Retinol
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Vitamin A | |
---|---|
Strukturformel: | |
Wëssenschaftleche Numm | |
Retinol | |
Chemesch Formel | |
C20H30 | |
Dagesbedarf | |
0,8 - 1 mg | |
Virkommen | |
Mëllechprodukter, Liewer, Muerten, Eegiel | |
Physikalesch Eegeschaften | |
Aggregatzoustand | fest |
Faarf | / |
Léislechkeet | Fett |
Dicht | / |
Molmass | 286,46 g/mol |
Schmëlzpunkt | tëscht 62 a 64 Grad Celsius |
Siedepunkt | tëscht 137 an 138 Grad Celsius |
Retinol oder Vitamin A ass en essentielle Vitamin.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
De Vitamin A gouf am Joer 1910 entdeckt, seng chemesch Struktur gouf awer ereicht 1931 entschlësselt.
[Änneren] Eegeschaften
Vitamin A gëtt et a verschiddene Formen. Den Haaptvertrieder ass den Retinol, donieft gëtt et den Retinal, d´Retinsäier an de Vitamin A Ester.
[Änneren] Virkommen
Vitamin A kënnt an Déiereprodukter wéi Fësch, Liewer, Mëllechprodukter an Eer vir. D'Carotinoiden fënnt ee virun allem a Planzeprodukter wéi Muerten, Brokkoli, Paprika, Aprikosen, Kiischten, Tomaten, Spinat (Päinetsch) a Péiterséilech vir, also a Planzen déi giel-rout-orange sinn.
Vitamin A | |
---|---|
Liewensmëttel | Gehalt vum Vitamin (µ/100 g) |
Liewer vum Schwein | 39100 |
Liewer vum Kallef | 21900 |
Liewer vum Rand | 15300 |
Liewer vum Poulet | 11600 |
Éil | 980 |
Camembert | 631 |
Botter | 653 |
Nier vum Kallef | 210 |
[Änneren] Aufgaben a Bedarf
Vitamin A brauch ee fir d'Funktioun an d'Deele vun den Zellen. Beaflosst gëtt de Wuesstem an d'Bildung vun der Haut, de Schläimhéit, dem Knorpeltissu, der Vue an d´Entwécklung vum Embryo. En ass ausserdem zoustänneg fir d´Ofwier vu Krankheetserreger an fir d´Produktioun vu Spermien.
Den Haaptspäicher fir de Vitamin A ass d'Liewer. Vun do aus gëtt en dann iwwert d'Blutt zu den Zellen transportéiert. D'Carotinoiden (Planzefaarfstoffer) ginn am Dënndaarm zu Retinol gespléckt an iwwert d'Lymph transportéiert. Vitamin A ass ausserdem als Bestanddeel vun den an den Stäbchenzellen vun der Aanetzhaut virkommenden Photopigment Rhodopsin zoustänneg fir Dimmerliicht ze gesinn.
Den duerchschnëttlechen Dagesbedarf vu Vitamin A ass 0,8 mg, deen een awer och a Form vu Carotin, dann awer 2 mg, kann zou sech huelen. Schwanger a nierend Fraen an och Jugendlecher sollen den Dagesbedarf e bessen erhéijen.
Vitamin A reagéiert sensibel op d'Liicht, Sauerstoff an d'Hëtzt.
[Änneren] Mangel
E Mangel u Vitamin A äussert sech haaptsächlech duerch Appetitsverloscht, Wuestumsstéierungen, Nuetsblannsinn, Infektiounsufällegkeet, Ofhuele vun der Séikraaft, héich Liichtempfindlechkeet, Hoerausfall an drëchen Haut a gëtt och Hypovitaminos genannt. E Mangel ass an de westlechen Industrielänner ganz selen, kann awer bei Veganer optrieden déi sech nëmmen vu planzlechen Liewensmëttel ernieren.
[Änneren] Iwwerdoséierung
Vitamin A kann een och iwwerdoséieren, well en am Géigesaz zu de waasserléisleche Vitaminne net ausgescheet ka ginn. Dëst gëtt Hypervitaminos genannt a kënnt eigentlech just bei enger regelméisseger Zounam vu méi wéi 30 mg pro Dag vir. Unzeechen dofir si Kappwéi, Erbriechen, Schwindel, allgemeng Schwächegefiller, Middegkeet, Hoerverloscht, dréchen Haut, Menstruationsproblemer, Liewervergréisserung a geschwolle Gelenker a Schanken. Bei enger Schwangerschaft kann et souguer zur Mëssbildung vum Fötus féieren.
Vitamins |
---|
All B-Vitaminnen | All D Vitaminnen |
Retinol (A) | Thiamin (B1) | Riboflavin (B2) | Niacin (B3) | Pantothensaier (B5) | Pyridoxin (B6) | Biotin (B7) | Folsaier (B9) | Cyanocobalamin (B12) | Ascorbinsaier (C) | Ergocalciferol (D2) | Cholecalciferol (D3) | Tocopherol (E) | Naphthoquinon (K) |