Artemis (Mythologie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Artemis ass d'Duechter vum Zeus a vun der Leto, Zwillingschwëster vum Apollo (no enger So soll si souguer hierer Mamm gehollef hunn hieren Zwillingsbrudder op d'Welt ze bréngen). D'Artemis war am griichesche Mythos déi populärst vun alle Gëttinnen an huet zu den olympesche Gëtter gehéiert.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Etymologie
Den Urspronk vun hirem Numm ass net richteg gekläert. Mee wahrscheinlech ass d'Artemis aus dem Noen Oste komm. Si war un éischter Plaz eng jongfräulech Juegdgëttin, mee huet sech awer no a no a no mat anere lokale Gëttinnen vereenegt an doduerch weider Wiesenszich ugeholl, déi hier awer ursprénglech net eege waren.
[Änneren] Kult
Der Seechen no ass si, begleet vu Nymphen, mat Fäil a Bou duerch d'Bëscher gezunn a war d'Patrounin vun de Jeeër an Härin iwwert d'Déieren. Wien si beleidegt huet ass schwéier bestrooft ginn. Sou huet si z.B. D'Duechtere vun der Niobe an d'Aloaden déi den Olymp stierme wollten; den Aktaion, well deen se plakeg beim Buede gesinn hat an den Orion, deen se am Diskuswerfen erausgefuerdert hat. Nieft anere Beispiller ass och nach den Agamemnon ze ernimmen, deen si gekränkt hat a vun deem se dofir d'Afferung vu senger Duechter Iphigeneia verlaangt huet (wat se herno awer net duerchgezunn huet well den Agamemnon bereet war dat Affer ze bréngen).
Sou wéi si engersäits Verdierwe brénge kann, beschützt si anerersäits d'Liewen. Sou stoung si als Artemis Eileithyia de Fraen bei der Gebuert bäi an huet hinnen zu engem Accouchement ouni Péng verhollef. Wann eng Fra am Wochebett gestuerwen ass hunn d'Leit gegleeft dat si vum Fäil vun der Artemis getraff gouf. Si hunn der Gëttin d'Kleeder vun der Verstuerwener geaffert. Brautleit, a besonnesch déi jonk Meedecher, hunn hiere Schutz erbiet andeems se hir virun der Hochzäit Affer bruecht hunn.
Och als Vegetatiouns- a Fruchtbarkeetsgëttin trëtt d'Artemis an der Seechen an Erscheinung. Am Zesummenhang mam Bamkult ass hiert Bild a Beem a Sträicher gehaange ginn. Déi zu hieren Éieren hu jonk Männer a Meedecher Maskendänz opgeféiert (dacks mat Bieremasken) mat deelweis phallëschem Charakter hunn op si als Vegetatiounsgëttin higedeit, grad esou hier geleeëntlech Duerstellung als Kultbild mat ville Brëscht (z.B. Artemis vun Ephesos.
[Änneren] Kuckt och
- Selene
[Änneren] Entspriechungen
- Broteas
- Diana