Nicolas Margue
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Nicolas Margue (gebuer den 2. Januar 1888 zu Féngeg, gestuerwen den 18. Mäerz 1976) war e lëtzebuergesche Politiker (CSV) an e groussen Europäer.
Vun 1937 bis zur däitscher Invasioun 1940, an dann nees vun 1945 bis 1948 war hie Landwirtschaftsminister an Erzéiungsminister. Hie war deen eenzege Minister, deen den 10. Mee 1940 net zur Zäit iwwert d'Grenz koum. Eréischt um 7:00 Auer ass en a Richtung Belsch Grenz gefuer. Et war ze spéit. Hie koum net méi duerch. Nom Krich war hie, mam Jean Feltes, ee vun de "Pappe" vun der kontroverséierter "Offizieller Lëtzebuerger Orthographie".
Hie war vun 1952 u Lëtzebuerger Member vun der Assemblée Commune vun der CECA an huet sech do staark fir d'Erhalung vum Sëtz vum Schumanplang zu Lëtzebuerg agesat. Den Nicolas Margue war och Member vum Aktiounskommittee fir d'Vereenegt Staate vun Europa, dee 1955 vum Jean Monnet gegrënnt ginn ass.
1959 bis 1970 war den Nicolas Margue Member vum Staatsrot.
D'Stad Lëtzebuerg an d'Gemeng Kënzeg hu Stroossen nom Nicolas Margue benannt.
[Änneren] Seng Publicatiounen
- Herchen, Arthur:Manuel d'histoire nationale, Déi acht Editioun ass 1968 rauskom. Dës Editioun an déi vidru si neibearbecht an ergänzt gi duerch de Nicolas Margue an de Joseph Meyers
- Margue, Nicolas: Aperçu historique am Le Luxembourg, le livre du Centenaire, Imprimerie Saint-Paul,SS. 7-25, Zweet Editioun: 1949.