Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Wikipedia:Ech hunn eng Fro - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Wikipedia:Ech hunn eng Fro

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Dës Säit erkläert Iech, wéi Dir d'Wikipedia an d'Mënschen déi hei schaffe kontaktéiere kënnt. Well de Projet immens oppen ass, gëtt et meeschtens kee fixen Uspriechpartner. Hannert all dëse Méiglechkeete stinn ausschlisslech fräiwëlleg Mataarbechter.

Froen & Hëllef

Vill Froë goufe scho gestallt an an der FAQ beäntwert.


Archiv


Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Pantone

Am Lëtzebuerger Fändel steet Pantone bei blo a bei rout. 1.) Wat ass dat? Firwar steet et net bei giel? A firwat gëtt do wäiss net opgezielt? --Luftikuss 21:09, 3 Juli 2006 (UTC)

Op der Websäit vun Pantone ( http://www.pantone.de/ ) kriss de eng Iddi, ëm wat et geet. Den Artikel selwer misst nach owwerschafft ginn. --Cornischong 15:53, 11 Juli 2006 (UTC)

[Änneren] Verdréite Kierchtierm

Kennt een e verdréite Kierchtuerm hei am Land?
Wier den Numm "Kierchtuerm mat verdréitem Daach" (oder Dachstull) besser? --Cornischong 07:53, 15 Juli 2006 (UTC)

[Änneren] De Fliger, de Potto an déi lëtzebuergesch Wikipedia

"In der Nähe von Dudelange befindet sich ein 285 m hoher Sendeturm für UKW und TV, der als freistehender Stahlfachwerkturm ausgeführt ist. Am 31. Juli 1981 wurde dieser Sendeturm von RTL von einem belgischen Militärflugzeug ungefähr in der Mitte getroffen und brach daraufhin zusammen. Die herabstürzenden Trümmerteile zerschlugen ein in der Nähe stehendes Haus und töteten das in diesem Haus lebende Ehepaar. Der Pilot der Unglücksmaschine starb ebenfalls. Der Sendeturm wurde danach wieder aufgebaut, allerdings nicht mehr ganz so hoch wie vor dem Unglück." liesen ech am "Dudelange"-Artikel. Wou ginn déi Däitsch dat nëmme gewuer?? Bestëmmt net aus der lb-Wiki!! --Cornischong 20:16, 31 Juli 2006 (UTC)

[Änneren] Schreifweis

Wéi heescht (oder léiwer: wéi schreift een) dat?: z.B. mat "däer", mat "der", mat "deer", mat "deeër"? Wéi gëtt dat gereegelt? Den DLW ass do keng Hëllef. Myriam 21:44, 17 August 2006 (UTC)

[Änneren] Mineur Ännerungen, asw

Salut, ass et méiglech fir verschidden Ännerungen ze blokéieren? Z.B. wann et just Mineur Ännerunge sinn (interwiki, kat, oder esou eppes)? -- Myriam 21:15, 23 August 2006 (UTC)

blockéieren ass wahrscheinlech de falschen Ausdrock: besser wier "ausblenden" -- Myriam 21:17, 23 August 2006 (UTC)

Ma da lies mol eng Kéier alles wat op der Säit steet wanns de Rezent Ännerungen opmechst, dann ass deng Fro beäntwert. Les Meloures 21:36, 23 August 2006 (UTC)

[Änneren] Banquier

An en äddlech Artikele fënnt een dëst Wuert erëm. Waat ass domat gemengt. Et goufen och schons Ausdréck wéi Bankugestellten oder Bankemployé an Artikelen a Banquier ëmgeännert. Ass een deen op enger Bank schafft ee Banquier oder ass dat deen deem d'Bank oder een Deel dervun gehéiert. Waat seet eisen Dico duerzou. Les Meloures 12:43, 21 September 2006 (UTC)

"Ban|ki|er [':], der; s, -s [frz. banquier, zu: banque = 2Bank]: Inhaber od. Vorstandsmitglied einer 2Bank (1 a)." zielt mer den "Duden - Deutsches Universalwörterbuch 2001" . Den DLW schreift "Banker = Banquier". Sou, lo wësse mer alles. --Cornischong 13:02, 21 September 2006 (UTC)

[Änneren] Ënzelt

Deen Artikel fannen ech nët. Gëtt et deen nach nët? Steet dee villäicht ënner engem Homonym? --Zweeeeëgen Drilling 00:36, 4 Oktober 2006 (UTC)

[Änneren] Aner Sproochen-Wikipedia

Wann ech lo wéilt an engem aner Wikipedia en Artikel verfaassen oder änneren, muss ech mer do dann en neien Usernumm froen? Ce 15:38, 20 Oktober 2006 (UTC)

Jo, mee Du kanns deen nämlechten huelen, wéi s De schonns hues - et sief, en Aneren huet dee scho virun Dir "gezoppt". --Zinneke 15:43, 20 Oktober 2006 (UTC)

[Änneren] Pangramm

Gëtt et e Pangramm am Lëtzbuergeschen? --Cornischong 01:49, 30 Oktober 2006 (UTC)

[Änneren] Eau de Javel-Fabrik zu Mamer

Wees een eppes iwwer déi fréier Eau de Javel-Fabrik zu Mamer? --Cornischong 18:52, 31 Oktober 2006 (UTC)

[Änneren] "Faarweg Bläistëfter"

Wéi solle mer eisen Artikel nennen iwwer dat wat am Däitschen "Buntstift" oder "Farbstift" heescht an am Hollänneschen ënner "Kleurpotlood" leeft? Den DLW zielt "Faarf", mee dat "geet net" gutt. --Cornischong 23:16, 3 Dezember 2006 (UTC)

