Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Christiaan Huygens - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Christiaan Huygens

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Christiaan Huygens
Vergréisseren
Christiaan Huygens

De Christiaan Huygens ass de 14. Abrëll 1629 zu Den Haag, an Holland gebuer an den 8. Juli 1695 oc zu Den Haag gestuerwen. De Christianus Hugenius, war en hollänneschen Astronom, Mathematiker a Physiker.

[Änneren] Aus sengem Liewen

Den Huygens gouf als Jong vum Constantijn Huygens' gebuer, dee Sproochgeléierten, Diplomat, Komponist, an deen deemools féierenden Dichter vun Holland war. Duerch säi Papp koum de Christiaan schonns fréi mat bedeitende Perséinlechkeeten a Kontakt, ënner anerem mat dem Rembrandt, Peter Paul Rubens a René Descartes. De Christiaan gouf als Kand vu sengem Papp ënnerriicht. Spéider studéiert hie Rechtswëssenschaften, wiesselt dann awer bei d'Mathematik an d'Naturwëssenschaften.

Seng éischt publizéiert Aarbecht (1651) huet sech mat der Quadratur vum Kegel befaasst. Weider huet hie sech mat der Kreeszuel π (pi) beschäftegt, souwéi matLogarithmen an huet wichteg Viraarbechten fir d’Infinitesimalrechnung geleescht, op deenen de Leibniz an den Newton opbaue konnten.


[Änneren] Zu den Naturwëssenschaften

Den Huygens huet sech ëmmer méi fir déi deemools modern Beräicher vun den Naturwëssenschaften intresséiert, an zwar fir d'Optik an d'Astronomie mat Teleskopen. Hien hat Kontakt zum Leeuwenhoek, deem deemools beschte Lënseschläifer a Konstrukteur vu Mikroskopen. Kuerzzäiteg ënnersicht och den Huygens kleng Objeten ënnert dem Mikroskop.

Hien huet awer zimlech séier ugefaangen, selwer Lënse fir Teleskopen ze schläifen a baut zesumme mat sengem Bruder säin éischten Teleskop. Den Huygens entwéckelt och d’Wellentheorie vum Liicht, déi et him erméiglecht huet, Lënse mat méi minimalen Ofbildungsfeeler (Aberratioun) ze schläifen an esou besser Teleskopen ze bauen.

Seng Entdeckungen erméiglechen och eng Steigerung vun der Bildschärft bei der Camera obscura an der Laterna magica. Hie formuléiert als éischten dat no him benannten Huygenssche Prinzip, dat als Grondlag vun der Wellenoptik gëllt.

Den Huygens entdeckt mat sengem selwer gebauten Teleskop 1655 fit d'éischt de Saturnmound Titan. Domat war de Saturn den zweete Planéit (vun der Äerd ofgesinn) no dem Jupiter, bei deem e Mound nogewise konnt ginn.

Ausserdeem konnt hien duerch säin Teleskop erkennen, datt dat, wat de Galilei als "Oueren" vum Saturn bezeechent hat, a Wierklechkeet d’Saturnréng waren.

Hien huet och erausfonnt, datt dës Réng keng Verbindung mat dem Planéit hunn an hiert Verschwannen all 14 Joer doduerch ze erkläre war, well een d’Réng dee Moment op d’Kant gesinn huet, awer ze dënn ware fir gesinn ze ginn. .

Weider astronomesch Leeschtunge vum Huygens waren d’Entdeckung vun der Rotatioun vum Mars an d’Berechnung vun der Rotatiounsperiod (Marsdag) mat ongeféier 24 Stonnen, sowéi d’Opléisung vum Trapez am Zentrum vum Orion-Niwwel a véier eenzel Stären. Him zu Éieren gëtt déi hellste Regioun vum Orion-Niwwel och Huygenssche Regioun genannt. Hien entdeckt nach weider Niwwelen an och Duebelstäresystemer a mengt, datt d’Venus mat enger dichter Wollékenhüll behangen ass.

Niewent der Astronomie interesséiert sech den Huygens och fir d’Mechanik. Hie beschäftegt sech mat dem Trägheetsprinzip an de Fléihkraaften. Seng Fuerschunge vu Pendelbewegungen konnt hien beim Bau vu Pendelaueren notzen. Schon de Galilei hat eng Pendelauer entworf awer net gebaut. Den Huygens konnt seng Auer zum Patent umellen. Seng Aueren haaten nëmmen eng Gangongenauegkeet vun zéng Sekonnen pro Dag. Dat war eng Präzisioun, déi eréischt honnert Joer méi spéit iwwerbuede konnt ginn. Spéider huet hien och Täschenaueren mat Spiralfiederen an Onrou fabrizéiert.

A senger leschter wëssenschaftlecher Ofhandlung vu 1690 formuléiert den Huygens de Gedanken, datt et nach vill aner Sonnen a Planéiten am Universum ka ginn a spekuléiert schon iwwer ausserierdescht Liewen.

De Christiaan Huygens gouf héich geéiert. Hie war den éischten auslännesche Wëssenschaftler, deen Éieremember bei der englescher Royal Society gouf an ass den éischten Direkter vun der 1666 gegrënnter franséischer Akademie vun de Wëssenschafte ginn. De Newton bezeechent hien als den "elegantesten Mathematiker" vu senger Zäit.

Nom Huygens gouf eng Weltraumsond vun der ESA benannt, déi den 14. Januar 2005 an der Rumm vun der Cassini-Huygens Missioun vun NASA an ESA op dem Saturnmound Titan geland ass, wou si d’Atmosphär ënnersicht.

[Änneren] Kuckt och

  • Isochronismus
  • Auerenhemmung
  • machsches Prinzip

No him benannt sinn:

  • D’Huygenssche Prinzip, dat hien als Éischte formuléiert.
  • D’Huygenssche Okular, dat hien entwéckelt hat.
  • D’Huygens-Traktrix, wou hien d'Problemer beschriwwen hat.
  • D’Huygenssche Regioun am Orion-Niwwel, dat hien erfuerscht huet.
  • Cassini-Huygens, e Landemodul vun der ESA fir d’Erfuerschung vum Saturnmound Titan, deen den Huygens entdeckt hat.

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com