Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Jean Monnet - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Jean Monnet

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Image:Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Jean Monnet zu Lëtzebuerg
Vergréisseren
De Jean Monnet zu Lëtzebuerg
De Jean Monnet an de Robert Schuman zu Lëtzebuerg op der Neier Bréck
Vergréisseren
De Jean Monnet an de Robert Schuman zu Lëtzebuerg op der Neier Bréck

De Jean Omer Marie Gabriel Monnet, * 9. November 1888 zu Cognac, † 16. Mäerz 1979, war e groussen Europäer. Hien huet mam Robert Schuman d'CECA lancéiert a war den éischte President vun der Héijer Autoritéit (Haute Autorité).

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Säi Liewen, säi Wierk

Seng Famill war Produzent vu Cognac. Seng Carrière huet hien doheem an der Entreprise vu sengen Elteren ugefaang. Am Éischte Weltkrich war hien en héije Fonctionnaire an huet fir ee koordonnéierten Asaz vun de Ressourcë vun den Alliéierte gesuergt. 1919 war hien un der Schafung vun der Société des Nations bedeelegt an ass mat Missiounen a Schlesien, Éisträich, Polen a Rumänien chargéiert ginn. Am Joer 1920 gouf hie stellvertriedende Generalsekretär vun dëser internationaler Organisatioun.

Nodeem dat hien 1922 rëm fir kuerz Zäit am Familljebetrib täteg war, huet hie sech rëm mat internationalen Affärë befasst, a Frankräich, souwéi an den USA, wou hien un der Spëtzt vun enger Bank zu San Franzisco war. Duerno war hie Beroder vum chineseche Generol Tchang Kaï-chek.

1929 huet hie seng zukünfteg Fra, d'Silvia de Bondini kenne geléiert.


[Änneren] De Jean Monnet als President vu der Héiger Autoritéit

Dat de Jean Monnet President vu der Héiger Autoritéit ginn ass, war keen Zoufall. Hie war am Fong de Spiritus Rector vum Schumanplang. Hien huet den deemolege Franséischen Ausseminister, de Robert Schuman, och liicht vun der Noutwendegkeet iwwerzeegt, fir eng Iniativ ze ergräifen, déi et méiglech sollt maachen, fir de Sträit tëschent Frankräich an Däitschland ze begruewen an duerch d'Zesummenleeë vu de Grondstoffindustrien ënnert enger internationaler Tutell d'Kricher tëschent hinnen onméiglech ze maachen. De Robert Schuman, de Mann tëschent den Grenze, dee sou vill ënnert dem Sträit gelidden hat, war liicht heivun ze iwwerzeegen, an huet acceptéiert, fir de 9. Mee 1950 eng Déclaratioun ze maachen, déi dem Jean Monnert seng Handschrëft dréit, an déi den europäesche Kontinent grondleeënd verännert huet.

[Änneren] Seng Perséinlechkeet

De Jean Monnet hat eng aussergewéinlech Perséinlechkeet. Als Riedner ass en zwar ni besonnesch opgefall, awer wat hie gesot oder geschriewen huet hat ëmmer en déiwe Sënn. De Jean Monnet huet et verstan, sech mat gudden Mataarbechter ze ëmginn a si ze motivéieren an ze animéieren. Hie war e Champion vu der Team-Aarbecht. Seng Iddië koumen net aus Bicher, ma en huet dem Vollek op de Mond gekukkt an déi nei Gedanken, déi en hat oder opgeraaft huet, vu senge Mataarbechter verschaffe gelooss, sou laang bis se ausgefeilt an zeideg waren. Keng Stonn war him duerfir ze spéit. Fir jidderee vun hinnen zu all Stonn ze erreechen hat hien souguer en Telefon a sengem Buedzëmmer. De Jean Monnet huet nämlech weeder sech nach seng Collaborateure geschount. Wiertes a sonndes hu si missen ze erreeche sinn. D’Geschicht vum Generalsekretär, dem Max Kohnstamm, seet alles. De Max Kohnstamm, fir sech vu de Strapazze vu der Woch ze erhuelen, war eng Kéier sonndes picknicke gaang. Wéi de Jean Monnet du sonndes net un hien koum, war hien ganz ongehal an huet gefrot, ob hien da keng Telefonsaddress zeréckgelooss hätt. An daer Zäit si bekanntlech d’Luechten am CECA-Gebäi op der Metzer Plaz ni ausgaang.

[Änneren] Seng frappant Formuléierungen

Vum Jean Monnet gëtt et eng Rei Zitater, op déi , wéinst hirer Aussokraaft, haut nach ëmmer gär higewise gët, wéi :

  • " Europa schafen heescht de Fridden erbàiféieren ("Faire l'Europe, c'est faire la paix")
  • « Mir machen keng Koalitiounen vu Staaten, ma mir schafen eng Unioun vu Mënschen » (" Nous ne coalisons pas des Etats, nous unissons des hommes"),
  • « Europa kann net op ee Schlag geschaf gin, ma et ensteet duerch konkreet Réalisatiounen, déi fir t’éischt eng echt Solidaritéit erbäiféieren mussen »

("L'Europe ne se fera pas d'un coup, ni dans une construction d'ensemble, elle se fera par des réalisations concrètes créant d'abord une solidarité de fait.")

