Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Archeologie - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Archeologie

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Archeologie ënnersicht déi materiell Kultur (verschidden Objëten, Miwwelen, Necropolen, Monumenter, mee awer och Schanken a planzlech Iwwerreschter wéi Kären a Pollen) a versicht d'Relatiounen tëscht dësen eenzelnen Elementer ze verstoen. Den Archeolog versicht d'Ëmwelt, d'Techniken, d'Economie an d'Gesellschaft ze rekonstituéieren.

D'Archeologie ass eng Source vu Geschicht an den Archeolog ass een Typ vun Historiker, deen sech haaptsächlech un de Saachen interesséiert, déi am Buedem vergruewe sinn. Hien ass en Historiker vun der materieller Kultur a vum Alldag.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Geschichtleches

Den Interessi un ale Kulturen ass näischt Neies, schonn d'Réimer hu sech dofir begeeschtert. Si hunn d'Pyramide besicht.

An der Renaissance koum et zu enger grousser Begeeschterung fir d'Antikitéit an déi, déi sech et leeschte konnten, sin an Italien an d'Vakanz gefuer, de préférence op Roum. Bei dëse Reesen goufen natierlech och Objetë gesammelt, fir doheem ze weisen, an et ass virkomm datt dofir och alt gegruewe gouf. Bei dëse Sammler fanne mer ënnert anerem d'Medici-Famill vu Florenz.

Am 18. Joerhonnert geet et richteg mat Ausgruewunge lass, dëst duerch d'Decouverte vu Pompeji an Herculanum am Joer 1711.

Am 19. an 20. Joerhonnert gin ëmmer méi Ausgruewungen ugefangen, an zu de wichtegsten zielen do wuel d'Decouverte vum homereschen Troja duerch den Heinrich Schliemann (1870) an d'Graw vum Tutanchamun (1922).

[Änneren] Ausgruewungen

[Änneren] Verschidden Zorten vun Ausgruewungen

[Änneren] Prospektiounen

Propektiounen sin eigentlech keng Ausgruewungen an deem Sënn, mee éischter eng Etud vun der Landschaft. Si gin normalerweis viru programméierten Ausgruewunge firgeholl, fir ze kucken op sech de ganzen Opwand iwwerhaapt lount. Bei esou Prospektiounen schafft eng pluridisziplinar Equipe zesummen a sicht systematesch no interessante Siten.

Dobäi ginn et verschidden Type vu Propektiounen:

  • Prospektiounen um Buedem: zu Fouss, entweder systematesch nodeems eng Kaart studéiert gouf, oder als "Trëppeltour".
  • Prospektiounen aus der Loft: verschidde Saachen, wéi Iwwerreschter vu Maueren an engem Feld, gesäit een nëmmen aus der Loft, well et duerch d'Maueren am Buedem zu engem Ennerscheed vu Fiichtegkeet am Buedem kënnt, an een dann aus dem Fliger oder Helikopter schéin de Relief gesäit.
  • Wëssenschaftlech Prospektiounen
    • Elektronesch Prospektiounen: Mat Elektroden gëtt Stroum duerch de Buedem gejoot, an dobäi gin dréchen Zonen (Maueren) a fiicht Zonen (Höhlen) opgezeechent.
    • Magnéitesch Prospektiounen; D'Erdmagnéitfeld verännert sech permanent. Vergruewen Objetën, zumools Toun behalen de Magnetismus vun deem Moment wou si gebak goufen. Et gin also Ennerscheeder am Magnéitfeld gesicht.

[Änneren] Präventiv Ausgruewungen

Präventiv Ausgruewungen sin zäitlech limitéiert an trieden ëmmer dann op, wann duerch geplangte Bauarbechten archeologesch Siten a Gefor kommen. Eng ganz Partie Ausgruewunge goufen zum Beispill um Tracé vum TGV a Frankräich firgeholl, éier den Zuch iwwert alles rullt.

[Änneren] Programméiert Ausgruewungen

Programméiert Ausgruewungen sin zäitlech onbegrenzt an gi vun enger bestëmmter Problematik aus. Bei sou Ausgruewunge wees ee genee no wat ee siche wëllt an et besteet keen Zäitdrock. Normalerweis gin esou Ausgruewungen am Summer firgeholl, an et gëtt fir ee Mount am Joer gegruewen. Doduerch dauert et natierlech laang bis een zu engem Resultat kënnt.

[Änneren] Noutfall-Ausgruewungen

An dësem Fall steet de Bagger schonn um Terrain. Dat kann zum Beispill beim Bau vun engem Haus geschéien. Beim Ausgruewe vum Fëllement stéisst een op eemol op eng al Réimervilla. An dësem Fall gi ganz séier d'Archeologen op den Terrain geruff a probéieren a kierzester Zäit dat wichtegst vum Site erauszehuelen, fir datt d'Aarbechte kënne weidergoen.

[Änneren] Technike bei der Ausgruewung

Den Archeolog sicht net den Objet selwer mee wat dësen Objet him verrode kann. Dowéinst ass et extrem wichteg den Objet net aus sengem Emfeld erauszehuelen bis d'Etud vum Kontext, an deem den Objet fonnt gouf, ofgeschloss ass.

[Änneren] Quadrillage vum Terrain

De Quadrillage vum Terrain gëtt an dräi Achsen (horizontal: x & y - Déift: z) gemaach, meeschtens mat Ficellen.

Hautzudaags gëtt et natierlech och d'Méiglechkeet einfach eng digital Foto vum Terrain ze maachen, an um Computer e Plang ze zeechnen.

[Änneren] Stratigraphesch Method

Bei der stratigraphescher Method ënnersicht een déi verschidde Schichten am Buedem. Déi déifsten Schichten sin dobäi normalerweis déi eelst, a mat dëser Method kann een eng Rei Phase feststellen: Phase wou den Terrain bebaut war, Phase wou d'Gebeier zerstéiert goufen asw.

Liest heizou och den Artikel iwwwer Stratigraphie.

[Änneren] D'Datéieren

[Änneren] Relativ Chronologie

Heiansdo kënnt et vir datt een zum Beispill an engem merowingesche Graf Mënzen oder Vase fënnt, déi e gutt Stéck méi al sinn. Dat kënnt fir wann zur Merowingerzäit elo zum Beispill een op derselwechter Plaz begruewe ginn ass, op däer et schonn e Graf gouf, an duerch d'Ëmgruewe vum Buedem hunn sech déi zwou Schichte vermëscht. Dat mécht d'Datéiere natierlech méi schwireg an verlaangt e groussen Effort fir eng ongeféier Zäitperiod festzesetzen. Datéiert gëtt hei andeems d'Objetën matenee verglach ginn.

[Änneren] Absolut Datatioun

Verschidden Objetën kann ee bal op den Dag genau datéieren. Dëst ass zum Beispill bei Mënzen de Fall, op deenen een dacks den Herrscher vun déier Zäit dropp fënnt. Eenzegen Hoken ass hei natierlech datt d'Mënzen iwwer länger Zäit am Ëmlaf waren. Nimm fënnt een awer och op aneren Objetën, zum Beispill op Vasen oder och Kilometersteng. An natierlech ginn et och historesch Fakten, déi engem nëmmen e klenge Spillraum oploossen vu wéini bis wéini dësen Objet benotzt gouf.

[Änneren] Datatiounsmethoden

  • Dendrochronologie
  • C14 Radiocarbon-Method
  • Archeomagnetismus

[Änneren] Identifikatioun

[Änneren] Literatur zum Thema

  • SINN Ulrich, Einführung in die klassische Archäologie, 2000.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com