Resistenz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Ënnert der Resistenz versteet een den oppene Widerstand, meeschtens awer de Kampf am Ënnergrond, vum Vollek géint eng feindlech Friemherrschaft iwwert d'eegent Land. Bei der Resistenz handelt ët sech meeschtens em Gruppen, déi a kleng Widerstandszellen agedeelt sinn. Sou ass ët méiglech, wann eng Grupp gepëtzt gëtt, datt di aaner Gruppen net zevill a Gefor geroden.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Resistenz am Zweete Weltkrich
[Änneren] D'Lëtzebuerger Resistenz
Kuckt och den Artikel iwwert Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich.
Wéi Lëtzebuerg am Joer 1940 vu Nazi-Däitschland annektéiert gouf, huet lues an lues ugefaange, dat Nationaalt Bewosstsinn ze erwächen. Ab 1941 hu sech di éischt Resistenzlergruppe wéi de Lëtzeburger Ro'de Lé'w oder d'PI-Men forméiert. Am Ënnergrond hun se heemlech géint déi däitsch Besetzer geschafft, politesch Flüchtlingen a sougenannte "Wehrdienstverweigerer" iwwer d'Grenz bruecht an d'lëtzebuerger Bevëlkerung mat patriotesche Flugziedelen op deenen net seelen d'Groussherzogin Charlotte ze gesi war, opgemontert fir duerchzehaalen.
Wéi an den Nopeschlänner och, waren d'Originen, zemools déi ideologesch, vun deene verschiddene Resistenzler a Resistenzgruppen, ganz ënnerschiddlech: se gunge vun deenen, déi d'Nazi-Ideologie un sech bekämpfenswert font hunn bis zu deenen, bei deenen d'Fräiheet vum Land am Virdergrond stung. Sou huet hiirt politescht Spektrum dann och vun de Kommunisten bis hin zu klerikal-konservative Stréimungen (zum Deel esouguer matt antisemiteschen Ënnertéin) gereecht.
[Änneren] Lëtzebuergesch Resistenzlergruppen
- L.P.L., Lëtzeburger Patriote Liga, 1940
- L.F.B., Lëtzeburger Freihétsbewegong, 1940
- L.F.K., Lëtzeburger Freihétskämpfer, Januar 1941¨
- L.L, Lëtzebuerger Legio'n, (September 1940)
- L.V.L., Lëtzeburger Volleks Legio'n, Juni 1941
- L.R.L., Lëtzeburger Ro'de Lé'w, Oktober 1941
- PI-Men, Patriotes Indépendants, 1941
- L.S, Lëtzebuerger Scouten,1940
- L.F.B., Lëtzeburger Freihétsbond
- Alweraje, 1941.
- T.L.S., Trei Lëtzeburger Studenten (1941)
- L.P.P.D (Zesummeschloss vun de Resistenzler nom Zweete Weltkrich)
Déi verschidden Resistenzorganisatiounen hunn sech Ufank vu 1944 an der Unio'n zesummegeschloss.
[Änneren] Wirtschaftssabotage
Militäresch Sabotage war zu Lëtzebuerg heefeg, konnt iewer net, aus strukturellen Uersachen, (Keng Kuelegrouwen, keng chemesch Industrien; méi starken Encadrement duerch Beamten aus dem Reich) déi Dimensiounen unhuelen wéi op anere Plazen. Wirtschftsabotage gouf iwwerall praktizéiert a si huet déi verschiddenst Formen ugeholl. Villfach goufen Dréit ofgepëtzt oder aner Tricken gedréit, wat dacks zu Repressaillen gefouert huet.
D'Wirtschaftssabotage hat en eegene, typpesch lëtzebuergesche Charakter.
[Änneren] Resistenzen an aanere Länner
[Änneren] Resistenz an Däischtland
[Änneren] Resistenz an Éisträich
[Änneren] Resistenz a Frankräich
[Änneren] Resistenz an Italien
[Änneren] Resistenz a Polen
[Änneren] Fir ze liesen
- Weber, Paul: Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg, Luxemburg, Victor Buck, 1948, 159 S.
- Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
- Hilbert, Roger: Resistenzbilder in: De Mierscher Gemengebuet. - Mersch. - Nr. 70(Mäerz 2005), p. 39-44, ill.
- Petite histoire de l'activité des résistants luxembourgeois engagés dans les réseaux et les maquis de la France combattante / [réd.:] Jules Stoffels. - [Luxembourg] : Association des anciens combattants volontaires luxembourgeois de la Résistance française, 2006 (Luxembourg : Impr. Centrale). - 141 Säiten : ill. ; 26 cm, ISBN 2-87996-760-0
[Änneren] Kuckt och
- Zweete Weltkrich, Allgemenges zum Thema
- Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich
- Wirtschaftssabotage zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich
- Resistenzler
- Hans Adam, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Alweraje, Lëtzebuergesch Resistenzgrupp
- Nicolas Bosseler, Lëtzebuergesch Resistenzler
- Ady Claude, Lëtzebuergesch Resistenzler
- Lucien Dury, Lëtzebuergesch Resistenzler
- Georges Everling, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Vic Fischbach, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Nicolas Huberty, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Yvo Kerger, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Louis Knaff, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Emile Krieps, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Emile Maar, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Charles Marx, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Jean Muller, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Tony Noesen, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Raymond Petit Lëtzebuergesche Resistenzler
- Wenzel Profant, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Aloyse Raths, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Charles Reiffers, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Jean-Pierre Ries, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Camille Sutor, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Aloyse Schiltz, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Fernand Schwachtgen, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Albert Ungeheuer, Lëtzebuergesche Resistenzler
- Madeleine Weis-Bauler, Lëtzebuergesch Resistenzlerin
- Albert Wingert, Lëtzebuergesche Resistenzler