Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Perserkricher - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Perserkricher

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Image:Qsicon_Achtung.png All Datumen an dësem Artikel si sous-entendu vru Christus.

D'Perserkricher sinn eng Réi vun Ausernanersetzungen tëscht dem antike Griicheland an dem Perserräich, e Konflikt dee vu ronn 500 bis 448 ugehalen huet.

Den Urspronk vun dësem Konflikt ass d'Ionesch Revolt a Klengasien. Milet, wat d'Tyrannie opginn huet, an den Aristagoras sinn d'Ustëppler vun dësem Opstand géint d'persesch Autoritéit, déi duerch d'Satrapen um Ufank vum 5. Joerhonnert representéiert gëtt. D'Stied vum griichesche Festland, déi ëm Hëllef geruff ginn, weigere sech matzemaachen (Sparta) oder bréngen nëmmen eng minim Ënnerstëtzung (Athen, Eretria).

498 bréngen d'klengasiatesch Stied et fäerdeg, bis op Sardes ze marschéieren, wou si Feier leeën, mee schonns 494 gëtt den Opstand vun de Perser néiergeschloen.

493 gëtt den Themistokles Archont zu Athen. Hie léisst den Hafe vum Piräus bauen. Säi politesche Géigner ass de Miltiades dee fir säin Tour d'Archontat am Joer 490 kritt.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Éischte Perserkrich (490)

Den Éischte Perserkrich ass eng relativ kuerz Episod. Den Herodot presentéiert dësen éischten Eklat wéi eng Strof vun de Perser fir d'Athener.

[Änneren] D'Intentioune vum Grousskinnek

Fir den Herodot ass d'Ionesch Revolt den Ausléiser vum Éischte Perserkrich, mee et ass bekannt datt hie sech ze gär zevill op Athen baséiert. Fir d'Perser sinn d'Athener neglijabel, sou eng grouss Arméi hu si par rapport zu de Perser net. Athen hierersäits huet och net wëlles, d'Perser unzegräifen.

Zu den Intentioune vum persesche Grousskinnek gëtt et eng reliéis Hypothes, de sougenannte Mazdeismus. D'persesch Gottheet Ahura Mazda huet dem persesche Grousskinnek d'universell Dominatioun erlaabt. Dat ëmzesetzen ass an der griichescher Welt allerdéngs schwiereg. Dozou misst een eng Polis no der anerer eroberen, a fir déi och nach ënnert een Hutt e kréien, dierft net einfach sinn. Dem Grousskinnek ging also eng formell Soumissioun fëllegen duergoen.

D'Ionesch Revolt huet dem Grousskinnek seng Opmierksamkeet op de westlechen Deel vu sengem Räich gelenkt. Fir dës Partie ze securiséieren, baut de Grousskinnek op stabil Regimer déi de Perser favorabel gesënnt sinn. Et kënnt dann och zu der Kreatioun vun enger europäescher Satrapie am Norde vun der Ägäis. 512 gëtt Thrakien ageholl a 492/91 Makedonien. Dëst stéiert d'Athener allerdéngs gewalteg, well dëst ass déi Regioun wou si sech mat Weess versuergen.

D'Perser schécken an der Tëschenzäit Ambassadeuren an d'griichesch Stied, fir eng formell Soumissioun unzefroen, wat och gréisstendeels klappt, well d'Griichen Angscht hunn. Déi eenzeg zwou Stied déi sech net ënnerwerfe loossen, dem Herodot no, sinn Athen a Sparta. Dëst kann een allerdéngs unzweifeln, well den Herodot Tendenz huet, d'Roll vun Athen ze vergréisseren.

[Änneren] D'persesch Expeditioun an d'Schluecht vu Marathon

D'Perser starten eng maritim Expeditioun am Summer 490, mam But fir d'Griiche fäerten ze doen. Naxos geet a Flamen op, mee déi meescht Kykladen ënnerwerfe sech. Eretria an Athen spille fir d'Perser an deem Moment keng gréisser Roll. Datt d'Perser zu Marathon landen, domadden hat kee gerechent, an d'Reaktioun vun den Athener ass zimlech séier, vrun allem duerch de Miltiades.

Duerch d'europäesch Satrapie déi d'Perser gegrënnt hun, kann de Miltiades net méi op seng Lännereien zeréck. Hie bréngt et fäerdeg d'Athener z'iwwerzeegen, Hopliten op Marathon ze schécken, an d'Schluecht vu Marathon ass en totale Succès fir d'Athener. D'Perser zéie sech zeréck ouni nach ze insistéieren, ausserdeem hu mer mëttlerweil September an am Hierscht gëtt traditionnel kee Krich méi gefouert, well d'Wieder net gutt ass.

[Änneren] Konsequenzen

D'Victoire vun den Athener war zimlech onerwaard. Wat fir d'Athener och ganz wichteg ass, ass datt si et fäerdeg bruecht hunn, ouni d'Hëllef vun de Spartaner ze gewannen, déi eréischt méi spéit ukomm sinn.

Global gekuckt war de Summer 490 allerdéngs e Succès fir d'Perser. Si hu vläicht näischt zousätzlech gewonnen, mee och näischt verluer.

