Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Paul Reuter - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Paul Reuter

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Image:Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Paul Reuter
Vergréisseren
De Paul Reuter

De Paul Reuter, gebuer de 12. Februar 1911, gestuerw de 30. Abrëll 1990, war Droits-Professer op der Universitéit vun Aix-en-Provence an duerno op der Universitéit vu Paräis. Hie war vu Lëtzebuerger Ofstamung a war entscheedent un der Ausschaffung vum Traité iwwert d'CECA bedeelegt.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Säi Liewen a seng Carrière

Säi Grousspapp, de Nicolas Reuter, war 1854 zu Luerentzweiler gebuer. Säin eelste Jong, de Paul Reuter, Papp vum Professer Paul Jean Marie Reuter, war Affekot. Well de Professer Paul Jean Marie Reuter 1911 zu Metz op d’Welt komm ass, hat hien déi däitsch Nationalitéit an huet, wéi de Robert Schuman, d’politesch Probleemer vun den Awunner am lothringeschen Grenzgebitt gutt kannt. Als Weesekand vu Papp a Mamm huet hien sech viru 1940 vill zu Letzebuerg bei sengem Monni a senger Tata, der Familjen Albert Calmes-Reuter opgehal, wéi de Christian Calmes, Fils vum Albert Calmes, äis et an enger Etude vun der Spuerkees iwwert de Schumanplang erzielt. Kuckt de Literaturhiweis.
De Paul Jean Marie Reuter huet de Lycée Saint-Clément zu Metz besicht an duerno Jura op der Universitéit Nanzeg studéiert. Do gouf hien och Professer. Agezunn am Zweete Weltkrich vum däitschen Okkupant, gouf hien am Krich blesséiert an ass du op Metz transportéiert ginn, wou hie fortgelaf ass. Hien huet sech der [[Resistenz] ugeschloss a gouf sukzessiv Professer zu Poitiers an op der Universitéit vun Aix-en-Provence. No der Libératioun gouf hie Kabinettchef vum Minister Paul-Henri Teitgen. Duerch seng grouss Frëndschaft mam Hubert Beuve-Méry konnt de Paul Jean Marie Reuter sech och un der Créatioun vun der franséischer Zeitung Le Monde bedeelegen. 1951 huet hien seng Plaz zu Aix-en-Provence opginn a gouf Professer un der Rechts- a Wirtschaftsfakultéit zu Paräis.

[Änneren] Säin Treffe mam Jean Monnet

A senge Mémoiren huet de Jean Monnet de Beitrag vum Professer Paul Reuter bäi der Ausschaffung vum CECA-Traité mat Nodrock ënnerstrach. De Paul Reuter, dee deemols mat dem Probleem vu der franséischer Antitrust-Législatioun beschäftegt war, hat de 12 Abrël 1950 seng éischt Entrevue mam Jean Monnet. An de Mémoiren vum Jean Monnet an och an de Schrëften vum Christian Calmes figuréiert e détalléierte Bericht iwwer dës Entrevue, déi du zur Zesummenarbescht gefouert huet. De Jean Monnet hätt och gär de Professer Reuter a sengem Matarbeschterstaf gesinn, ma de Paul Reuter huet aus ongeklärten Grënn net zougesot.

[Änneren] National an international Unerkennungen

  • De Paul Reuter war Member vu der Commission du droit international
  • Hie gouf och zum Member Associé vu der Académie royale de Belgique gewielt
  • E Fong, dee dem Paul Reuter säi Numm dréit gouf 1983 geschaf. Säi But ass et, fir Beitréig zum Droit international humanitaire ze ënnerstëtzen an ee Paul-Reuter-Präiss, deee all dräi Jar vergi gët, ze financéieren.

[Änneren] Seng Publicatiounen

  • Reuter, Paul: La Communauté Européenne du Charbon et de l'Acier, Editeur R. Pichon an R. Durand-Auzias, Paräis, 1953, 320 Säiten, Préface vum Robert Schuman
  • Reuter, Paul: La Naissance de l'Europe Communautaire, Centre de Recherches Européennes, Lausanne, 1980, Säiten 18-20
  • Reuter, Paul: Introduction au Droit des Traités, 1995

[Änneren] Literatur

  • Calmes, Christian: Le Plan Schuman, un plan aux origines multiples, Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat, 1991, 120 Säiten
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com