Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Ido - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Ido

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Ido seal

Ido ass eng "reforméiert" Versioun vun der Plangsprooch Esperanto. Si ass 1907 vum Louis de Beaufront geschafe ginn an huet och haut nach eng Rei Supporter, virun allem an Europa.

D'Grammatik vum Ido huet villes d'selwecht wéi déi vum Esperanto an och wat de Vokabulaire ubelaangt gëtt et dacks e Glach. Ido (genau wéi Esperanto) huet als Ziler eng méiglechst einfach a koherent Grammatik, soll extrem einfach ze léiere sinn a schaaft seng Wierder aus Sproochen, déi schonn existéieren. Dës Quellsprooche sinn Däitsch, Spuenesch, Franséisch, Italienesch, Russesch an Englesch. Zu engem groussen Deel sinn Esperanto an Ido identesch. Allerdéngs goufen eng Rei Saache geännert, fir de Kritiken um Esperanto entgéint ze wierken. Dozou ziele virun allem:

  • Am Alphabet vum Esperanto si 6 Buchstawen déi am laténgeschen Alphabet net existéieren. Ënnert deene 6 sinn der souguer 3, déi a soss kenger Sprooch ze fanne sinn. Dat féiert dozou, datt et dacks zu Problemer kënnt, fir Esperanto korrekt an Emailen an Newsgroups anzetippen. Ido benotzt d'laténgescht Alphabet ouni diakritesch Zeechen.
  • Wéinst der grammatescher Simplicitéit verlaangt Ido net, datt Adjektiver deklinéiert ginn, wéi déi Substantiver, déi dozougehéieren, well dat iwwerflësseg ass.
  • Am Esperanto brauch een eng -n Endung fir den Akkusativ ze markéieren. Am Ido dierf een dat an zweedeitege Fäll benotzen, mee an all deenen anere Fäll benotzt een am Ido keng -n Endung, well dës als iwwerflësseg ungesi gëtt.
  • Ido fuerdert koherent Regele fir Wierder ze transforméieren. Dës Derivatioun baséiert op dem Benotze vun Affixen.
  • Am Géigesaz zum Esperanto gesäit Ido dat männlecht Geschlecht net als Standard u fir Wierder, déi familiär Relatiounen ausdrécken. Sou gëtt zum Beispill am Esperanto d'Wuert fir "Schwëster" derivéiert vum Wuert "Brudder" un dat een de weibleche Suffix unhänkt. Am Ido dogéint sinn déi Wierder neutral an et gëtt zwee verschidde Suffixer fir déi respektiv männlech a weiblech Formen ofzeleeden. Sou seet een zum Beispill kuzo (Cousin (neutral)), kuzulo (Koseng (männlech)), kuzino (Cousine). An anere Fäll gëtt et dräi Wierder: genitoro (Elterndeel), patro (Papp), matro (Mamm).
  • De Vokabulaire vum Ido zielt méi eng grouss Internationalitéit. Sou seet een zum Beispill am Ido "imaginar" wat méi international ass wéi d'Esperanto Form: "imagi". Op Englesch: "to imagine", Franséich: "imaginer", Spuenesch: "imaginar", Italienesch: "immaginare".

D'Wuert Ido kënnt zum Deel aus dem Esperanto a bedeit Nokommen, Ofkömmling. Am Ido selwer steet IDO als Ofkierzung fir Idiomo Di Omni (Sprooch fir jiddereen).

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Grammatik

All Wuert am Vokabulaire vum Ido staamt vun engem Stammwuert of. All Stammwuert besteet aus engem Stamm an enger grammatescher Endung. Aner Wierder ginn derivéiert andeems een d'grammatesch Endung ewech léisst an eng aner amplaz setzt, oder andeems ee verschidden Affixen (Prefixen a Suffixen) dobäi setzt. Am Ido - wéi och am Esperanto - gëtt et keng grammatesch Ausnamen.

[Änneren] Déi verschidde grammatesch Endungen am Ido sinn:

  • -o : Substantiv an der Eenzuel
  • -i : Substantiv am Plural (-oj am Esperanto)
  • -a : Adjektiv
  • -e : Adverb
  • -ir : Verb, Infinitiv vun der Vergaangenheet
  • -ar : Verb, Infinitiv (-i am Esperanto)
  • -or : Verb, Infinitiv vun der Zukunft
  • -is : Verb, Vergaangenheet
  • -as : Verb, Présent
  • -os : Verb, Futur
  • -us : Verb, Konditionnel
  • -ez : Verb, Imperativ/Volitiv (-u am Esperanto)

Dëst sinn déiselwecht wéi am Esperanto ausser -i, -ir/-ar/-or an -ez.

[Änneren] Pronomen

D'Pronomen am Ido sollen akustesch besser vuneneen z'ënnerscheedde sinn, wéi déi vum Esperanto, déi all op i ophalen. Virun allem déi éischt Persoun an der Eenzuel "mi" ass liicht ze verwiessele mat der éischter Persoun Plural ni - virun allem um Telefon. Am Ido ënnerscheet een och tëscht dem intimen (tu = du) an dem héiflechen (vu = Dir (Eenzuel)). Am Plural seet een ëmmer vi, do gëtt et also keng intim Form. Desweideren huet Ido e ganz praktesche Pronomen lu dee kee Geschlecht ausdréckt. An deene meeschte Sprooche benotzt een a sou Fäll entweder déi männlech Form, oder et muss een explizit soen "hien oder hatt".

