Wikipedia:Artikel/Wéi änneren ech en Artikel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Hei kritt dir no an no gewisen, wéi Dir en Artikel ännere kënnt.
Sicht Iech als éischt en Artikel eraus deen dir ännere wëllt. Uewe fannt der verschidde Befehler op déi dir klicke kënnt. Klickt op änneren
Den Artikel ass elo am Ännere-Modus. Den Text ass an der Editéier-Zone (déi kleng Fënster) , also do wou dir en ännere kënnt.
Ännert alles wat Iech gefällt. Beim Schreiwen mierkt Dir datt am Text Saache wéi '', ''', [[, ]] stinn. Këmmert Iech an enger éischter Linn emol nët dodrëms a setzt är Ännerunge dran.
Dat Eenzegt wat Dir direkt verhale musst ass wéi Dir en neie Paragraph maache kënnt. Dofir ginn ët zwou Méiglechkeeten :
- Haalt déi lescht Linn virum neie Paragraph op mat <br>.
- Loosst eng Rei aus.
Wann der fäerdeg sidd mat Änneren, gitt bis un d'Enn vun der Säit an klickt op preview (de Knapp riets niewent dem "Säit späicheren).
Dir gesitt den Artikel elo am Preview-Mode. Dir gesidd är Ännerunge schon mee opgepasst, nach ass déi nei Versioun nët gespäichert.
Ännert esoulaang bis Dir zefridde sidd mat ärem Artikel.
Wann dir fäerdeg sidd, schreiwt an d'Resumé-Feld kuerz wat dir gemaach hudd. Klickt duerno op Säit späicheren.
An domadder hutt Dir ären éischte Bäitrag fir d'Wikipedia geschriwwen ! :-)