Hëllef:Éischt Schrëtt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Ofkierzung: WP:ES
Op dëser Säit fannt Dir kompakt all wichteg Informatiounen, déi Dir fir d'Mataarbecht bei der Wikipedia wësse musst. Alternativ gëtt et mam Wikipedia-Tutorial eng méi ausféierlech Aféierung an d'Aarbechtsweis vun der Wikipedia.
[Änneren] Grondsätz
Éier Dir ufänkt mat schreiwen, hei déi wichtegst Grondsätz vun der Wikipedia:
- Schreiwt sachlech, neutral an a ganze Sätz.
- Et ass tabu, Texter vun anere Websäiten ze kopéieren.
- Wikipedia ass keng Plattform fir sech selwer duerzestellen oder Reklamm ze maachen.
- Wikipedia ass eng Enzyklopedie - wann Äre Bäitrag net d'Ufuerderungen un en Enzyklopediesartikel erfëllt, sou ass d'Chance grouss datt e geläscht gëtt.
Är éischt Schrëtt maacht Dir am beschten an der Wikipedia:Sandkaul. Dës Säit ass dofir geduecht, Saachen auszeprobéieren.
Artikel änneren | |
Klickt beim Artikel op de Link Änneren uewen um Bord iwwert der Iwwerschrëft vum Artikel. | |
E Feld mam Text vum Artikel geet elo op. Et ka sinn datt Dir do e puer komesch Zeeche gesidd. Dës Zeeche sinn noutwänneg fir d'Formatéierung vum Artikel a fir d'Linken tëschent verschiddenen Artikelen. An der Textfënster kënnt Dir elo den Artikel änneren, zum Beispill Tipp- oder Orthographiefeeler verbesseren, oder och den Artikel erweideren. | |
Am Textfeld Résumé sollt Dir uginn, wat Dir gemaach hutt - zum Beispill Tippfeeler oder Datum korrigéiert.
Wann Dir méi wéi e Wuert oder eng Zuel verbessert hutt, klickt als éischt op Preview fir Iech den Text uweisen ze loossen, an ze kontrolléieren, op d'Resultat ärem Wonsch entsprëcht, an eréischt duerno op Späicheren. |
Linken an nei Artikelen | |
Wat Dir maacht | Wat geschitt |
---|---|
Klickt nacheemol op Änneren a schreiwt en Text bannent eckege Klameren, zum Beispill: Op engem Mac maacht Dir d'eckeg Klamere mat Alt+5 bzw. Alt+6. |
Lo gesäit een e Link op den Artikel Walfer. Well et schonn en Artikel zu dësem Thema gëtt, kënnt Dir einfach drop klicken, fir op den Artikel ze kommen. De Link gëtt blo duergestallt. |
Wann den Text deen ugewise soll ginn, en anere wi deen vum Artikelnumm ass, geet dat esou: D'„Pipe“-Symbol, wat den Numm an den Text trennt, läit op däitschen Tastature lénks vun der Y-Tast (AltGr+<), an der Schwäiz AltGr+7 oder AltGr+1, an op engem Mac Alt+7. |
Elo gesäit een den Text: |
Maacht elo emol e Link op eng Säit déi et nach net gëtt. Esou: |
Dat gesäit dann esou aus: Dës Säit gëtt et nach net. Déi rout Faarf signaliséiert, datt et nach keen Artikel ënnert deem Numm gëtt. (Normalerweis kënnt Dir de roude Link natierlech och uklicken, mee an dësem Testbeispill beloosse mer et esou, amplaz ëmmer missen déi Säit nees ze läschen :)). |
Klickt op de roude Link. |
Dir kritt elo d'Textfënster fir en neien Artikel ugewisen, wou Dir elo ären Text hischreiwe kënnt. |
[Änneren] An elo ?
Ween et méi genee wësse wëll, kann och bis an d'ausféierlecht Handbuch luussen. Do gëtt et en Abschnitt fir Neier, an deem mir versichen, eis nei Mataarbechter e bëssen un d'Hand ze huelen. Wann nach Froen opstinn, kënnt Dir ënnert Wikipedia:FAQ kucken, op dës net scho beäntwert goufen, oder eng Fro op der Hëllefsäit stellen.