Pronomen
Eenzuel Plural ondefinéiert
éischt zweet drëtt éischt zweet drëtt
intim héiflech männlech weiblech neutral ondefinéiert
Lëtzebuergësch Ech Du Dir Hien Hatt Et Hien oder hatt Mir Dir Si Een
Esperanto mi vi li ŝi ĝi li aŭ ŝi ni vi ili oni
Ido me tu vu il(u) el(u) ol(u) lu ni vi li on(u)


[Änneren] Geschicht

Am Joer 1901 huet de franséische Mathematiker Leopold Leau d'Délégation pour l'Adoption d'une Langue Auxiliaire Internationale gegrënnt. Deer hiert Ziel war et eng Welthëllefssprooch anzeféieren, déi net déi national Sprooche sollt verdrängen, mee an deene Fäll zum Asaz sollt kommen, wou Leit vu verschiddene Mammesproochen zesummekommen. Dës Delegatioun huet am Mee 1907 déi international Associatioun vun den Akademien zu Wien gefrot fir eng Decisioun ze huelen. Allerdéngs huet dës sech fir net kompetent erkläert fir d'Fro vun enger internationaler Welthëllefssprooch, a sou ass et zur Formatioun vun enger Aarbechtsgrupp komm, déi dëse Problem léise sollt. Dës Aarbechtsgrupp, dacks einfach "de Comité" genannt, ass zu Paräis fir 18 Sitzungen zesummekomm, an deenen se decidéiere sollt, wéi eng international Hëllefssprooch erausgesicht sollt ginn. D'Resultat war, datt keng vun de Sproochen total akzeptabel wier, mee datt den Esperanto opgrond vu senger relativer Perfektioun an deene villen Unwendungen déi e schonn hat kinnt akzeptéiert ginn, ënnert der Konditioun datt verschidden Ännerunge géinge virgeholl ginn. Dës Ännerunge sinn du vun der permanenter Kommissioun ëmgesat ginn, an dorauser ass den heitegen Ido entstanen.

Eng grouss Kontrovers ass doduerch entstanen, well de Louis de Beaufront ee Projet ënnert dem Pseudonym Ido virgeluecht huet während de Sitzungen zu Paräis. Allerdéngs ass et net dëse Projet, deen akzeptéiert ginn ass. Déi Variant ass ni wierklech publizéiert ginn.

Vill Esperantiste ware géint Reformen, an de Kreateur vum Esperanto, de Ludwik Lejzer Zamenhof huet sech och net bereet erkläert fir d'Reforme vum Ido Projet an den Esperanto z'iwwerhuelen. Ironescherweis sinn eng Rei vun de Reformen déi am Ido ëmgesat goufen 1894 scho vum Zamenhof selwer proposéiert - mee awer net ëmgesat - ginn. Bis haut besteet eng Tendenz, d'Haaptregelen am Esperanto bäizebehalen. De Louis Couturat, eng vun den Haaptfiguren hannert Ido, ass an engem Autosaccident am Joer 1914 ëmkomm. Säin Doud an den Éischte Weltkrich hunn den Ido Mouvement staark gebremst. Mat der Gebuert vum Occidental (enger weiderer Plangsprooch) si verschidde Leit vun Ido op Occidental eriwwergaangen, wat den Ido Mouvement nach eng Kéier gebremst huet. 1928 huet den dänesche Linguist a bis dato Ido-Verfechter Otto Jespersen seng eege Plangsprooch Novial gegrënnt, well e geduecht huet, Ido hätt sou ee klenge Succès gehat wéinst linguisteschen Elementer an der Sprooch selwer. Allerdings huet Novial nach vill manner Leit ugezu wéi Ido.

Ido huet och haut nach eng Rei Spriecher and den Internet huet déi lescht Joren zu engem Renouveau vun dem Interessi gefouert. D'Zuel un Ido Spriecher gëtt geschat op 250 bis 5000. Am Géignsaz soll Esperanto ongeféier 1,6 Milliounen Spriecher hunn, laut dem Sidney S. Culbert, engem pensionnéierte Psychologie-Professor, deen eng Ëmfro gemaach huet. Déiselwecht Zuel ass ze fannen am Almanac World Book of Facts a bei Ethnologen.

De Jespersen, dee während deenen zéng Deeg vun de Sitzungen zu Paräis do war (a spéider an der permanenter Kommissioun war), huet eng Geschicht vum Ido geschriwwen.

Vill Supporter vum Esperanto hunn Ido iwwert Joren attackéiert. Ee vun hinnen, den Don Harlow, huet eng Geschicht vum Ido geschriwwen am drëtte Kapitel vun The Esperanto Book, "How to Build a Language". Verschidde Leit hunn d'Validitéit vun deer Geschicht kritiséiert, op déi hien am Ënnerkapitel "Ido: The Beginning" äntwert.

[Änneren] Bicher zum Thema

  • Jespersen, Otto: An International Language, George Allen and Unwin
  • Jacob, Henry: A Planned Auxiliary Language, Dennis Dobson

[Änneren] Rezent international Ido-Treffen

Zu Toulouse wäert vum 23-27 September 2005 een internationalt Ido-Treffe sinn.

2004: Kiew, Ukraine - 17 Partizipanten aus 9 Länner (Raporto)
2003: Grossbothen, Däitschland - Partizipanten aus 6 Länner (Raporto)
2002: Kraków, Polen - 14 Partizipanten aus 6 Länner (Raporto)
2001: Nürnberg, Däitschland - 14 Partizipanten aus 5 Länner (Raporto)
1998: Białobrzegi, Polen - 15 Partizipanten aus 6 Länner
1997: Bakkum, Holland - 19 Partizipanten aus 7 Länner
1995: Elsnigk, Däitschland
1991: Ostend, Belsch - 21 Partizipanten
1980: Namur, Belsch - 35 Partizipanten
1960: Zürich, Schwäiz - ca. 50 Partizipanten

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com