huet sech eng kleng Kiermestheaterbud baue gelooss, den Théâtre Pompadour. Mat deem Etablissement ass hien, zesumme mat anere Kënschtler, bis 1914 duerch Frankräich gereest.
Vu do un huet hie mat der Fuezkonscht opgehal an e puer Bäckereien zu Marseille iwwerholl. 1922 ass en op Toulon geplënnert an huet do eng Firma gegrënnt, déi Kichelcher a Pain de régime gebak huet, an déi kuerz drop vu senge Jongen iwwerholl gouf. 1930 ass seng Fra gestuerwen.
De Joseph Pujol ass 1945, am Alter vun 88 Joer, am Krees vu senge Kanner gestuerwen. Hie läit um Kierfecht vu La Valette am Departement Var, wou ee säi Graf nach haut ka gesinn.
[Änneren] Literatur zum Thema
- Nohain, Jean a Caradec, François: Le Pétomane du Moulin-Rouge, Éditions Mazarine, 2000.
[Änneren] Film
- Il Petomane, 1983 vum Pasquale Feste Campanile mam Ugo Tognazzi.