  • « Mënschen sinn noutwänneg fir d’Changementer, an d’Instititutiounen fir dat se daueren a lieweg bleiwen » (" Les hommes sont nécessaires au changement, les institutions pour faire vivre le changement. ")
  • «  D’Mënschen acceptéieren d’Changementer nëmmen wa se onbedengt noutwänneg sinn an dat ass nëmmen an enger Kris de Fall » (" Les hommes n'acceptent le changement que dans la nécessité ; ils ne voient la nécessité que dans la crise.")
  • « Et ginn keng Iddiën déi ze fréi kommen, et ginn opportun Geleleeënheeten, déi ofgewart an ausgenotzt musse ginn » ( " Il n'y a pas d'idées prématurées, il y a des moments opportuns qu'il faut savoir attendre.")
  • "Ët gët keng aner Reegel, wéi déi dat en iwwerzeegt muss sinn an och déi aner iwwerzeege muss ( " Il n'y a pas d'autre règle que celle dêtre convaincu et de convaincre.")

[Änneren] De Jean Monnet an de Sëtz vu den europäeschen Institutiounen

De Jean Monnet huet ëmmer rëm gesot, dat hien nàischt géint d'Lëtzebuerg hätt (Hien war souguer voll Luef iwwert d'Efforten, déi Lëtzebuerg fir d'Installatioun vun dere Héiger Äutoritéit gemeet huet, ma géint d'Aart a Wäis wéi Letzebuerg no 18 Stonnen Verhandlungen bezeechent gouf. Hien schreiwt a senge Mémoiren vun enger "histoire peu glorieuse. Am Zesummenhang mam Sëtz schreiwt hien weider :

  • "Je n’avais pas de préférence pour tel ou tel lieu en Europe, l’important était que ce lieu fût le siège unique de toutes les institutions à créer et qu’il fut érigé en territoire européen, préfiguration du district fédéral de l’avenir. Cette proposition n’avait rien d’utopique et la Communauté eût probablement grandi dans un autre climat si les gouvernements avaient eu la sagesse de lui édifier de toute pièce une capitale et de la soustraire aux rivalités et aux influences nationales".

De Jean Monnet huet ëmmer drop gedrängt, fir d'Fro vum Sëtz vu den Europäeschen Institutiounen sou séier wéi méiglech ze léisen an zwar duerch d'Bezeechnung vun engem Siège unique, dee sämtlech europäesch Institutiounen abezéien géif. Dat am Cader vun engem sougenannten District fédéral. Him huet firgeschwieft, dat dësen District fédéral zu Fontainebleau bei Paräis geschaf kënnte gi.

[Änneren] D'Europäesch Visiounen vum Jean Monnet gongen méi wäit

Fir de Jean Monnet war de Schumanplang net d’Enn vu senge Beméiungen, ma nëmmen e Mëttel zum Zweck am Hibléck op d’Europäesch Vereenegung, Eng éischt grouss Enttäuschung hat hien 1954, wéi den ausgehandelte Vertrag iwwert eng Europäesch Verdeedegungsgemeinschaft an d’Brech gaang ass a net ratifizéiert gouf. Mat senger ganzer Kraaft huet hien sech dunn agesat, fir op enger anerer Schinn weiderzefueren, an huet op d’Schafung vun enger ëmfassender Eurpäescher Wirtschaftsunioun gedrängt. Déi zweet Entäuschung hat hien, wéi e huet misse feststellen, datt net sämtlech politesch a wirtschaftspolitesch Kreesser definitiv fir d'europäesch Iddi gewonn waren. D'Sëtzfro war och obbliew a gouf net a sengem Sënn geléist. Duerfir huet hien sech 1955 entscheed, als President vun der Héiger Autoritéit ofzedanken, fir bei sengen Aktiounen rëm fräi Hand ze kréien. Op seng Initiativ hin ass en Aktiounskommittee fir d’Vereenegt Staate vun Europa gegrënnt gi, dee hien och präsidéiert huet. Dat ass geschitt, fir op eng militant Aart a Weis och déi Kreesser ze erfassen an ze assoziéieren, déi gegeniwwer der europäescher Iddi nach gezéckt a sech zeréckgehal hunn. Säi But war et och, sech fir eng endgülteg Léisung vu der Sëtzfro staark ze maachen. Sengem Aktiounskommittee hu Politiker a Gewerkschaftler vun allen europäesche Länner ugehéiert. Vu Lëtzebuerger Säit waren et:

Den 25. November huet säin Aktiounskommittee eng Résolutioun abruecht, déi dem Jean Monnet sengem Wonsch fir d’onmëttelbar Bestëmmung vun engem Siège unique an engem District federal entsprach huet. Vum Nicolas Margue ass dës Résolutioun allerdéngs net matgedroe ginn.

[Änneren] Seng Publicatiounen

Jean Monnet: « Mémoires », Editions Fayard, 1976, 642 Säiten

[Änneren] Literatur

  • Reuter, Paul: La Communauté Européenne du Charbon et de l'Acier, Editeur R. Pichon an R. Durand-Auzias, Paräis, 1953, 320 Säiten, Préface vum Robert Schuman
  • Fontaine, Pascal: Jean Monnet, l'Inspirateur, Editeur Jacques Crancher, 1988, 178 Säiten
  • Pierre Gerbet : La construction de l'Europe - Imprimerie nationale - 498 Säiten

[Änneren] Unerkennungen

Et ass onméiglech, fir d’ Unerkennungen, vum Jean Monnet an all hire Formen hei opzezielen.

  • Eirendoktor vu villen Universitéiten
  • Lycéen an Univesitéiten si no himm benannt
  • Fondatiounen droen säi Numm
  • Timbren aus alle Länner si rauskomm mat sengem Portrait
  • Den Europäesche Ministerrot huet hien 1976 zu engem Europäeschen Éierenbierger gemeet
  • De franséischen Präsident , François Mitterand, huet 1988 seng Äschen an de Panthéon zu Paräis transféréieren gelooss

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

Lëtzebuerger a Persounen vu Lëtzebuerger Ofstamung, déi, ausser dem Robert Schuman, dem Joseph Bech an dem Albert Wehrer, och vill zum Erfollech vum Schumanplang beigedroen hun:

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com