Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Helsinki - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Helsinki

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Helsinki / Helsingfors
Land Finnland
Koordinaten: 60° 10' N; 24° 56' O
Fläch: 686 km²
Awunner: 559.330 (2005)
Bevëlkerungsdicht: 2.996 / km²
Héicht: 25 m i. NN
Buergermeeschter: Jussi Pajunen

Helsinki (finn., schwed. Helsingfors) ass d'Haaptstad vu Finnland. D'Stad läit am Süde vum Land, direkt un der Küst vum Ostmier. Zesumme mat de Nopeschstied Espoo, Vantaa an Kauniainen huet d'Haaptstadregioun Helsinki (finn. Pääkaupunkiseutu, schwed. Huvudstadsregionen) ronn 1,2 Milliounen Awunner.

Nodeems ca. 6% vun der Bevëlkerung schwedesch als Mammesprooch hunn, ass d'Stad, no finneschem Gesetz, offiziell zweesproocheg.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Geschicht

D'Festung Suomenlinna vum Mier aus gesinn
Vergréisseren
D'Festung Suomenlinna vum Mier aus gesinn

Helsinki gouf 1550 op Uerder vum schwedesche Kinnek Gustav Vasa I. gegrënnt fir der - deemools russescher - Hafestad Reval (haut Tallinn) Konkurrenz op den hollännesch-russeschen Handelsrouten an der Ostmierregioun ze maachen. Nodeems d'Schweden awer schonn e puer Joer drop (1561) Estland, an domat och Reval, ënnert hir Kontroll kruten, hat de Projet Helsinki zënterhier keng Prioritéit méi fir d'schwedescht Kinnekshaus.

Ongënschteg fir d'Entwécklung vun de Siidlunge war och hir geographesch Lag. 1640 gouf Helsinki op Decisioun vum schwedesche Verwalter dofir kuerzerhand méi no un d'Mier, bei d'Mündung vum Floss Vantaa, geréckelt. Nodeems d'Russen am Laf vum 18. Joerhonnert zwee Mol d'Stad ageholl haten, gouf 1748 d'Festung Suomenlinna opgeriicht. All déi Zäit war Helsinki awer ni méi wéi eng kleng Provenzstiedchen an nach ufanks vum 19. Joerhonnert hat d'Stad nëmmen ëm déi 4.000 Awunner.

Kaart vun Helsinki (Ufanks vum 20. Joerhonnert)
Vergréisseren
Kaart vun Helsinki (Ufanks vum 20. Joerhonnert)

1808 gouf Finnland vum russeschen Zar Alexander I. eruewert. Fir de schwedeschen Afloss an der Regioun nach weider ze reduzéieren, huet den Zar d'Haaptstad 1812 - vum elo russesche Groussherzogtem Finnland - vun der traditionell schwedesch dominéierter Stad Turku op Helsinki verleeë gelooss. Helsinki hat en plus de Virdeel, datt et méi no bei Sankt Petersburg luch. Nodeems d'Stad 1809 zu zwee Drëttel duerch e grousst Feier zerstéiert gi war, hunn d'Russen den Zentrum vun Helsinki komplett nei, am monumental-klassizisteschem Stil, opbaue gelooss. Eng ganz Rei Gebaier, wéi z.B. den Doum, goufen deemools no Pläng vum däitschen Architekt Carl Ludvig Engel realiséiert.

1819 gouf de Sëtz vum finnesche Senat op Helsinki geplënnert an zënter 1918 ass et d'Haaptstad vun der onofhängeger Republik Finnland.

Helsinki war 1952 Organisateur vun den Olympesche Summerspiller.

[Änneren] Bevëlkerungsentwécklung

Nom Zweete Weltkrich ass Helsinki séier gewuess. D'Groussstad ass haut d'Zentrum vun enger Agglomeratioun an deeër em di 1,2 Millioune Leit wunnen.

1700 bis 1925 1940 bis 1987 1990 bis 2004
  • 1700 –    1.700
  • 1810 –    4.065
  • 1830 –   11.100
  • 1850 –   20.745
  • 1860 –   22.228
  • 1884 –   49.146
  • 1890 –   61.530
  • 1900 –   91.216
  • 1925 – 209.800

[Änneren] Kuckeswäertes

Den Doum vun Helsinki
Vergréisseren
Den Doum vun Helsinki

[Änneren] Monumenter a Gebaier

  • Den Doum vum Architekt Carl Ludvig Engel
  • D'orthodox Uspenski-Kathedral
  • D'Finlandia-Hal vum Architekt Alvar Aalto
  • D'Haaptgebai vun der Universitéit Helsinki
  • D'finnesch Nationaloper
  • Den Olympiastadion
  • D'Festung Suomenlinna (op schwed.: Sveaborg) aus dem 18. Joerhonnert steet op der UNESCO-Lëscht vun der Weltierfschaft

[Änneren] Muséeën

  • Kiasma - Musée fir modern Konscht

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com