Pazifikkrich
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eigentlech ass den Zweete Weltkrich mam Iwwerfall vun de Japaner op China am Joer 1937 ugaang. An Asien huet Japan eréischt am August 1945 d'Waffen néiergeluecht, nodeems zwou Atombommen Hiroshima an Nagasaki zerstéiert haten. De facto huet de japaneschen Keeser de 15. August iwwert de Radio de Krich als verluer erklärt, formell gouf d’Kapitulatioun awer den 2. September 1945 um amerikanesche Schluechtschëff USS Missouri ënnerschriwwen.
Allgemeng gëllt awer den 1. September 1939 als Ufanksdatum, deen Dag wou Däitschland Polen ugegraff huet, an huet, fir Europa, bis den 8. Mee 1945 gedauert.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] De laange Wee an de Krich
[Änneren]
1853-1935
[Änneren] Vum Isolationismus zum Imperialismus
D'Wuerzele vun der aggressiver Expansiounspolitik, déi Japan dozou bruecht hunn 1941 d'Vereenegt Staate vun Amerika an hir Alliéiert ze attackéieren, gi wäit zeréck.
Bis 1853 hat Japan sech komplett isoléiert an et ass weder e Wueren- nach e Kulturaustausch ginn. An deem Joer ass den amerikanesche Commodore Matthew C. Perry mat sengem Krichschëff an d'Bucht vun Tokyo gesegelt an huet quasi mat Waffegewalt Japan vum Mëttelalter an déi modern Zäit katapultéiert.
D'Japaner hu sech ganz séier un de westleche Standard vun der Masseproduktioun a Konsumgesellschaft ugepasst, mee si hunn natierlech och am diplomateschen a militäresche Beräich gutt geknäipt. Bis 1894 huet Japan ee Krich géint China fir Korea, Formosa, d'Mandschurei an d'Hallefinsel Liatung ze besëtze gefouert a gewonn.
D'Hallefinsel Liatung woar awer wéinst den Häfe Port Arthur an Dairen immens wichteg fir Russland, Däitschland a Frankräich. Duerch e behäerzt Agräife vun dëse Länner koum Liatung ënnert d'Kontroll vu Russland. Awer nëmme bis 1904, dunn huet nämlech Japan dem Zar vu Russland net nëmme Liatung ewechgeholl, mee och ee gudden Deel vun der Mandschurei an ee Koup Schëffer versenkt.
Japan huet virun allem d’Unerkennung vun der westlecher Welt gesicht, ee Grond firwat d'Mandschurei net einfach ausgebeut ginn ass, mee et si ganz beträchtlech Fongen investéiert ginn. Honnertdausende vu Siidler aus Japan, China a Korea hu sech do een neit Liewen opgebaut. Virun allem Japan huet massiv demographesch Problemer gehat, well et zënter 1853 zu enger regelrechter Bevëlkerungsexplosioun komm woar.
[Änneren] Nationalismus an Expansiounsdrang
Et gouf eng Rei vun nationalistesche Bewegungen a Japan. Dës konservativ Gruppe wollten entweder d'Mandschurei als Vasallestaat krééieren, oder si wollte ganz einfach China als Muechtfaktor an Ostasien ausschalten. Eng kleng Grupp ronderëm d'Offizéieren Ishihara an Itagaki hunn de 4. Juni 1928 de Marschall Chang Tso-Lin ëmbruecht. Hie woar de Chef vun der japanescher Kwantung Arméi an der Mandschurei, also quasi vun der Regierung vun dëser Provënz. No sengem Doud hunn den Ishihara an den Itagaki alles dru gesat fir Japan ëmmer méi an der Mandschurei fest ze setzen, wat hinnen och gelong ass. Den Prënz Mikasa, jéngste Brudder vum Keeser Hirohito, huet an engem Interview 1966 gesot, datt dës Aktiounen d'Wuerzel vum spéidere Krich géint Amerika woaren. Effektiv huet dëst Attentat mëttelfristeg zum Krich mat China gefouert.
[Änneren] Japan am Eischte Weltkrich
Am Eischte Weltkrich huet Japan op der Séit vun der Entente gekämpft an zum Beispill Inselen am Pazifik besat, déi zum déitsche Kolonialräich gehéiert haten.
