Eurogrupp
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Eurogrupp bezeechent d'informell Reunioun vun de Finanzministere vun der Euro-Zon, déi politesch Décisiounen, déi den Euro betreffen, sollen oofschwätzen. De Jean-Claude Juncker ass zënter dem 1. Januar 2005 den éischte President vun dësem Grupp. Säi Mandat gouf am September 2006 bis den 31. Dezember 2008 verlängert.
Den Euro-Grupp muss säi geneet Mandat nach fannen, well wärungspolitesch Décisiounen, wéi z.B. de Basis-Zënssaz an der Euro-Zone, gi vun der Europäescher Zentralbank geholl, a politesch Decisiounen musse matt qualifizéierter Majoritéit (? nokucken) am EcoFins-Conseil getraff ginn, an deem 12 EU-Memberslänner sëtzen, déi (nach) net der Euro-Zone bäigetruede sinn. Och d'Europäesch Commissioun, als "Wiechterin vun den Traitéën", huet e Wiertche mattzeschwätzen.