Edikt vu Fontainebleau
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 18. Oktober 1685 gëtt den Edikt vu Nantes duerch den Edikt vu Fontainebleau widerruff. Den Edikt vu Nantes war domadden iwwer 80 Joer gëlteg.
Den Henri IV. hat et 1589 fäerdeg bruecht, de Reliounskricher en Enn ze setzen, andeems e mam Edikt vu Nantes d'protestantesch Relioun a Frankräich erlaabt huet. De Louis XIII. an de Richelieu hunn zwar de Protestanten hirt Gewiicht am Land geschwächt, mee och si hunn d'reliéis Toleranz a Kraaft gelooss.
De Louis XIV. hëlt säi Beruff als Roi Très Chrétien ganz genee. Fir hien soll et am Frankräich nëmmen eng Relioun ginn an zwar de Katholizismus. Vrun allem ass hien der Meenung datt d'Protestanten zevill republikanesch Iddien hunn. Nom Doud vum Mazarin goufen et ronn eng Millioun Protestanten a Frankräich mat ëm déi 900 Kierchen.
An enger éischter Phas, bis 1680, huet d'franséisch Monarchie drop gebaut, datt sech vill Protestanten erëm zeréck zum Katholizismus bekéieren, wann et hinne verbuede ging ginn, hir Relioun auszeliewen. Dofir gouf sech Wuert fir Wuert op den Edikt vu Nantes beruff, andeems zum Beispill d'Protestanten aus alle publike Beruffer erausgehäit goufen. Den Edikt war effektiv wat dëst Thema ugeet net ganz kloer. D'Bestrofunge goufen och erhéicht, fir all déi, déi sech net un déi nei Bestëmmunge gehal hunn. De Gleewege gouf verbueden ze emigréieren, kee Synod konnt ouni den Accord vum Kinnek ofgehale ginn, a si hu sech net duerfte mat Katholike bestueden. Begriewnisser vu Protestante konnten nëmme moies fréi oder owes spéit duerchgefouert ginn. Psalmen duerften nëmmen nach doheem oder am protestantesche Gotteshaus gesonge ginn, a net méi an der Ëffentlechkeet. 1676 gouf souguer eng extra Keess an d'Liewe geruff, fir déi, déi sech zum Katholizismus bekéiert hunn, ze belounen.
1681 fänken d'sougenannt Dragonnaden un, eng bluddeg Verfollegung vun de Protestanten. Dës Zaldoten hu mat de Familjen an engem Haus gewunnt an dës, noutfalls mat Gewalt, gezwongen, hir Relioun ze änneren. Et dauert net laang, do brauch schonn nëmmen d'Wuert "Dragonnade" ze falen, a schonns bekéieren sech ganz Dierfer.
Dëst goung awer nach net duer fir de Protestantismus aus Frankräich erauszekréien, an 1685 ginn d'Verfollegungen am Béarn an am Languedoc weider. Ëmmer méi Leit hu sech zum Katholizismus bekéiert, a sou koum et, datt de Louis XIV. fonnt huet, den Edikt vu Nantes wier iwwerflësseg, well jo souwisou kee Protestant méi am Land ass. Dëst féiert also zur berühmter Revokatioun vum Edikt vu Nantes, an dat duerch de besoten Edikt vu Fontainebleau.
D'Protestanten haten ab elo kee Recht méi, hir Relioun auszeliewen, an hunn hir Kanner misse kathoulesch deefe loossen. Vill vun dëse neie Katholiken hunn dat natierlech net éierlech gemengt a sinn am Geheimen trotzdem dem Protestantismus trei bliwwen. Sou si si zwar mat an d'Mass gaangen, hunn awer net kommunizéiert. Wann se liesen oder schreiwe konnten, hu se hire Kanner doheem hir Relioun bäibruecht.
Zengdausende vu Protestanten hunn doropshi beschloss, d'Land ze verloossen, wouvunner der 50.000-60.000 an Holland ausgewandert sinn, 40.000-50.000 an England, 30.000 an Däitschland, 22.000 an d'Schwäiz an 10.000-15.000 an d'englesch Kolonien an Amerika. Dacks waren dëst gutt Handwierker, Offizéier, Geschäftsmänner oder Wëssenschaftler.
[Änneren] Literatur zum Thema
- BELY, Lucien, La France moderne, 1498-1789, ISBN 2-13-053844-4
- BELY, Lucien, Dictionnaire de l'Ancien Régime, ISBN 2-13-052512-1
- BLUCHE, François, Louis XIV, ISBN 2-213-01568-6
- SOLE, Jacques, Les origines intellectuelles de la révocation de l'Edit de Nantes
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Edikt vu Nantes
- Reliounskricher
- Louis XIV.
- Hugenotten