Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Hëllef:Jargon - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Hëllef:Jargon

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Dës Säit soll iech en Iwwerbléck iwwert de gängege Wikipedia Jargon ginn, deen dagdeeglech vun de Wikipedianer benotzt gëtt. Ofkierzungen, déi virun allem am Résumé nom Ännere vun engem Artikel benotzt ginn, sinn ënner Résumé erkläert. Zousätzlech kënne mer Iech op d'Lëscht vun den Ofkierzungen (Netzjargon) hiweisen.


Inhaltsverzeechnes 0-9 A B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U V W X Y Z


[Änneren] A

Administrator: Mat Administrator ginn déi Leit bezeechent, déi eng Säit definitiv läschen oder blockéiere kënnen, an och anonym a registréiert User blockéiere kënnen, wann et noutwänneg ass. Jiddereen, deen zënter enger Zäitchen u Wikipedia matgeschafft huet, kann Administrator ginn, de Fall gesat et gëtt keng legitim Oppositioun. Liest heizou och Wikipedia:Administratoren.

Artikel: Mat Artikel menge mer eng Wikipedia-Säit déi enger enzyklopedescher Entrée entsprécht. Dovunner ausgeschloss sinn de Moment zum Beispill d'Wikipedia-Säite mat gréngem Hannergrond (am Monobook Stil) asw.

Änneren: Wa mer Artikelen änneren, editéiere mer se (engl. to edit). Dëst beinhalt souwuel eng einfach Ännerung, andeems der méi Informatiounen dozou bäidrot, oder awer och wann der e ganz neien Artikel opsetze wëllt.

[Änneren] B

Bot: D'Wuert Bot kënnt vum Wuert Roboter. Am Kader vu Wikipedia sinn dëst kleng automatesch Programmer zur Kreatioun oder der Mise à jour vu Säiten. Liest heizou och Wikipedia:Bot.

[Änneren] E

Editeur: Vum engleschen editor ass den Editeur deejenegen, deen um Artikel schafft. Am allgemengen bezeechne mer eis "Mataarbechter" als Wikipedianer.

[Änneren] G

Gewënschte Säiten: D'gewënschte Säiten sinn eng Rubrik vun de Spezialsäiten, déi automatesch generéiert gëtt. De System kuckt einfach op wéi een Titel vun engem Artikel deen et nach net gëtt déi meeschte Linken hiweisen, a rechent sech dann eng Tabell aus, déi der hei Special:Wantedpages kucke kënnt.

GFDL: GFDL steet fir GNU Free Documentation License. Dat ass d'Lizenz ënnert deer an der Wikipedia Artikelen, Biller asw. verëffentlecht ginn. Fir méi Informatioun, kuckt d'Artikele Wikipedia:Copyright a GFDL.

[Änneren] H

Historique: Den Historique ass d'Gesamtheet vun den Ännerunge vun enger Säit, déi all Mënsch nokucke kann. Domadder kënnt der d'Evolutioun vun enger Säit noverfollegen, vum Ufank bis zur leschter Ännerung. Den Historique erlaabt et och am Fall vu Vandalismus eng fréier Versioun vun enger Säit erëm hierzestellen, andeems een déi leschte valabel Versioun vun der Säit opmécht an nach eng Kéier frësch ofspäichert.

[Änneren] I

Interwiki-Linken (en, fr, de...): Dës Ofkierzunge sti fir déi aner Wikipediaen an anere Sproochen. Benotzt gi se net nëmmen am Numm vun der Wikipedia (lb.wikipedia.org) mee och bei de sougenannten Interwiki-Linken. Dës zwee Buschstawen entspriechen dem internationale Lännercode no der ISO 639 Norm. Um Site http://www.loc.gov/standards/iso639-2/ fannt der eng komplett Lëscht.

E puer Beispiller:
en = "englesch" - fr = "franséisch" - de = "däitsch" - ja = "japanesch" - lb = "lëtzebuergesch" - nl = "hollännesch" asw.

[Änneren] K

Kuerz Artikelen: Kuerz Artikelen sinn, wéi de Numm et scho seet, net extrem grouss, mee awer grouss genuch fir iwwert dem Stadium vun enger Skizz ze stoen. Eng Lëscht vun de kuerzen Artikelen, déi och zu de Spezialsäiten gehéiert, an eemol d'Woch aktualiséiert gëtt, fannt der ënnert Special:Shortpages.

