Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Albert Wehrer - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Albert Wehrer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Albert Wehrer
Den Albert Wehrer

Den Albert Wehrer, * 1895, † 1967, war als Lëtzebuerger den éischte Member vun der Héijer Autoritéit vun der CECA (1952-1967).

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Formatioun an Aktivitéite virum Zweete Weltkrich

Den Albert Wehrer huet zu Genf, Léck a Stroossbuerg Jura studéiert a war duerno als Affekot täteg. 1926 ass hien als juristesche Beroder an den Ausseministère komm. Do huet hien eng rapide Carrière gemeet. Hie gouf als Stännege Vertrieder vu Lëtzebuerg beim Vëlkerbond op Genf geschéckt an huet do Lëtzebuerg an de Sëtzunge vertratt. 1938 gouf e Genralsekretär vun der Lëtzebuerger Regierung.

[Änneren] Am Zweete Weltkrich

Wéi d'Regierung den 9. Mee 1940, op der Flucht vum däitschen Okkupant, sech an dat alliéiert Ausland ofgesat huet, huet se hie chargéiert, fir als Chef vun enger Verwaltungskommissioun d'Lëtzbuerger Interessen ze verdeedegen. Déi Missioun huet leider net laang gedauert (10. Mee 1940 - 22. Oktober 1940), well den Okkupant huet hien ofgesat, agespaart an duerno no Däitschland deportéiert. De Gauleiter Gustav Simon soll laut Paul Weber (Weber, Paul: Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg, S. 69) bei der eenzeger Gegeniwwerstellung den Albert Wehrer ugebrëllt hunn: "Wir sind mit Schuchnigg fertig geworden, wir werden auch mit Ihnen fertig!". A senger Deportatioun no Däitschland hat den Albert Wehrer Kontakt mat enger Rei vun däitsche Resistenzler, ënnert anere mam Carl Friedrich Goerdeler, dem Oberbürgermeister vu Leipzig, deen nom Attentat vum 20. Juli 1944 higeriicht ginn ass.

[Änneren] Seng Carrière nom Zweete Weltkrich

Nom Enn vum Krich gouf den Albert Wehrer Chef vun der Lëtzebuerger Militärmissioun (am Grad vun engem Colonel) bei der alliéierter Kontrollkommissioun zu Berlin. Hie war duerno (1949) Gesandten zu Bonn an uschléissend Lëtzebuerger Ambassadeur zu Paräis bei der franséischer Regierung. An deer Funktioun war hien un de Verhandlungen iwwert d'Schafung vun der Montantanunioun bedeelegt.

Den Albert Wehrer war en offene liberale Mënsch, deen no alle Säiten hinn op war. Hie war ëmmer gutt gelaunt, huet gär Spiichten erzielt an hat vill Frënn. Während an no senger Paräiser Zäit war hien enk mam Angelo Giuseppe Roncalli, deen deemools Nuntius a gläichzäiteg Doyen vum diplomateschen Corps zu Paräis war (spéidere Poopst Johannes XXXIII.), gutt befrënnt. Wéi deen nach Nuntius zu Paräis war, koum hien och bei den Albert Wehrer op Lëtzebuerg op Besuch.

Den Albert Wehrer ass gestuerwen de 31. Oktober 1967 zu Lëtzebuerg am Alter vu 75 Joer.

[Änneren] Seng Schrëften

  • Wehrer, Albert: Rapport un de Joseph Bech iwwert de Kale Krich, Berlin, 1947, Kuckt
  • Wehrer, Albert: Statut international du Grand-Duché de Luxembourg, am Luxembourg: Le Livre du Centenaire, Imprimerie Saint-Paul, 1948, SS. 35-63
  • Wehrer, Albert: Rapport vum Albert Wehrer iwwert d'Sëtzfro vu den Europäeschen Instututiounen, Lëtzebuerg, 30 Oktober 1950 Kuckt

[Änneren] Literatur

  • Weber, Paul: Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg, Luxemburg, Victor Buck, 1948, 159 S.

[Änneren] Auszeechnungen

  • Den Albert Wehrer hat ausser senge Lëtzebuerger Auszeechnungen eng Rei vun internationale Gielercher, ënnert aneren:
    • Grousst Bundesverdéngschtkräiz vun Éisterräich
    • Grousst Bundesverdéngschtkräiz vu der Bundesrepublik Däitschland
    • Chevalier vun der franséischer Éierelegioun.
    • Héich belsch Auszeechnung
  • An der Stad Lëtzebuerg dréit och eng Strooss dem Albert Wehrer säin Numm
Aner Sproochen
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com