[Änneren] China um Ufank vum 20.Joerhonnert
Zënter dem Boxer-Opstand am Joer 1900, wou een internationalt Expeditiounskorps vun europäeschen, amerikaneschen a japaneschen Truppen Beijing (Peking) besat haten, hunn dës Länner dierfen Truppen op strategesch wichtege Punkten a China ënnerhalen. China dat an engem Biirgerkrich tëscht Nationalisten a Kommunisten woar, huet duerch Vermëttlung vum d'Chou En-lai den Chiang Kai-chek an de Mao Tse-tung mat engem gemeinsamen Zil vereenegt: d'Japaner aus China ze verdreiwen. Dës Allianz gouf formell de 5. Juli 1937 ënnerschriwwen.
[Änneren]
1936
[Änneren] Wichteg Deeg:
- 26. November 1936 zu Berlin: Japan an dat Däitscht Räich ënnerschreiwen den Antikomintern-Pakt. Et ass net méi laang bis d'Ax Berlin-Roum-Tokyo steet.
[Änneren] Militärputsch zu Tokyo
Nationalistesch Bewegungen hunn tëscht dem Éischten an dem Zweete Weltkrich ëmmer méi Zouwues kritt an eng ganz Rei vun Attentater goufen ausgefouert "fir dat Bescht vum Vollek" . A Japan gouf e Verbriechen dat zum Wuel vum Vollëk gemeet gouf, nëmme liicht bestrooft. Ganz dacks hu sech d'Attentäter awer duerch Hara-kiri (Suizid) den Éierendoud ginn. Gekokujo gëtt dat genannt, Insubordinatioun. Gekokujo huet eng laang Traditioun an d'Shogun hunn dat op allerhéchster Instanz bedriwwen, de Keeser hat nämlech do net vill ze radetten.
An der Nuecht vum 25. op de 26. Februar 1936 huet déi stäerkst nationalistesch Bewegung mat der Hëllef vun der Kempetai (Militärpolizei) an der 1.Divisioun vun der regulärer Arméi eng Rebellioun ugefaang, mat dem Zil den Keeser vun hirer Reformpolitik z'iwwerzeegen. Déi wichtegst Politiker sollten entweder ëmbruecht ginn oder festgeholl ginn, fir dass sie sech beim Tenno (Keeser) fir Reforme sollten asetzen. Grondgedanke ware Reformen; d’Economie vu Japan war an den Trëndel vun der grousser Depressioun an Amerika an Europa gezu ginn, si waren zum Beispill géint een Ugreff op China. E klengen Extrait aus hirem Pamphlet: "…de Kaiser régéiert mat onverännerter Muecht…fir datt all Mënsch ënnert der Sonn säi Liewe ka voll a ganz genéissen. Déi lescht Jore sinn allerdéngs ëmmer méi Persounen opgedaucht, deenen et just dorëms geet, sech perséinlech materiell ze beräicheren, onofhängeg vum Wuelstand vun der Allgemengheet…".
De Putsch, a Japan ënnert dem Numm 2/26 bekannt, gouf schonn no zwee Deeg vun de Rebellen opginn a koum onbluddeg op en Enn, ausser natierlech fir déi siwe Politiker, déi hirt Liewe gelooss hunn, wéi och déi 13 Offizéier a 4 Zivilisten, déi zum Doud verurteelt an den 12. Juli 1936 higeriicht goufen.
D’Arméi wollt ënner allen Ënstänn een zweet 2/26 verhënneren. Dofir sinn d'Sympathisante vun der Keeserlecher Clique an d'Pensioun oder op onbedeitend Poste wäit ewech vum Muechtzentrum Tokyo geschéckt ginn. Awer d’Arméi wollt de Problem un der Wuerzel paken, nämlech Aarmut a Korruptioun bekämpfen, op hir Aart a Weis natierlech. Zum Beispill ass d'Krichsrecht, während der Rebellioun ausgeruff ginn, méintelaang oprecht erhale ginn, an d'Militär huet ëmmer méi Afloss op d'Politiker geholl. Den neie Premierminister Hirota huet dem Dirängele vun der Arméi noginn, datt de Krichsminister muss vun den héchsten dräi Genereel vum Militär approuvéiert ginn. Domat hat d'Militär en Instrument an de Grapp kritt, fir all Regierung kënnen zum Recktrëtt ze zwéngen. Esou wollt d’Arméi, oder besser d'Kontroll Clique wéi se genannt gouf, d'Reforme vun der 2/26 Grupp ëmsetzen. Natierlech sinn si hirer Basisiddi vun enger Expansioun a China trei bliwwen.