Eppes "méi richteges" wéi "Faarweg Bläistëfter" fällt mer net an. (Bei Filzstëfter, Tuschstëfter oder -faarwen ass et méi schwéier, ze soen, wat "méi" richteg ass, do ginn et 3 Méiglechkeeten) --Zinneke 23:37, 3 Dezember 2006 (UTC)

[Änneren] Generol Marcel-Pierre Faure oder Pierre Faure

Ech sinn am gang een Artikel iwwer de franséischen Generol Marcel-Pierre Faure oder Pierre Faure (net ze verwiesselen mat dem Generol Jacques Faure) ze schreiwen. De Marcel-Pierre Faure ass dee Generol, deen als Capitaine den 2.Abrëll 1940 zu Feelen noutgeland war an heemlech vum Dokter Charles Marx iwwert d'franséich Grenz bruecht gouf. _(Kuck Charles Marx) Wee ka mier mat engem Hiwäis op eng Quell fir biographesch Daten hellefen. Am viraus merci.ernmuhl 08:21, 6 Dezember 2006 (UTC)

[Änneren] E puer prezis Froen

Ech sinn elo e puer Wochen hei dabei an an däer Zäit sinn e puer Froe bei mier opkomm:

  • Wéi steet et an der Lëtzebuerger Rechtschreiwung mat Wieder déi verschidde Leit verschidden ausschwetzen? Gëtt et do Reegele wéi eng Schwetz- an domadder Schreifweis "richteg" ass? Oder kann een - su laang wéi ee sech un d'Orthographie hält - schreiwe wéi ee wëll an deem Sënn wéi een och ka schwetze wéi ee wëll. Ee Wuert daat ech oft liesen, an daat mer iewwerhaat net gefällt ass "Foussball". Et héiert een d'Leit jo oft vu "Fussball" oder vu "Futtball" schwetzen, mee "Foussball" hunn ech nach net oft héieren. Ech wëll elo keng Diskussioun iwwert dest prezist Wuert starten, mee éischter e puer Rotschléi kréien doriwwer wéi ech soll schreiwen.
  • Wéi ass déi richteg Reiefolleg vun den Interwiki Linken? Schreift een se der alphabetescher Reiefolleg vun den Ofkierzungen no (z.B. fi vierun fr), oder esou wéi se dono an der Landessprooch alphabetesch do stinn (z.B. eo hannert es)? A wann et déi zweet Méiglechkeet ass, wou kommen déi Sproochen déi mat engem aaneren Alphabet schaffen do eran?

Weider Froe wäerten nach nokommen! Harry-PC 19:28, 14 Dezember 2006 (UTC)

Dat ass e Sport, bei deem de "Ball" mam "Fouss" gerannt gëtt, an net mam Futt oder Foot oder Fuss. Mär ginn eis léiwer net mat der Sproochweis, mee mat der Schreifweis of, well fir d'Sproochweis gëtt et keng "Spillregelen". A well mer genuch Getriwwels hate mat de Varianten vum Ballspill, gabrauche mer de Foussball, an da rullt et.

Déi Saach mat der alphabetescher Reiefolleg vun den Interwiki-Linke loossen ech en anere beäntwerten, well ech mech net och nach domat well ofginn. (Dat Gebastels mat finnish a suomi ass mär duergaangen). --Cornischong 21:29, 14 Dezember 2006 (UTC)

Moien Harry-PC,
Flott, wat s d'a kuerzer Zäit schonns hei un Artikele geschafen hues! Zu de Sproochen: dat einfachst ass, du kopéiers se vun der engleschsproochegr Säit eriwwer, sou wéi se do stinn (a setz bei deer Geleenheet och gläich de Link op däin neien Artikel op der Lëtzebuergescher. Botte (kleng Programmen) këmmere sech dann iergend eng Kéier drëms, de Link op d'lb: och an deenen anere Sproochversiounen ze setzen. --Zinneke 23:20, 14 Dezember 2006 (UTC)

Nierwelaangscht oc

[Änneren] Normalnull

Wat mache mer mat der Normalnull ??

Ech hat alt emol an e Puer Artikelen iwwer Mier gesat wat allgemeng méi richteg war vu datt NN sech nëmmen op Däitschland bezitt an op Kartesystemer déi dem däitschen ugeschloss sinn. Dat gouf da vu Wikifizéierungsspezialisten an NN ëmgedeeft.

Vir de Moment hu e puer Honnert Artikelen déi Frankräich, Spuenien, Éisträich, Italien an och nach eng Heellewull aner Länner betreffen déi ënner NN lafen. Les Meloures 17:17, 19 Dezember 2006 (UTC)

Ech kenne mech do elo net esou aus. Dat heescht NN gëtt just vun den Däitsch gebraucht, wann ech richteg verstanen hunn? Gëtt et da keng Ofkierzung op lëtzebuergesch? Soss giff ech och soen dass iwwert dem Mier oder Mieresspigel am Beschte wier. --Alexandra 17:21, 19 Dezember 2006 (UTC)

[Änneren] Nei Ierbessenzielereien ??

Vun 20.20 un sinn haut nei Zuele bei de Rezent Ännerungen tëscht der Auerzäit an dem Usernumm. Wann ech alles sollt richteg verstanen hunn, ass e Wonsch vu mär domat an Erfëllung gaangen, deen ech awer hei ni geschriwwen hunn. Weess een do méi?? --Cornischong 21:34, 19 Dezember 2006 (UTC)

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com