Zu Athen gëtt d'Victoire natierlech ganz wichteg geholl. Fir si sinn et d'Institutioune vun der Isonomie déi hinnen erlaabt hunn ze gewannen, e Beweis datt hire politesche System de beschten ass. Ausserdem mussen d'Götter op der Säit vun den Athener sinn, nëmme si kënnen esou en Exploit erméiglechen.

Zu Athen kënnt et ausserdeem zu enger Ännerung am Modus wéi d'Archonten designéiert ginn. Zënter 497/96 gëtt d'Wahl mam Lous entscheed, sou datt d'exekutiv Muecht vun den Archonten staark reduzéiert gëtt, wouvunnder d'Stratege profitéieren. Hier Kompetenz geet iwwert de militäreschen Domaine eraus.

Athen këmmert sech no der Victoire erëm weider ëm hir innepolitesch Problemer, a kee gesäit den zweete Perserkrich kommen.

[Änneren] Zweete Perserkrich

[Änneren] D'Preparatiounen

Den Themistokles profitéiert vum Doud vum Miltiades a féiert Athen op de Wee vun enger maritimer Verdeedegung (483/82). Als Strateg zu Marathon huet hien d'Perser gesin. Fir all eventuell Bedrohung duerch d'Perser ze entgoen, léisst hien säi Martitimt Gesetz wielen, mam But op 200 Trieren opzestocken. Dëst ass eng zimlech faméis Zuel, well bis dohinner hat nach keen esouvill Schëffer. Duerch den Themistokles gëtt Athen déi éischt griichesch Séimuecht vun der Zäit.

De Xerxes sengersäits probéiert seng Grenzen ze secheren, an dat mat enger impressionanter Arméi.

[Änneren] D'griichesch Resistenz

D'Resistenz ass net einfach ze organiséieren. Dat kënnt vrun allem doduerch datt déi griichesch Stied all esou verschidde sin. Mee trotzdem bréngen si et fäerdeg, hir verschidden Interessen an ee gemeinsamen Interessi ëmzewandelen.

Sparta wëll vrun allem säi Prestige behalen, a steet un der Spëtzt vun engem Resau vun Allianzen. 481 gëtt um sougenannte Kongress vum Isthmus vu Korinth eng militäresch Allianz géint d'Perser tëscht ronn 30 Stied beschloss, d'Symmachia. D'Leedung gëtt vu Sparta iwwerholl, souwuel um Landwee wéi och um Mier.

D'lokal Konflikter gin emol op Eis geluecht an d'Exiléiert ginn zeréckgeruff.

De Leonidas opfert sech mat sénge Männer an der Schluecht un den Thermopylen, an et kënnt zu enger weiderer Schluecht um Kap Artemision.

D'Perser eroberen Athen an d'Griiche fortifiéieren den Isthmus vu Korinth.

[Änneren] D'Victoiren

Den Themistokles insistéiert op enger Séischluecht an der Bucht vu Salamis. Dës enk Bucht ass usech ideal well d'griichesch Flott do ëmmer trainéiert an se gutt kennt. Et kënnt dann och Enn September 480 zur Séischluecht vu Salamis wou sech 600 persesch Schëffer géint 378 (Herodot) oder 400 Thukydides) griichesch Schëffer stellen.

Séischluecht vu Salamis
Vergréisseren
Séischluecht vu Salamis

No der Victoire vun de Griichen zitt sech de Xerxes zeréck, mee d'Gefor vun de Perser ass nach net ganz eliminéiert. De Mardonios bleiwt mat enger Arméi a Griicheland an 479 hëlt hien Attika an. No der Schluecht vu Platea, wou de Mardonios stierft, kënnen awer och déi aus Griicheland verdriwwe ginn.

Am selwechte Joer zerstéiert d'griichesch Flott ënnert dem spartanesche Kinnek Leotychides de Rescht vun der Perserflott bei Mykale.

[Änneren] Konsequenzen

D'Perserkricher hun d'Griiche fir d'éischt mat engem anere Räich konfrontéiert, mat deem senger Muecht si sech net moosse konnten. Doduercher ass d'Victoire ëm sou méi grouss. An déi gëtt natierlech während dem ganze klasseschen Zäitalter gefeiert. Den Herodot erklärt a sengem Wierk och wisou datt d'Griichen d'Perser schloe konnten. D'Perser, obwuel déi raffinéierst vun de Barbaren, hu verluer, well hinnen einfach de savoir-vivre vun enger Polis feelt, an d'gläich Opdeelung vun der Muecht. Hannert der persescher Defaite stëcht d'Defaite vun all absolutistescher Muecht.

D'Victoirë gi vun den Athener ausgenotzt, an et gëtt eng grouss Propaganda bedriwwen.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • WELWEI, Karl-Wilhelm, Das klassische Athen. Demokratie und Machtpolitik im 5. und 4. Jahrhundert, Darmstadt, 1999.
  • ORIEUX Claude, SCHMITT-PANTEL Pauline, Histoire grecque, Paräis, 2002. ISBN 2-13-046508-0
  • BRIANT P., Histoire de l'empire perse, Paräis, 1996.
  • MOSSE, Claude, Précis d'histoire grecque, Paräis, 1990.
  • PICARD, Olivier, Les Grecs devant la menace perse, Paräis, 1980.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com