Mee och ouni Keeserlech Clique waren nach ëmmer aflossräich Leit zu Tokyo, déi d'Expansioun wollten andämmen, sou wéi z.B. den Ishihara. Hien a seng Unhänger waren nach ëmmer fir eng Industrialiséirung vun der Mandschurei, besser Relatiounen mat National China ënnert dem Chiang Kai-chek an hunn nach ëmmer d’Kommunisten (a Russland an a China) als hiren Haaptfeind ugesinn. Op kee Fall wollte si e Konflikt mat de USA oder Groussbritannien.
[Änneren] Japaneschen Afloss an Nordchina
An de Joren 1935 an 1936 huet de Befehlshaber vun der japanescher Kwantung-Arméi an der Mandschurei, de Generol Kenji Doihara, et fäerdeg bruecht datt déi fënnef nërdlechst chinesesch Provënze sech vu China ofgespléckt haten. Zum Schutz vun den neie Kollegen, an natierlech de japaneschen Interessen sinn 5000 japanesch Zaldoten an dës Provënzen ageréckt.
[Änneren] De Chinesesch-Japanesche Krich
[Änneren]
1937
[Änneren] Wichteg Deeg :
- 7. Juli 1937: Beijing (Peking), bei der Marco Polo-Breck schéisse chinesesch a japanesch Zaldoten openeen.
- 11. Juli 1937: Tokyo, d’Chamber vu Japan stellt dem Militär méi finanziell Mëttel zur Verfügung fir adequat Moossnahme géint déi chinesesch « Aggressioun » ze ënnerhuelen.
- 16. Juli 1937: D’Fuederunge vu Japan u China fir den Konflikt friddlech béizeleeën.
- September 1937: japanesch Truppen starten eng Groussoffensiv an de Süde vu China.
- 5. Oktober 1937: de Franklin D.Roosevelt, Präsident vun den USA hält seng berühmt Quarantän Ried
- 13. Dezember 1937: japanesch Truppen besetzen d’Haaptstad vu China, Nanking.
- 14. Dezember 1937: Japan declaréiert déi Virleefeg Republik China
[Änneren] Den Tëschefall bei der Marco Polo Bréck
Tëscht Februar a Juni 1937 ass d'Parlament vum Hirota opgeléist ginn, well de Krichsminister zeréckgetruede war. D’Arméi huet probéiert een aneren Hardliner an déi nei Regierung ze kréien. Japan stung virun der Entscheedung weiderhinn eng parlamentaresch Monarchie ze bleiwen oder awer faschistesch ze ginn.
Den neie Premier Minister, den Senjuro Konoye, een 46 Joer jonke Mann, hätt kennen d’Saach retten. Hie woar vun alle Säiten unerkannt a wollt Japan mat Reformen an een neit Zeitalter bréngen.
Den 7. Juli 1937 ass et bei der Marco Polo-Breck, no bei Beijing (Peking), zu enger Schéisserei tëscht japaneschen a chineseschen Truppen komm. No engem éischten Schosswiessel, bei deem ee japaneschen Zaldot emkoum, hun déi responsabel Offizéieren ee Waffestëllstand ausgehandelt. Leider koum et direkt drop nees zu engem Schosswiessel, deen zu enger japanescher Konterattack gefouert huet. Den nächsten Dag sinn d’Japaner an d’Chinesen sech awer eens ginn an d’Japaner hu sech zeréckgezunn. Währenddeems gouf nees op si geschoss, déi zwou Säiten hu sech géigesäiteg d’Schold ginn.
No dem Krich hunn d’Genereel vu beide Säiten hir Meenung gesot dass dee ganzen Tëschefall entweder vun japanesche radikalen Militärs oder vun de chinesesche Kommunisten ugestiwwelt gi war. Virun allem déi kommunistesch Theorie schéngt plausibel, well et zum Mao Tse-tung senger Stratégie gepasst hätt, fir Nationalchina géint d’Japaner auszespillen.
Nodeems d'Parlament zu Tokyo zesumme mat dem Militär fir d'éischt op Déeskalatioun gesat hat, huet ee Grupp vun Expansionisten et fäerdeg bruecht, de Konoye an esouguer den Ishihora dovunner z'iwwerzeegen, datt et néideg wier, zum Schutz vun de Japaner an Nordchina, Truppen ze schécken. 4 Divisiounen an 2 Brigade sinn doropshin a Richtung Nordchina a Marsch gesat ginn.
