Charlotte vu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Charlotte vu Lëtzebuerg 23. Januar 1896 – 9. Juli 1985 |
||||||
Groussherzogin vu Lëtzebuerg | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
D'Charlotte Adelgonde Elisabeth Marie Wilhelmine vu Lëtzebuerg (* 23. Januar 1896; † 9. Juli 1985 op Schlass Fëschbech) war vun 1919 bis 1964 Groussherzogin vu Lëtzebuerg.
Nodeems hir Sëschter, d'Groussherzogin Marie-Adélaïde huet missen zerécktrieden, ass d'Charlotte vu Lëtzebuerg de 15. Januar 1919 Grande-Duchesse ginn an den 18. Januar leescht sie den Eed op d'Lëtzebuerger Konstitutioun. D'Referendum vum 28. September 1919 huet d'konstitutionell Ierfmonarchie ënnert der Groussherzogin Charlotte matt 77,8 % confirméiert.
De 6. November 1919 huet si hire Koséng, de Prënz Felix vu Bourbon-Parma bestuedt. D'Koppel krut 6 Kanner.
Den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg, ass d'Charlotte mat hirer Famill (a 4 Membere vun der Regierung) iwwer Frankräich, Spuenien, Portugal an d'Vereenegt Staaten an den Exil a Kanada an op London. Tëscht 1940 an 1944 huet d'Groussherzogin Charlotte regelméisseg iwwer d'Radiosémissioune vun der BBC de Lëtzebuerger Mutt zougeschwat, a gouf doduerch zu engem Symbol fir d'Fräiheet an d'Onofhängegkeet vum Land. An der Zäit vum Zweete Weltkrich ass si op sougenannte Good Will Tours duerch d'Vereenegt Staaten gaangen, fir op d'Situatioun vu Lëtzebuerg opmierksam ze maachen. De 25. August 1942 gouf se mat hirer Famill vum US-President Roosevelt empfaangen.
De 14. Abrëll 1945 ass d'Grande-Duchesse aus dem Exil hannescht op Lëtzebuerg komm. Déi Méint dono huet si déi Stied an Dierfer besicht, déi an der Ardennenoffensiv zerstéiert goufen.
Si kritt den 8. Juli 1956 "d'Gëlle Rous", déi gréisst Auszeechnung déi de Vatikanstad ze verginn huet.
Den 12. November 1964 huet d'Groussherzogin Charlotte, no 45 Joer un der Spëtzt vum Land, zu Gonschte vun hirem Jong Jean op den Throun verzicht.
Si ass den 9. Juli 1985 mat 89 Joer op Schlass Fëschbech gestuerwen a gouf an der Krypta vun der Staadter Kathedral begruewen.
Hir zu Éieren gouf 1990 op der Clairefontainesplaz e Monument opgeriicht. Och d'Bréck vun der Stad op de Kierchbierg, d'Groussherzogin-Charlotte-Bréck, ass 1962 no hir benannt ginn.
[Änneren] Kanner
Mat hirem Mann, dem Prënz Felix vu Bourbon-Parma, hat si 6 Kanner:
- Jean (* 5. Januar 1921)
- Elisabeth (1922),
- Marie-Adelaïde (1924),
- Marie-Gabrielle (1925),
- Charles (1927),
- Alix (1929).
[Änneren] Kuckt och:
- Politesche System vu Lëtzebuerg
- Groussherzog
Virgänger: Marie Adélaïde |
Groussherzogin vu Lëtzebuerg 1919- 1964 |
Nofolger: Jean |