Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Jean-Claude Juncker - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Jean-Claude Juncker

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Jean-Claude Juncker (* 9. Dezember 1954 zu Réiden) ass e lëtzebuergesche Politiker.

[Änneren] Säi Liewen

De Jean-Claude Juncker de 24. Mee zu Oochen am Gespréich mat Studenten
Vergréisseren
De Jean-Claude Juncker de 24. Mee zu Oochen am Gespréich mat Studenten

Als Bouf vun engem Employé vun der ARBED wiisst heen zu Bieles (Gemeng Suessem) op. Säi Lycée mécht e bei den Häerz-Jesu Pateren zu Clairefontaine, an d'Première 1974 am Lycée Michel Rodange an der Stad.

1975-1979 studéiert en no eegenen Aussoen ouni groussen Enthusiasmus Droit zu Stroossbuerg a schléisst dës Studië mat enger Maîtrise of.

1980 gëtt en zu Lëtzebuerg um Barreau als Affekot assermentéiert, mee übt dëse Beruff ni aus. Zanter 1974 engagéiert hie sech an der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei (CSV) a gëtt 1979 parlamentaresche Sekretär vun dëser Partei.

1982, mat knapps 28 Joer, gëtt hie Statssekretär fir Aarbecht a Sozialversécherung an der Regierung vum Pierre Werner, zwee Sujetën, déi hee staark interesséieren.

Bei de Parlamentswahlen am Juni 1984 gëtt de Jean-Claude Juncker fir d'éischte Kéier an d'Chamber gewielt. Hee gëtt zum Aarbechtsminister a Budgetsminister an der Regierung Santer ernimmt a ka wärend der Lëtzebuerger Présidence vum Conseil vun der Europäescher Communautéit 1985 éischt Erfahrungen op europäeschem Niveau sammelen.

No de Chamberswahlen am Juni 1989 gëtt hie Finanzminister an Aarbechtsminister. 1991, als President vum Conseil vun de Wirtschafts- a Finanzministere vun der EG (EcoFin), schafft hien den Traité iwwert d'Europäesch Unioun (Traité vu Maastricht) mat aus, besonnesch déi Voletën, déi d'Economesch a Monetär Unioun (EMU) betreffen. Et ass och hien, deen um informelle Conseil vun den EGs-Finanzministern zu Lëtzebuerg de Prinzip vum opting out fir Groussbritannien schaaft an domatter d'Negotiatiounen ëm d'EMU rett.

Am Hierscht 1989 huet hien e schrot Autosaccident, wéinst deem en zwou Wochen am Koma läit.

1992 schafft de Jean-Claude Juncker op nationalem Plang eng grouss Steierreform aus, déi den 1. Januar 1993 a Kraaft trëtt. Tëschent 1990 a 1995 ass en zousätzlech President vun der CSV.

Am Juni 1994 gëtt de Jean-Claude Juncker an d'Parlament ëremgewielt a behällt seng Fonctiounen als Finanz- an Aarbechtsminister. Den 20. Januar 1995, nodeems de Jacques Santer zum President vun der Europäescher Commissioun ernannt gouf, gëtt de Jean-Claude Juncker Premierminister a Staatsminister vu Lëtzebuerg. Hee behält awer och nach seng zwee vierecht Portefeuillën.

Am Juni 1999, no de Chamberswahlen, gëtt de Jean-Claude Juncker nees Premier, dës Kéier vun enger Regierung, déi aus Vertreider vun der CSV an der Demokratescher Partei (DP) zesummegesat ass. Ausserdeem ass hien zoustänneg fir d'Finanzen an d'Communicatiounen.

Wéinst sengem bis dohinner perséinleche beschte Score bei de Parlamentswahle vum 13. Juni 2004 gëtt de Jean-Claude Juncker op en Neies Premierminister, Staats- a Finanzminister vun enger Regierung, déi aus Vertrieder vun der CSV an der Lëtzebuerger Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP) zesummegesat ass.

Den 10. September 2004, gëtt de Jean-Claude Juncker zu Scheveningen zum éischte President vun der informeller Reunioun vun de Finanzministerë vun de Members-Länner vun der Euro-Zon, dem "Eurogrupp" gewielt. Dëst Mandat geet vum 1. Januar 2005 bis zum 31. Dezember 2006. Et gouf de 8. September 2006 ëm 2 Joer, deemno bis Enn 2008, verlängert.

[Änneren] Aner Fonctiounen

[Änneren] Décoratiounen

De Jean-Claude Juncker ass Doctor honoris causa notamment vun der Westfälische Wilhelms-Universität Münster, der Universitéit vu Bukarest an der Universitéit vun Thrakien.

Hie gouf vum franséische President Jacques Chirac zum Grand officier de la Légion d'honneur ernannt a vum rumänesche President Ion Illiescu matt den Insignië vum Grousse Stäere-Kräiz, der héchster rumänescher Distinctioun, ausgezeechent. Hien ass Eierebierger vun Tréier a vun Orestiada, enger Stad an Thrakien.

Hee kruut de 25. Mee 2006 den Oochener Karlspräis.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com