Bei der Marco Polo-Bréck ass och een neie Waffestëllstand gebrach ginn. Dës Kéier hunn déi zwee hëchst Genereel vu béide Säiten, den Sung Chi-yuen an den Hashimoto (iwwregens gutt Kollegen) de Stréit béigeluecht.
Leider hat keng vun den zwou Regierungen ëppes dovunner mattkritt. De 16. Juli huet Tokyo eng Note un den Chiang Kai-chek geschéckt, keng Truppe méi an Nordchina ze schécken. Dësen war doriwwer natierlech esou rosen, schliisslech war dat eng direkt Amëschung an bannenzech Ugeleeënheete vu China, datt hien eng aggressiv Äntwert ginn huet. Elo eréischt koum dem Hashimoto säi Message zu Tokyo un, datt alles an der Rei ass. Tokyo stoppt all Truppebewegung an esouguer d’Expansionisten otmen op, datt de Krich nach eng Kéier konnt verhënnert ginn.
[Änneren] Eskalatioun vum japanesch-chinesesche Konflikt
Ouni konkret Reaktioun vum Chiang Kai-chek op déi nei Situatioun kennt et de 25. Juli zu Lanfong, eng 70 Kilometer südlech vu Beijing, nees zu enger Schéisserei déi ganz séier eskaléiert. Dem Hashimoto säi Chef scheckt direkt massiv Verstärkungen op Lanfong. Nach Méi schlëmm, 1 Divisioun gouf op Schanghei, an eng aner op Tsingtao geschéckt.
De 27. Juli declaréiert de Premier Konoye datt Japan elo eng "Nei Uerdnung" an Asien géif schafen. D’Japaner waren sech eens, datt déi japanesch Interessen a China beschützt misste ginn.
De Generol Katsuki lancéiert eng Strofexpéditioun géint d’chinesesch Arméi.
Den 28. Juli bombardéiere japanesch Loftsträitkräft dräi chinesesch Stied a japanesch Buedemtruppen hu Beijing ugegraff.
[Änneren] Japan an d’Vereenegt Staate vun Amerika op Konfrontatiounskurs
Den 5. Oktober 1937 hält de Frankin D. Roosevelt, Präsident vun den USA, seng Quarantän Ried an därer hien d’Welt oprifft Japan ënnert Quarantän ze stellen, soll heeschen Japan vum Welthandel auszeschléissen. Den Dag nodeems de Vëlkerbond Japan offiziell wéinst dem Krich géint China verurteelt schléisse sech d’USA dësem Communiqué un. Déi japanesch Réaktioun ass séier a batter. De Matsuoka, ee japaneschen Diplomat verbreet datt Japan amgaang wier ze expandéieren an datt et normal wier wann aner Länner dat als eng Bedroung géifen ugesinn. Et kéint ee jo d’Indianer vu Nord- a Mëttelamerika froe wéi si d’Expansioun vun de Vereenegte Staate emfonnt hätten.
[Änneren] Japanesch Krichsziler
Am sëlwechten Otemzuch huet de Matsuoka déi zwee Krichsziler vu Japan kloer ernimmt : de Kolonialismus vum wäisse Mann an Asien opzehaalen de Kommunismus zeréckzedrängen Japan géif also quasi fir ganz Asien d’Kréiz droen, Endzil woar d’Schaafung vun enger Groussasiatescher Wuelstandssphär ënnert japaneschem Schutz.
[Änneren] Kanouneboot-Tëschefall um Yangtze
Am Dezember 1937 sin zwee Kanounebooter, een amerikanescht an ee britescht, um Yangtze Floss a China vu japaneschen Truppen ugegraff ginn. Doropshin huet de Franklin D.Roosevelt nach eemol, vergeblech, probéiert de britesche Premier Neville Chamberlain dozou ze bréngen Japan ënnert Quarantän ze setzen. Déi zwou Krichsmarine hu schonn d'Pläng fäerdeg am Tirang leien fir d'Blockade ronderëm Japan ze leeën. Mee leider bleiwen dës Pläng am Tirang.
Nodeems Japan sech offiziell entschëllegt hat gouf den Tëschefall ad acta geluecht.
