Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Wikipedia:Administratoren - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Wikipedia:Administratoren

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Dës Säit huet als But, ierch e bësse méi no ze bréngen, ween d'Administratore sinn, wat si maachen a wisou si do sinn. Eng Lëscht vun den Administrators oder kuerz Admins kann hei konsultéiert ginn: Admins Lëscht.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Firwat ginn et Admins ?

Fir e Site wéi d'Wikipedia oprecht ze erhalen, wou all Dag eng Doze Leit un den Artikelen änneren, brauch een eng Rei "Waffe" fir Feeler ze verbesseren, Säiten am schlëmmste Fall ze läschen, an temporär Säiten ze blockéieren oder Vandalen ze ënnerbriechen beim Zerstéiere vun Artikelen.

Aus evidente Sëcherheetsgrënn kënnen dës Aufgaben natierlech net vun all x-belibege User benotzt ginn, an dowéinst hu verschidden User speziell Rechter, an dat sinn d'Administratoren.

Dëse Statut gëtt deene User uvertraut, déi schonns eng Zäitche bei Wikipedia dobäi sinn, an d'Vertraue vun deenen anere User genéissen. An eisem spezielle Fall vun enger nach rezenter Wikipedia sinn ausser de Grënnungsmembere just nach zwee Memberen zum Admin ernannt ginn, mee wat mir méi grouss ginn, wat nach anerer derbäikomme wäerten.

[Änneren] Wat kann en Admin maachen?

Admins hu speziell Rechter géintiwwer deenen anere Useren op der Wikipedia. Si kënnen:

  • Säite protegéieren an deprotegéieren, an och protegéiert Säiten änneren (wat normal User dee Moment net méi kënne maachen).
  • Säite mat Historique komplett läschen. Kuckt dowéinst den Artikel Wikipedia:Läschen.
  • geläschte Säite konsultéieren an noutfalls restauréieren, andeems si Zougrëff op eng Datebank hunn, déi Admins virbehalen ass.
  • IP Adressen an registréiert User blockéieren, sou datt dës net méi op d'Wikipedia schreiwe kënnen.
  • d'Systemmessagen änneren iwwer Wikipedia:Espace Mediawiki.

En Admin huet keng weider Informatiounen zu enger IP Adress oder dem Courrier tëscht Useren wéi déi aner User och.

[Änneren] Rechter a Flichten

Den Admin huet déi selwecht Rechter a Flichte wéi all normale Wikipedia-Benotzer:

  • un den Artikele matschaffen déi hien interesséieren
  • op Froen äntwerten, soufären e kapabel dozou ass
  • nei Wikipedianer an d'Famill ophuelen
  • e bësselche raumen (zum Beispill am Stamminet)
  • oppassen datt kee copyrechtlech geschützte Contenu op Wikipedia steet, bei Texter genee wéi bei Biller
  • Contenu deen als Vandalismus ugesi gëtt, läschen (andeems d'Säit einfach eidel gemaach gëtt)

Op kee Fall huet en Admin méi Méiglechkeete wann et ëm d'Artikelschreiwe selwer geet. All dës Rechter a Flichten si kee Privileg vun engem Admin, all User ka sech dodrëms këmmeren, genee sou wéi en Admin net gezwonge ka ginn, all Woch am Stamminet ze raumen.

[Änneren] Wéi gëtt een Admin ?

Adminskandidaturen kënnen op dëser Säit Wikipedia:Adminkandidaturen agereecht ginn, wou da vun den anere User ofgestëmmt gëtt.

[Änneren] Konsequenze vun engem Muechtmëssbrauch

E Muechtmëssbrauch vun engem Admin ass eng onéierbar Benotzung vun de Mëttelen déi him zur Verfügung stinn, an déi keng Ausnam (cf. heidrënner) duerstellen. Wann iech esou ee Fall virkënnt, schreift e w.e.g. heihinner, mat der Sanktioun déi ärer Meenung no ubruecht ass, a waméiglech enger URL als Beweis fir de Mëssbrauch.

A kengem Fall dierf en Admin:

  • eng Säit blockéieren, well e Versiounskonflikt mat anere User besteet.
  • e User blockéieren ouni déi üblech Demarche iwwert Wikipedia:Vandalismus geholl ze hunn.
  • eng Säit läschen, ouni se virdrun op der Säit Wikipedia:Läschen ugekënnegt ze hunn.

[Änneren] Ausnamen

Bei klengem an/oder evidentem Vandalismus (zum Beispill eng Persoun déi eng Säit opmécht, fir "Coucou" ze schreiwen) kann den Admin natierlech direkt dëst läschen ouni iwwert d'Wikipedia:Läschen-Säit ze fueren. Dës betrëfft awer nëmmen d'Säiten, wou keng pertinent Informatioun fir d'Enzyklopädie ze fannen ass.

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com