[Änneren] L

Laang Artikelen:Wéi de Numm et scho seet, si laang Artikelen Artikele vun enger gewësser Gréisst. D'Lëscht vun dësen Artikelen, déi eemol d'Woch aktualiséiert gëtt, fannt der ënnert Special:Longpages.

[Änneren] N

NPOV: NPOV steet fir Neutral Point Of View, also en neutrale point de vue. Wat genee fir Wikipedia dorënner ze verstoen ass, liest dir am beschten am Artikel Wikipedia:Neutralitéit.

[Änneren] R

Redirect: Redirect-Säiten hunn u sech nëmmen de But op eng aner Säit weiderzeleeden. Dëst ass zum Beispill de Fall beim Artikel Julius Cäsar, deen op Gaius Iulius Caesar weidergeleet gëtt. Dëst kann dee Moment ganz nëtzlech sinn, zumools bei Ofkierzungen, déi ëmmer op den ausgeschriwwenen Titel redirigéiere sollen (Beispill USA -> Vereenegt Staate vun Amerika). E Redirect maacht der ganz einfach andeems der #REDIRECT [[Numm vun der Säit op déi redirigéiert gi soll]] dohinner schreift.

Rezent Ännerungen: D'rezent Ännerunge sinn eng vum System generéiert Lëscht, wou der déi leschten Ännerungen un der lëtzebuergescher Wikipedia nokucke kënnt. Dës Lëscht fannt der am Menu op der lénker Säit oder andeems der direkt heihinner klickt: Special:Recentchanges.

[Änneren] S

Sakgaassartikelen: Sakgaassartikelen sinn Artikelen déi néierens hiféieren. Dëst geschitt entweder doduerch datt all d'Linken am Artikel nach rout sinn, et déi Artikelen also net gëtt, an dee Moment d'Linken néierens landen. En anere Fall ass, wann et am Artikel selwer guer keng Linke gëtt. Wann also e Lieser op eng Sakgaasssäit geréit, kënnt e vun do bei senger Wanderung net méi weider. D'Lëscht vun dësen Artikelen, déi eemol d'Woch aktualiséiert gëtt, fannt der ënnert Special:Deadendpages.

Säit réckelen: Eigentlech ass mat réckele gemengt, datt d'Säit ëmbenannt gëtt. Praktesch gesäit dëst esou aus, datt alles vun der aler Säit op eng nei Säit mat neiem Numm eriwwergeholl gëtt, mat der Diskussiounssäit, an de ganzen Historique bleift bestoen. Op der aler Säit gëtt e Redirect op déi nei automatesch agesat.

Skizz: Am Englesche stub genannt, sinn d'Skizzen op Wikipedia Artikelen déi nëmmen aus knapps zéng Zeile bestinn, an dofir nach kee vollwärtegen Artikel duerstelle kënnen. Eng Lëscht vun aktuelle Skizzen fannt dir ënnert Category:Wikipedia:Skizzen. Bei esou Säite gesitt der, datt folgende Message iwwert dem Artikel steet: Template:Skizz.

[Änneren] W

Weesesäiten: Eng Weesesäit entsteet, wa keen aneren Artikel op dës spezifesch Säit linkt. Eng Lëscht, déi eemol d'Woch aktualiséiert gëtt, kann hei Special:Lonelypages konsultéiert ginn.

Wikipedia: D'Wikipedia ass de Gesamtbegrëff fir dës Enzyklopädie. Genee Detailer fannt dir am Artikel iwwert Wikipedia.

Wikifikatioun: Mat Wikifikatioun oder Wikifizéirung bezeechne mer d'Formatéiere vun engem Artikel no de Stilkonventiounen a Regele vu Wikipedia. Dëst beinhalt ënner anerem Linke bäisetzen, Interwiki-Linke schafen oder Kategorië bäisetzen.

[Änneren] Z

Zerécksetzen: Mat der Funktioun zerécksetzen ass et méiglech, en Artikel op eng fréier Versioun am Historique zeréckzesetzen, obwuel méi eng rezent besteet. Dëst geschitt meeschtens a Fäll vu Vandalismus.

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com