[Änneren] De Fall vun Nanking
Den 13. Dezember 1937 ass Nanking, déi deemoleg chinesesch Haaptstad, a japanesch Hänn gefall. Obschonns den zoustännege Generol Matsui sech fir eng friddlech an ziviliséiert Besetzung agesat huet, koum et zu grausame Schluechtereien a brutalen Iwwergrëff op d'Zivilbevëlkerung. Méi wéi ee Mount laang hunn déi japanesch Besatzungstruppe gehaust wéi déi Wëll. Esouguer déi verbündet Däitsch hunn an hiren offizielle Rapporten déi japanesch Arméi eng bestialesch Maschinerie vernannt. Ongeféier een Drëttel vun der Stad ass niddergebrannt ginn, Massenexekutioune vu Männer am krichsfähegen Alter, Vergewaltegunge vu Fraen, kalbliddeg Märdereien u Kanner an ale Leit woaren alldeeglech. Et gëtt geschat datt méi wéi 300.000 Zivilisten hiert Liewe verluer hunn.
[Änneren]
1938
[Änneren] Wichteg Deeg
- 16. Januar 1938 : Japan brëcht all Verhandlungen mat National-China of.
- Mäerz 1938 : d’Chamber zu Tokyo stëmmt Gesëtzer déi der Arméi quasi d’Kontroll iwwert ganz Japan ginn.
- 12. Juli 1938 : sowjëtesch Truppen besetzen een Deel vum japanesche Vasallestaat Mandschukuo (Mandschurei).
[Änneren] Kee Wee méi zeréck !
Ufank 1938 hun déi japanesch Autorithéiten eng leschte Kéier d’Hand a Fridden no China ausgestréckt. Allerdings woaren d’Konditiounen inakzeptabel. De 16. Januar 1938 huet de japaneschen Premier Konoye all Verhandlunge mat National-China ofgebrach, fir an Zukunft nach just mat der chinesescher Marionette-Regiurung zu Beijing ze verhandelen. Am Mäerz 1938 goufe Gesëtzer gestëmmt, déi der Arméi total Bewegungsfräiheet an alle krichsrelevanten Affären ginn huet. D’Economie gouf op Krichséconomie ëmgestallt an d’Bevëlkerung gouf op de Krich bis zum batteren Enn virbereed.
Kokutai a Kodo woaren déi zwee grouss Sloganen fir d'Japaner an och all aner asiatesch Vëlker ënnert dem Fändel vun der Sonn, déi opgeet ze vereenegen, am Kampf géint de wäisse Kolonialismus an de roude Kommunismus.
[Änneren] Wat woar soss nach lass an der Welt
- 4. Februar 1938: den Adolf Hitler ernennt sech selwer zum Oberbefehlshaber vun der däitscher Wehrmacht.
- 12. Mäerz 1938: däitsch Truppen besetzen Éisträich. Offiziell sin 99% vun der Bevëlkerung fir den Anschluss.
- 25. Juli 1938: bei engem Bommenattentat vun der jüdescher Ënnergrondorganisatioun Irgun stierwen zu Haifa 39 Araber, 46 ginn der verwonnt.
- 8. August 1938: zu Mauthausen gëtt dat éischt KZ an Eisträich gebaut.
- 15. August1938: d'Passagéierschëff HMS Queen Mary kritt dat begierte Blot Band fir déi séierst Atlantikiwwerquerung.
- 23. September 1938: déi tschechesch Regierung wëll näischt vun enger Oftriedung vum Sudetegebitt wëssen
- 29. September 1938: op dem sougenannte Münchner Ofkommes stëmmen Frankräich, Groussbritannien an Italien enger däitscher Annexioun vum Sudeteland zou.
- 1. Oktober 1938: däitsch Truppe marschéieren an d'Sudeteland an.
- 30. Oktober 1938: D'Radioiwwerdroung vum Hörspill Krich vun de Welten nom Roman vum H. G. Wells vum Orson Welles an dem Mercury Theatre on the Air op CBS léist an den USA Panik aus.
- 9. November 1938: Reichskristallnacht. 91 Juden ginn ëmbruecht, 26.000 verhafft an an d'KZ bruecht, 191 Synagogen ginn ofgebrannt, 76 ginn der démoléiert, 7500 Buttéker vu Judden an 171 Häiser ginn zerstéiert.
[Änneren]
1939
[Änneren] Wichteg Deeg
- 14. Februar 1939: Zu Hamburg leeft dat gréissten däitscht Schluechtschëff, d'Bismarck vum Stapel.
- 21. Februar 1939: Zu Newcastle an England leeft d'Schluechtschëff King George V. vum Stapel.
