Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Heinrich Schliemann - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Heinrich Schliemann

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Johann Ludwig Heinrich Julius Schliemann (* 6. Januar 1822 zu Neubukow, Mecklenburg; † 26. Dezember 1890 zu Neapel) war e Geschäftsmann zu St. Petersburg a Pionéier an der Feldarcheologie.


Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Biografie

Den Heinrich Schliemann ass an enger Paschtoueschfamill opgewues; nom Doud vu senger Mamm, koum en am Alter vun 10 Joer an d'Famill vu sengem Monni. Wéint Geldmangel war him d'Besiche vu engem Lycée net méiglech gewiescht. 1836 huet e seng Léierzäit als Handelsgehëllef bei engem Kréimer ugefaang, déi en awer aus gesondheetleche Grënn huet missen ofbriechen. 1841 wollt en, komplett veraarmt, a Venezuela auswanderen, ass awer un der nidderlännescher Küst gestrant. Ee Joer spéider krut en eng Plaz als Kontorbote an Amsterdam a huet ugefaang, Friemsprooche ze léieren, wat em anscheinend gutt gelong ass. 1846 huet en am Opdrag vu sengem Patron eng Handelsnidderloosung a St. Péitersbuerg gegrënnt. Schonn een Joer méi spéit huet en do och en eegent Handelshaus opgemaach a krut och déi russesch Staatsbiergerschaft zouerkannt.

Am den nexte Joere huet en eng Bank fir Goldhandel a Sacramento (Kalifornien) gegrënnt, huet erfollegräich an amerikanesch Eisebunnsprojeten investéiert, gouf enorm räich duerch Waffeliwwrungen un d'zaristesch Arméi am Krimkrich an huet eng russesch Kaafmannsduechter bestued. 1856 huet e Latäin an Algriichesch geléiert a wollt sech aus dem Geschäftsliewe zeréckzéien.

Dëst ass em awer eréicht 1864 gelongen. Dono huet en laang Studiereesen an Asien an an Nord- a Mëttelamerkika gemaach. Vun 1864 u studéiert en Altertumswëssenschaften un der Sorbonne zu Paräis. Wéini genee en sech konkret fir d'Antiquitéit intresséiert huet, ass onkloer, zumools well seng eegen Opzeechnungen dacks zimlech onzouverlässeg sinn.

1868 wandert en a Griicheland aus an ënnerhëllt eng Studierees an d'Géigend vu Troja, dem heitege Hissarlik. 1869 koum d'Promotioun zum Dr. phil. un der Universitéit zu Rostock mat engem archeologeschen Thema, d'Scheedung vu senger éischter russescher Fra an dat séiert Bestiedness mat der 17jähreger Griichin Sophia Engastromenos.

1870 huet en um Hiwwel Hissarlik illegal éischt Proufgruewungen duerchgefouert, ee Joer spéider koum di éischt offiziell Gruewungskampagne. 1874 stoungen éischt Proufgruewunge zu Mykene um Plang, wou en zwee Joer méi spéit déi berühmt Schachtgriewer entdeckt huet. Et koume nach Ausgruewunge zu Orchomenos an Alba Longa dobäi. 1881 huet en, op Vermëttlunge vu sengem Förderer Rudolf Virchow, seng Sammlung vun trojanesche Fondstecker dem däitsche Vollek geschenkt a gouf doropshin Éierebierger vu Berlin. En huet kuerz Zäit méi spéit seng Fuerschungsresultater ënnert dem Numm Ilies a seng Autobiografie publizéiert. Dat Joer drop huet de Wilhelm Dörpfeld fir d'éischt un enger Gruewung vum Schliemann zu Troja deelgeholl. 1884 huet e mat de Gruewungen zu Tiryans ugefaang, déi en nieft de Sondéierungen zu Alexandria 1885 weidergefouert huet. 1890 huet en eng international Geléiertekonferenz um Ausgruewungsuert zu Troja finanzéiert.

No der siwenter Kampagne zu Troja ass en 1890 iwwerraschend un de Folgen vun engem laangjähregen Ouereleiden (Tinnitus?) gestuerwen.

[Änneren] Ausgruewungen

Den Heinrich Schliemann war net den éischten, dee gemengt hat, ënnert dem Hiwwel Hissarlik an der Troas d'Iwwerreschter vu der Stad Troja kënnen ze fannen. 1863 goufe do vum Britt Frank Calvert éischt Ausgruewunge duerchgefouert. Während den éischten dräi Kampagnen (vun 1871 un) huet de Schliemann vu sengen Aarbechter e 40 m breeden an iwwert 15 m déiwe Gruef matzen duerch de Hiwwel dreiwe geloos, an der Hoffnung, sou Ilion, d'Buerg vum Priamos, ze fannen. Dobäi goufen wichteg Siddlungsspueren aus sämtleche Schichten onwidderbrenglech zerstéiert. E war awer léierfäheg: an de folgende Joere a bei Gruewungen op anere Plaze huet en d'Hëllef vun engem Fachmann (Wilhelm Dörpfeld) an Usproch geholl an ass méi virsiichteg virgaang.

Zweifelhaft war och säi Verhaale géigeniwwer vu den Vetrieder vum Osmanesche Räich: en huet de Schaz vum Priamos widderrechtlech ausser Land bruecht. Eréischt no engem Prozess huet en heifir en "Kafpräis" misse bezuele.

Zwar gëtt et iwwerzeegend Hiweiser, datt em déi strategesch a handelspolitesch bedeitsam Siddlungsplaz um Hissarlik ëmmer erëm krigerech Ausenaanersetzunge gefouert goufen. En archeologesche Beweis dofir, datt de Trojanesche Krich aus dem Homer senger Ilias historesch Fakt ass (sou jiddefalls nom Schliemann senger These), ass bis haut net kloer erbruecht.

Déi wäitverbreete Legend (un déier e selwer gäre gestréckt huet) "Heinrich Schliemann huet un deeër Plaz déi legendär Stad Troja entdeckt..." ass an deeër Form dofir onhaltbar.

Ouni Zweifel huet de Schliemann als Éischten eng bronzezäitlech Siddlung ausserhallef vun Egypten a Mesopotamien opgedeckt an domatt an der Archeologie e komplett neit Arbechtsgebidd opgemaach.

[Änneren] Wierker

  • Schliemann, Heinrich, La Chine et le Japon au temps présent, Librairie centrale, Paräis, 1867.

[Änneren] Literatur

  • Bolke, Wilfried, Heinrich Schliemann. Ein berühmter Mecklenburger., Demmler, Schwerin, 1996.
  • Schuchardt, Carl, Die Ausgrabungen Schliemanns in Troja, Tiryns, Mykenä, Orchomenos und Ithaka, Leipzig, 2000.

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com