Wikipedia:Stil
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Op Wikipedia ginn et eng Partie Stilkonventiounen, fir d'Artikelen ënnert sech kohärent ze halen, an eng gewësse Struktur an de Projet ze bréngen.
[Änneren] Wéi fänken ech en Artikel un ?
Am beschte Fall fänkt en Artikel mat enger kuerzer Definitioun oder Beschreiwung un. Déi éischt Ernimmung vum Sujet schreiwe mer a fettgedréckte Buschstawen.
Als Beispill:
- Karate ass eng fernëstlech Kampfsportaart.
Bei Persoune soll an der éischter Zeil och de Gebuerts- an Doudesdatum stoen (sou detailléiert wéi méiglech).
Als Beispill:
- De Jacques-Yves Cousteau, gebuer den 11. Juni 1910 zu Saint André de Cubzac, a gestuerwen den 25. Juni 1997 zu Paräis, war e franséischen Ozeanograph.
[Änneren] Hiweisschëlder
D'Hiwäisschëlder, och nach Messagen oder Textbausteng genannt, gehéieren ëmmer un den Ufank vun engem Artikel.
[Änneren] Verschiddenes
Nieft dësen "Haaptregelen" ass déi einfachste Method, dir kuckt iech einfach en ähnlechen Artikel un, an kopéiert d'Mise en page fir ären Artikel. Sou kréien all Zorte vun Artikelen, ob dat elo Biographien, Lännerartikelen oder d'Chronologie ass, eng eenheetlech Struktur.