- 15. Mäerz 1939: Däitsch Truppen marschéieren an der Tschechoslowakei an.
- 24. Mäerz 1939: Groussbritannien a Frankräich wëllen sech géigenséiteg ënnerstetzen falls sie vun Däitschland ugegraff ginn.
- 31. Mäerz 1939: Groussbritannien garantéiert de Polen hir Hëllef am Fall vun engem Ugrëff duerch däitsch Truppen.
- 7. Abrëll 1939: Den italieneschen Duce, de Benito Mussolini marschéiert an Aethiopien an.
- Mee 1939: Hallef China ass besat, d'Japaner kämpfen un zwou Fronten, géingt dem Chiang Kai-chek seng nationalchinesesch Truppen a géint dem Mao Tse-tung seng kommunistesch Arméi.
- 19. Mee 1939: Frankräich a Polen schléissen ee geheimen Militärpakt.
- 22. Mee 1939: Italien an Däitschland schléissen ee Frëndschafts- a Bündnispakt.
- 23. August 1939: De Stalin an den Hitler ënnerschreiwen den Däitsch-Sowjeteschen Netugrëffspakt.
- 1. September 1939: Däitsch Truppen iwwerfale Polen, den Zweete Weltkrich huet definitiv ugefaang.
- 3. September 1939: Groussbritannien a Frankräich erklären Däitschland de Krich.
- 17. September 1939: Wéi am Netugrëffspakt geheim festgehal, marschéieren sowjetesch Truppen an den östlechen Deel vu Polen an.
- 6. Oktober 1939: Déi lescht polnesch Zaldoten kapituléieren.
- 30. November 1939: Russesch Fliiger bombardéieren déi finnesch Haaptstad Helsinki, de Finnesch-Sowjetesche Wanterkrich huet ugefaang.
- ?? 1939: D'Vereenegt Staate vun Amerika kënnegen den Handels- a Schëffsvertrag mat Japan : wichteg Matière premièrë (Gummi, Ueleg etc.) kënnen net méi a Japan exportéiert ginn.
[Änneren] De Krich a China gëtt zum Stellungskrich
Déi japanesch Offensiven a China bleiwe stiechen, de chinesesche Widerstand weist éischt Erfolleger. Dëse Widerstand gëtt ëmmer méi massiv mat Material beliwwert wat direkt aus den USA kënnt. Natierlech bleift déi offiziell Politik vun den Amerikaner neutral.
[Änneren] Déi japanesch-russesch Relatiounen
Traditionnell schlecht, no dem russesch-japanesche Krich vun 1904-05 dee Japan konnt fir sech entscheeden hun d'Russe sech allerdings mat Aggressiounen zeréckgehalen. An de Joren 1938 an 1939 koum et ëmmer méi dacks zu Grenzstreidereien an der Mandschurei, tëscht Japan an der Sowjetunioun. Dëst huet zu ausgewuessene Schluechten gefouert déi d'Japaner 1939 méi wéi 50.000 Zaldoten kascht hunn. Dëse Konflikt hat zwou direkt Konsequenzen. Éischtens huet dat japanescht Militär eng radikal Moderniséierung vun der ganzer Arméi duerchgesat an zweetens huet sech Japan ëmmer méi zu Däitschland an Italien higezu gefillt.
[Änneren] Wat woar soss nach lass an der Welt
- 9. Februar 1939 : Op der Palästina-Konferenz zu London plädéieren d’Araber dofir datt keng Juden méi a Palästina sollen awanderen, an datt Palästina soll een Araber-Staat ginn.
- 28. Mäerz 1939 : De Franco eruewert Madrid. De spuenesche Biirgerkrich ass domat entscheed.
- 28. Juni 1939 : Déi amerikanesch Fluggesellschaft PanAm mescht deen éischten Passagéierflug USA-Europa
- 30. Juli 1939 : De Belsch Sylvère Maes gewënnt den Tour de France
- 17. August 1939 : Première fir de Film The Wizard of Oz mam Judy Garland
- 15. Dezember 1939 : De Film Gone with the Wind mam Clark Gable a Vivien Leigh huet Première an den USA
[Änneren]
1940
[Änneren] Wichteg Deeg
- 12. Mäerz 1940: De Finnesch-Sowjetesche Wanterkrich ass fäerdeg. Dat klengt Finnland muss zwoar verschidde Géigenden un d'Russen oftrieden, mee bleift ee souveräne Staat. Zënter dem 22. Juni 1941 zéien d'Finne mat den däitschen Zaldoten géint d'Sowjetunioun an de Krich.
