Nantes
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wappen | Karte |
---|---|
Basisdaten | |
Regioun: | Pays de la Loire (Haaptstad) |
Departement: | Loire-Atlantique (44) |
Fläch: | 65.19 km² (Stad) 522.3 km² (Ballungsgebitt) |
Awunner: (Volkszählung 1999) |
277.728 (Stad) 554.478 (Ballungsgebitt) |
Bevölkerungsdicht: (Awunner/km² ; 1999) |
4.147 (Stadt) 1.062 (Ballungsgebitt) |
Héicht: | 12 m iwwer. NN |
Postleitzuelen: | 44000, 44100, 44200 a 44300 |
Virwal: | 00332 |
Geografesch Lag: | 47° 13' 05" N; 01° 33' 10" W |
Kfz-Kennzeechen: | 44 |
UN/LOCODE: | FR NTE |
Website: | www.nantes.fr |
Politik | |
Buergermeeschter: | Jean-Marc Ayrault (PS; Sozialist) |
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Allgemenges
Nantes [nɑ̃t] (bretonesch: Naoned, latäin: Portus Namnetus) ass eng Groussstad am Westen vu Frankräich, d'Präfektur vum Departement Loire-Atlantique an en Deel vun der Regioun Pays de la Loire. Nantes war fréier d'Haaptstad vun der Bretagne. Matt 277.728 Awunner figuréiert Nantes op der 6. Plaz (Stand 1999) vun de franséischen Groussstied. D'Zuel vun den Awunner vun der Agglomeratioun beleeft sech op ronn 550.000.
[Änneren] Geographie
Bei Nantes mündt d'Erdre an d'Loire. D'Stad läit ronn 55 Kilometer östlech vum Atlantik an zum gréissten eel um Nordufer vun der Loire.
De Klima vun Nantes gëtt duerch den Atlantik, dee nobäi ass, bestëmmt. De Wanter ass mëll a fiecht, de Summer warem a nëtt iwerméisseg drëchen. Déi duerchscnëttlech Jorestemperatur ass 12°C (Wanter: 5°C/ Summer: 18,5°C).
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Altertum an Völkerwanderung
Tëschent 900 an 600 v. Chr. waren d'Uwänner vun der Loire schonn besiedelt, wéi et aus verschidden Spueren ervirgeet. Géint 500 v. Chr. koumen d'Kelten an d'Regioun vum hettege Nantes. Am Galleschen Kriche gouf dest Gebitt 56 v. Chr. der réimescher Herrschaft ënnert dem Julius Caesar ënnerworf. Am Jor 50 v. Chr. gouf um Gebitt vum hettegen Nantes déi réimesch Hafenstad Portus Namnetus gegrënnt. Am drëtten Jorhonnert sinn du d'Awunner zum chrëstlechen Glaw iwwergetrued. Ongeféier zur gläicher Zäit (vun 285 un) sinn d'Sachsen an des Regioun agezunn.
Am 5. an 6. Joerhonnert koumen, wéi et heescht, Bretonen vun de Britischen Inselen, an des Géigend.Desen Nowäis ass iewer nëtt honnertprozenteg erbruecht.
[Änneren] Mëttelalter bis zur Neizäit
1066 huet de Grof vun Nantes sech dem Herzogtum vun der Bretagne ënnerworf. Am Jor 1154 gouf dunn Nantes un den Heinrich II. ofgetratt, deen am selweschten Jor op den engleschen Troun koum.
1460 ass zu Nantes d' Universitéit gegrënnt ginn. Nom Doud vun der Anne de Bretagne (1477-1514) ass d'Bretagne dunn e Bestanddeel vum allgemengen franséischen Territoire ginn.
Duerch den Edikt vun Nantes ("Toleranzedikt"), vum Henri IV. deen op den 13. Abrëll 1598 zeréckgeet, huet déi jorzéngtelaang Ënnerdréckung a Verfolgung vun den Hugenotten duerch d'kathoulesch Kierch an den franséischen Staat en Enn fond. Den Héichpunkt vun dëser Verfolgung wor déi sougenannt Bartholomäusnuecht am Joer 1572. Den Edikt vun Nantes, deen de franséischen Calvinisten eng fräi Ausübung vun der Relioun zougeséchert huet, gouf allerdéngs am Jor 1685 vum Louis XIV. widderruff (Edikt vu Fontainebleau).
Wéinst senger gënschteger Lag un der Loire-Mündung huet d'Stad am 18. Jorhonnert vun engem staarke wirtschaftlechen Opschwong profitéiert a gouf domatt déi bedeitendst Hafestad a Frankräich. De Sklavenhandel, deen deemools floréiert huet, huet vill duerzou bäigedroen.
Während der Franséischer Revolutioun goufen zu Nantes, wéi gesot gëtt, 16.000 Bierger higeriicht.
Déi éischt ëffentlech Buslinn vun der Welt gouf 1826 zu Nantes ageweit.
[Änneren] Nantes am Zweete Weltkrich
1940 ass d'Stad während dem däitschen Frankräichfeldzug vun den däitschen Truppen besat ginn. 1941 gouf den däitschen Stadkommandant Hotz vun der Resistenz ëmbruecht, wourop hinn 50 Geisele higeriicht goufen. D'Haaptverkéiersstrooss "des 50 Otages" erënnert un des schrecklech Tragedie). Bis Juni 1941 war Nantes d'Haaptstad vun der Bretagne, du gouf d'Stad vun der Vichy-Regierung vun der Regioun ofgetrennt. Tëschent dem 16. an 23. September 1943 ass Nantes duerch déi alliéiert Loftattacken staark matgeholl ginn. No der Landung vun den Alliéierten an der Normandie ass d'Stad den 12. August 1944 vun den däitschen Besatzungstruppen geraumt ginn.