- 9. Abrëll 1940: Däitschland iwwerfält déi neutral Länner Dänemark an Norwegen.
- 10. Abrëll 1940: Dänemark kapituléiert.
- 10. Mee 1940: Däitsch Truppe marschéieren an Holland, der Belsch an a Lëtzebuerg an. De Westfeldzuch huet ugefaang.
- 10. Juni 1940: Nodeems déi franséisch an englesch Truppen Norwegen verlooss hunn, kapituléiert Norwegen virun der däitscher Arméi.
- 10. Juni 1940: Italien trëtt un der Säit vun Nazi-Däitschland an de Krich an, a gräift Süd-Frankräich un.
- 14. Juni 1940: Däitsch Truppe besetze Paräis.
- 15. Juni 1940: Sowjetesch Truppe besetze Litauen, Lettland an Estland.
- 22. Juni 1940: De Krich a Frankräich ass eriwwer. D'Franzousen ënnerzeechnen ee Waffestëllstand mat dem Däitsche Räich.
- 13. August 1940: D'Loftschluecht ëm England fänkt un.
- 27. September 1940: Den Dräierpakt tëschent Däitschland, Italien a Japan ass offiziell ënnerschriwwe ginn.
- 28. Oktober 1940: Italien erkläert Griicheland de Krich. Italienesch Truppe gräife vun Albanien aus Griicheland un.
- 13. November 1940: Zu Montreal a Kanada forméiert d'Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg eng Exilregierung.
- November 1940: Ungarn, Rumänien an d'Slowakei trieden dem Dräierpakt béi.
[Änneren] Indochina
De Krich a China ass zum Stellungskrich ginn, an déi japanesch Generäl denken un de Réckzuch, zeréck an Nordchina. Dëse Pessimismus gëtt am Mee-Juni 1940 spontan zum Optimismus an nach méi zum Opportunismus. Déi däitsch Wehrmacht huet nämlech an aacht Wochen d'Benelux Staaten a Frankräich iwwerannt an dobäi och nach déi bescht englesch Truppen zerstéiert. D'Japaner hunn hir grouss Chance gesinn, Frankräich Indochina ewechzehuelen. Mat senge Matière premièrë Gummi, Bläi, Tungsten, Kuel a Räis woar Indochina fir Japan liewenswichteg! Et huet net laang gedauert bis déi franséisch Vichy-Regierung de Japaner et erlaabt huet Militärbasen an Indochina opzeriichten. Vun dësen ass dann och prompt China ugegraff ginn.
[Änneren] Den Dräierpakt
De 27. September 1940 ass den Dräierpakt tëscht Däitschland, Italien a Japan offiziell ënnerschriwwe ginn. Dëst huet natierlech d'Amerikaner nach méi dovunner iwwerzeegt datt Japan net besser wier wéi Nazi-Däitschland oder de Faschismus an Italien. D'Japaner hu sech vun dësem Kontrakt versprach, datt d'Amerikaner net esou séier militäresch géingen agräifen, aus Angscht virun engem Krich an Europa. Et sief nach gesot datt souwuel de Keeser wéi och d'Krichsmarin vu Japan géint dëse Pakt woaren.
[Änneren] Wat woar soss nach lass an der Welt
- 7. Mäerz 1940 : D'Luxuspassagéierschëff Queen Elizabeth leeft um Enn vu senger Jungfernfahrt zu New York an den Hafen eran.
- 28. Mäerz 1940 : Dem Alfred Hitchcock säi Film Rebecca feiert zu New York Première.
- 31. Mäerz 1940 : Zu New York gëtt de modernste Fluchhafen vun der Welt, den La Guardia Airport opgemeet.
- 21. Abrëll 1940 : Den Tour de France gëtt ofgesot.
- 3. Mee 1940 : Den IOC annuléiert d'Olympesch Spiller vun 1940.
- 15. Mee 1940 : Déi éischt Nylons-Strëmp kommen an Amerika op de Moart.
- 15. Oktober 1940 : Dem Charles Chaplin säi Film The Great Dictator leeft un.
- 5. November 1940 : De Roosevelt gëtt fir déi drëtte Kéier Präsident vun Amerika.
- 13. November 1940 : De Film Fantasia vum Disney kënnt eraus.
[Änneren]
1941
[Änneren] De Krich gëtt zum Weltkrich
[Änneren] Japan besetzt Südostasien
[Änneren] Wichteg Deeg:
- 7. Dezember 1941: Japanesch Fligere gräifen onerwoart vun hire Fligerschëffer den Haaptstützpunkt vun der amerikanescher Marine zu Pearl Harbor op Hawaii un.
- 8. Dezember 1941: Japanesch Truppe ginn iwwert déi thailännesch Grenz a gräifen och dat britescht Hong-Kong un.
- 10. Dezember 1941: Invasioun vun de Philippinen an der Insel Guam duerch d'Japaner.
- 11. Dezember 1941: Burma gëtt vun de Japaner ugegraff.
- 15. Dezember 1941: Een amerikanescht U-Boot versenkt dat éischt japanescht Handelsschëff.
- 16. Dezember 1941: Britesch Borneo gëtt vun de Japaner ugegraff.
- 18. Dezember 1941: Hong Kong gëtt vun de Japaner ugegraff.
- 22. Dezember 1941: Luzon op de Philippine gëtt vun de Japaner ugegraff.
- 23. Dezember 1941: De Generol Douglas MacArthur zitt sech vu Manila op Bataan zeréck; Japaner besetzen d'Insel Wake.
- 25. Dezember 1941: D'britesch Truppen zu Hong Kong kapituléieren.
- 26. Dezember 1941: Manila gëtt zur oppener Stad erklärt.
- 27. Dezember 1941: Japanesch Fligere bombardéiere Manila.
[Änneren] Wichteg Schluechten:
- 7. Dezember 1941: Attack op Pearl Harbor
- 8. Dezember 1941: Japanesch Truppe gräifen Thailand un
- 8. Dezember 1941 - 25. Dezember 1941: Schluecht vun Hong-Kong
- 10. Dezember 1941: Versenkung vun der HMS Prince of Wales an der HMS Repulse
- 22. Dezember 1941 - 6. Mee 1942: Schluecht em d’Philippinen
[Änneren] Wat woar soss nach lass an der Welt
- Den 22. Juni 1941 iwwerfällt Nazidäitschland d'Sowjetunioun.
- Den 19. Abrëll gëtt dem Bertolt Brecht säi Stéck "Mutter Courage und ihre Kinder" am Schauspielhaus Zürich ënner der Regie vum Leopold Lindtberg uropgefouert.
[Änneren]
1942
[Änneren] Spillfilmer iwwer de Pazifikkrich
- Windtalkers, USA 2002, Regie: John Woo, mam: Nicolas Cage, Christian Slater, an Aneren. Am Film geet et ëm d'Eruewerung vun der Insel Saipan duerch US-amerikanesch Truppen.
- Pearl Harbor, USA 2001, Regie: Michael Bay, mam: Ben Affleck, Jon Voight, an Aneren. De 7. Dezember 1941; de japaneschen Ugrëff op Pearl Harbour.
- Snow Falling on Cedars (dt.:Schnee, der auf Zedern fällt), USA 1999, Regie: Scott Hicks. No Pearl Harbour goufen US-Awunner mat japaneschen Originnen a Lageren agespaart.
- The Thin Red Line, USA 1998, Regie: Terrence Malick, mam: Sean Penn, John Cusack, Adrien Brody, an Aneren.
- Midway, USA 1976, Regie: Jack Smight, mam: Charlton Heston, James Coburn, Henry Fonda.
- Tora! Tora! Tora!, USA 1970, Regie: Richard Fleischer, Kinji Fukasaku. Dëse Film weist den Ugrëff op Pearl Harbour vu beede Säiten.
- From Here to Eternity , USA 1953, Regie:
- Sands of Iwo Jima, USA 1949, Regie: Allan Dwan, mam: John Wayne.
- Back to Bataan', USA 1945, Regie: Edward Dmytryk, mam: Anthony Quinn, John Wayne.
- They Were Expendable (dt.:Schnellboote vor Bataan), USA 1945, Regie: John Ford, mam: Robert Montgomery, John Wayne, Donna Reed, Jack Holt.
- The Purple Heart, USA 1944, Regie: Lewis Milestone, mam: Dana Andrews, Richard Conte.
- The Fighting Seabees (dt.:Alarm im Pazifik), USA 1944, Regie: Edward Ludwig, mat : Susan Hayward, John Wayne.